Vu Völklingen bis op Bréissel… fir hir an eis Zukunft
Et war trotzt dem Wëssen, datt et sech beim „Walk
D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Stroosse vun der Rue Caroline
Concerten am Fräie sinn endlech erëm méiglech. An esou freeë sech d’Organisateuren e museksbegeeschterte Publikum beim Kiosk am Park zu Mäertert empfänken ze dierfen. Dobäi ass virgesinn, datt d’Gäscht fest Dëscher reservéiere mussen. Wien deelhëlt, gëtt bis bei seng Plaz begleet an dierf do schliisslech d’Mask ofsetzen.
Remo Cavallini – Freides, de 17. Juli 2020
Am Alter vu 14 Joer huet dem Remo Cavallini seng Karriär als Opener vu lokale Bluesbands ugefaangen. Säit 1999 huet hien a verschidde Bands matgewierkt, an divers Artisten begleet. Am Januar 2009 gouf den talentéierte Kärel zum General Manager vun der Déifferdenger Bluesschoul ernannt. Just kuerz drop ass d’Remo Cavallini Band gegrënnt ginn, déi den éischten Album „Autentic Soul“ verëffentlecht huet.
Elementer vum Blues gi mat Rock, Jazz a Funk gemëscht. Beaflosst vum Jimi Hendrix, B.B. King oder och dem Stevie Ray Vaughan duerft d’Band ënnert anerem schonn zesumme mat ZZ Top, dem Scott Henderson oder dem Johnny Winter optrieden!
Steven Pitman – Samschdes, den 18. Juli 2020
Mat wäit iwwer 100 Shows pro Joer ass de Steven Pitman ee vun de bekanntsten a gefrotesten Elvis Tribute Kënschtler an Europa. Hie selwer seet: „Meng Show ass ee wierklech glafhaften Hommage un den Elvis Presley an ech leeën dobäi den allergréisste Wäert drop, déi eenzegaarteg Stëmm vum Elvis esou authentesch wéi méiglech eriwwer ze bréngen.“
De Steven hëlt säi Publikum mat op eng musikalesch Zäitrees duerch d’Karriär vum King of Rock’n’Roll. Esou kommen déi wëll 50er a 60er Joer direkt op Lëtzebuerg!
AUSVERKAAFT: Serge Tonnar – Sonndes, den 19. Juli 2020
Als Ofschloss vun der Concertsrei gëtt de Serge Tonnar mat senger Band dem Publikum e Concert aus sengem breet opgestallte Repertoire zum Beschten.. No der Quarantaine ass de Lëtzebuerger Museker bänzeg d’Bühne vum Land mat Liewen ze fëllen a mat senge kritesch-lëschtege Lidder ze begeeschteren.
Zesummegesat ass de Grupp dëse Summer aus de Gaaschtmuseker Eric Falchero (Piano), Ben Claus (Akkordeon), Marc Demuth (Bassgei) an Dirk Kellen (Perkussioun).
Weider Informatioune, sou wéi d’Tickete kritt Dir ënnert www.ticket-regional.lu. Fir lokal Caféen a Restauranten ze ënnerstëtzen iwwerhuele si de Catering op der Plaz, sou datt Dir ganz gemälleg zu Mäertert d’Musek mat engem gudde Maufel genéissen kënnt. Empfaange gëtt de Publikum ab 18:00 Auer, d’Concerte fänken um 20:00 Auer un.
Opmaacherbild © Israel Palacio / Unsplash