Libyen: Krichsgebitt Tripolis
Nodeems de Generol Chalifa Haftar Ufank Abrëll seng „Arméi“ géint
Nodeems de Generol Chalifa Haftar Ufank Abrëll seng „Arméi“ géint
Lescht Woch huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, de Romain Schneider d’Delegatioun vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ), mat hirem President Marc Roeder getraff.
D’Membere vun der Associatioun hunn bei dësem Treffen hir Projeten, déi si op der Plattform „Fro de Bauer“ eropgelueden hunn, dem Minister presentéiert. Dës Projete bezéien sech op d’Educatioun an d’Sensibilisatioun ronderëm d’Landwirtschaft. Donieft hu si hei och hir Propositiounen eragereecht fir jonk Baueren ze ënnerstëtzen.
De Minister Romain Schneider huet hei d’Wichtegkeet vun de jonke Baueren, déi d’Zukunft vun der Landwirtschaft vu muer sinn, ënnerstrach a widderhuelt, datt de Programm vun der Regierung op alle Fall virgesäit der neier Generatioun ënnert d’Ärem ze gräifen. Bei dëser Geleeënheet huet de Minister nach emol d’Bedeitung vun der proaktiver Sensibilisatioun vu regionale Produiten opgegraff an d’Evenement „Bauerenhaff an der Stad“ de 6. a 7. Abrëll an der Stad Lëtzebuerg confirméiert.
An de kommende Jore wëllen alleguerten d’Partien a konstruktiver a produktiver Aart a Weis zesumme schaffen.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) 1. Rei: Ben Schmitgen (L.L.J.), Marc Roeder (President L.L.J.), Romain Schneider (Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung), Camilya Berriri (L.L.J.), Jerôme Reuter (L.L.J.). 2. Rei: Pierre Treinen (Direktr vum Service de l’Economie Rurale, MA), André Loos (Éischte Conseiller MA), Franky Peller (L.L.J.), Ben Schmitgen (L.L.J.), Jos Fischbach (L.L.J.), Marc Weyland (Direktr vun ASTA), Felix Wildschutz (Direkter vun der Administration des Services Vétérinaires, MA), Françoise Bonert (MA), Georges Fohl (Direkter vum Office National de Remembrement, MA). © MA