Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Jo och zu Lëtzebuerg gëtt et Raten
Neiegkeeten

Editorial: Jo och zu Lëtzebuerg gëtt et Raten

Et ass nawell ëmmer nees erstaunlech iwwert wat ee sech

Budget 2020: Nom Rapporter hat d‘Oppositioun d‘Wuert
Neiegkeeten

Budget 2020: Nom Rapporter hat d‘Oppositioun d‘Wuert

Wann de Rapporter Yves Cruchten (LSAP) mat sengem Bericht zum

money
Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro
Neiegkeeten

Editorial: Boergeld oder net Boergeld; dat ass d‘Fro

Datt déi vun der Wirtschaft geleete Politik och a Krisenzäiten

LNS: Covid-19-Tester a Wunn- a Fleegeheemer

Zesummen am Kampf géint de Virus

LNS: Covid-19-Tester a Wunn- a Fleegeheemer

De Laboratoire National de Santé (LNS) start ee landeswäite Programm, fir esou bei eelere Persounen a Wunn- a Fleegeheemer d’Infektioun mam Covid-19 festzestellen. Zesumme mam Luxembourg Institute of Health (LIH) féiert den LNS systematesch Tester an den Ariichtungen duerch, fir esou ze ermëttelen, wéi wäit sech de Virus bei dëser vulnerabeler Persounegrupp scho verbreet huet. D’Aktioun leeft am Optrag vun der sanitärer Inspektioun vun der Gesondheetsdirektioun.

Ma, déi 10.000 Tester ginn net nëmme fir d’Bewunner, mee och fir d’Fleegepersonal genotzt. Heivir ass een effiziente Prozess ausgeschafft ginn, bei deem déi komplett Expertise vun de Partner verbonne konnt ginn. Esou erkläert den Dr. Françoise Berthet, stellvertriedenden Direkter vun der Gesondheetsdirektioun, datt een Ofstréch am Nues-Hals-Raum gemaach gëtt.

„Zil vun der Aktioun ass et, Informatiounen iwwert asymptomatesch Formen, bezéiungsweis d’Verbreedung vun der Krankheet ze ermëttelen, déi dann an d’Preventiouns- a Kontrollstrategie zu de Covid-19-Erkrankungen an dësen Ariichtungen mat afléisse kënnen“, sou den Dr Berthet. Donieft géif een op dësem Wee och Daten erhalen, déi fir Entscheedungen am Hibléck op e schrëttweis a virsiichtege Relachement vun den alldeegleche Beschränkungen hëllefräich kéinte sinn.

De Programm soll dës Woch ufänken a wäert sech iwwert e puer Wochen zéien, sou datt an allen Ariichtungen déi eeler Bewunner an d’Personal getest ka ginn.

LNS

© LNS

T’gëtt all Sekonn geschafft

D’Tester, déi an de Wunn- a Fleegeheemer duerchgefouert ginn, kritt den LNS zu Diddeleng. Hei gi si an engem spezialiséierte Labo ausgewäert. D’Resultater ginn uschléissend dem Patient, sou wéi der Direktioun vun der Ariichtung iwwermëttelt.

„Am Kampf géint de Covid-19 spillt de Faktor Zäit eng essentiell Roll, grad bei eelere Mënschen, déi immens staark dem Risiko vun enger schwéierer Erkrankung ausgesat sinn“, sou den Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum LNS. Dofir géif een net nëmmen zu de gewinnten Zäite, mee all méiglech Sekonn schaffen, fir esou, zesumme mat der sanitärer Inspektioun an dem LIH, eelere Mënschen bei der fréier Diagnos ze hëllefen.

Et geet awer net nëmmen ëm Schnellegkeet, mee och ëm Qualitéit. A genee dofir ass den Test, dee vum LNS etabléiert a validéiert ginn ass, elo nach emol op seng Konformitéit an Zouverlässegkeet gepréift ginn. Schliisslech wëll ee sécher goen, datt d’Tester, déi benotzt ginn, och wierklech funktionéieren.

D’Ekipp vum LNS gëllt als professionell Ekipp un der Säit vum Mënsch a senger Gesondheet. Zënter Enn Mäerz huet den nationale Labo säi Personal inoffiziell a Covid-19-Fighters ëmbenannt. Mat engem Logo gouf dësen Numm dunn ofgerënnt. Esou ënnersträicht den Friedirch Mühlschlegel, datt een trotz Home-Office an anere Moossnamen als Gesondheetsprofis a Mënschen, an der Ekipp mat der gewinnter Professionalitéit weider schaffe konnt.

LNS

© LNS

Zum LNS

Den LNS ass eng staatlech Institutioun, déi duerch d’Gesetz vum 7. August 2012 geschaaft ginn ass an ënnert der Schiermherrschaft vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère steet. Heibäi handelt et sech ëm een interdisziplinären Institut, deen nieft der Verwaltung véier wëssenschaftlech Departementer, an de Beräicher medezinesch Biologie, Mikrobiologie, Rechtsmedezin a Gesondheetsschutz opziele kann. Dobäi kënnt och den National Center of Pathology an den National Center of Genetics.

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid-19, Gesondheet, Gesondheetsdirektioun, Laboratoire national de Santé, LIH, LNS, Luxembourg Institute of Health, Preventioun, Tester
Nächsten Artikel Virrechten Artikel