Search

You may also like

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?
Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?

Um haidege Sonndeg wielt Éisträich an de Sebastian Kurz läit

Teletravail an Digitaliséierung: Wat hält de Gemengesecteur dovun?
Neiegkeeten

Teletravail an Digitaliséierung: Wat hält de Gemengesecteur dovun?

Mam Ufank vun der Coronakris ass de Gemengesecteur virun eng

Michael Cohen: Den Affekot vum Däiwel?
Neiegkeeten

Michael Cohen: Den Affekot vum Däiwel?

Wann een awer net emol méi sengem Affekot vertraue kann…

De Staatslabo (LNS) ënnerstëtzt Test-Teamer bei hirem Asaz an de Schoulen

De Staatslabo (LNS) ënnerstëtzt Test-Teamer bei hirem Asaz an de Schoulen

De Staatslabo setzt seng zentral Roll am Kampf géint de COVID-19 och weiderhi schnell a konkret ëm. Esou ënnerstëtzt en déi mobil Test-Teamen, déi säit dëser Woch am Optrag vum Educatiounsministère an der Gesondheetsdirektioun COVID-19-Tests an de Lëtzebuerger Schoulen ausféieren.

All mobilt Test-Team besteet aus enger medezinescher Fachkraaft an engem administrative Mataarbechter. Si fuere landeswäit a Schoulen an huelen Ofstrécher a Klassen, an deene COVID-19-Fäll virleien. Dobäi kann tëscht engem Mond- oder Nuesofstréch gewielt ginn, woubäi a jiddem Fall d’Averständnis vun den Eltere Grondviraussetzung ass.

Villsäiteg Ënnerstëtzung vun Ufank un

De Staatslabo ënnerstëtzt d’Test-Teamer mat senger Expertise, souwéi den Erfarungen, déi en an de leschte Méint am Kampf géint de Coronavirus gemaach huet.

D’Aufgabe si villsäiteg

Den LNS-Direkter Prof. Dr. Friedrich Mühlschleg erkläert: “Mir ware vun Ufank vun en Deel vum Projet. Als Referenz-Trainingszenter hunn mir d’Deelhueler vum mobillen Team geschoult, woubäi och jiddereen säin eegent Certificat kritt. Ausserdeem stelle mir Test-Kits a perséinlech Schutzausrëschtunge mat Masken zur Verfügung. Mir wäerten d’Teamer wärend den éischten Test-Deeg begleeden. An natierlech si mir fir d’Auswäertung vun den Tester zoustänneg.”

An der deeglecher Praxis erhalen d’Test-Teamer, déi fir de Bildungsministere ënnerwee sinn, all Moie vum Staatslabo hier Material-Kits fir den Dag. Nomëttes ginn d’Ofstrécher am Labo ausgeliwwert a vun den Virologen ausgewäert. D’Resultater gi banne vu 24 Stonnen un d’Elteren iwwermëttelt, woubäi sech de LNS-Dokter perséinlech bei den Eltere mellt, sollt den Test positiv sinn. Och d‘Gesondheetsdirektioun gëtt vun him informéiert.

Nieft de Virologen an Doktere si beim Staatslabo och Logistik- an IT-Experten, souwéi d’„Réception Centralisée“ mat an de Prozess agebonnen. Falls néideg, kann de Staatslabo dem Ministère nach zousätzlecht Personal fir déi mobil Teamer zur Verfügung stellen.

Drive-in Tester zu Diddeleng

De Friedrich Mühlschlegel gesäit an de mobillen Tester an de Schoule vum Land e wichtege Beitrag vun allen Bedeelegten am Kampf géint de COVID-19.

“Mir sinn an den nächste Woche fir e puer honnert zousätzlech Tester an de Schoule vum Land preparéiert. Hei kënne mir eis op d’Kompetenz an Effizienz vun onse Mataarbechter verloossen. A Lëtzebuerg besteet eng vertrauensvoll Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Partenairen, déi d’Land am Kampf géint de Virus staark maachen.”

An dësem Kampf huet de Staatslabo an de vergaangene Woche konkret Akzenter gesat.

De Friedrich Mühlschlegel ënnersträicht: “Säit Ufank November bidde mir Patiente mat Rezept um Terrain vum LNS zu Diddeleng Drive-in-Tester un. Mir enthuele bis zu 200 Ofstrécher pro Dag. Scho virdrun hunn mir, ënnert anerem un Kierchbierg Testméiglechkeeten agereecht, fir esou d’Land a Leit séier an onkomplizéiert ze ënnerstëtzen.”

Nationale Gesondheetslaboratoire

De Staatslabo (LNS) ass en ëffentleche Gesondheetsacteur, deem seng international Expertise e wesentleche Pilier vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg an den Nopeschregiounen ausmécht.

Zënter 1980 funktionéiert en ënner dësem Numm a senger aktueller Form, wat duerch d’Gesetz vum 7. August 2012 erstallt gouf. Ënnert der Schutz vum lëtzebuergesche Gesondheetsministère ass de LNS elo en interdisziplinäert Institut dat mat sengem komplementaren Team vu méi ewéi 300 Mataarbechter relevant a wichteg Aarbecht am Déngscht vun der Gesondheet vum Land a senge Leit bitt. De Sëtz zu Diddeleng, deen 2013 ageweit gouf, huet véier wëssenschaftlech Departementer an de Beräicher Biomedezin, Mikrobiologie, Geriichtsmedezin a Gesondheetsschutz, souwéi den Nationalen Zentrum fir Pathologie an den Nationalen Zentrum fir Genetik. Nieft der Professionalitéit vun all eenzele Mataarbechter an der geziilter Benotzung vu modernsten Technologien, baséiert d’Entwécklungsstrategie vum LNS op Fuerschungspartnerschaften a Kooperatioune mat verschiddenen Acteuren, souwuel a Lëtzebuerg wéi och op europäeschem Niveau.

Matgedeelt vum LNS, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Illustratioun. © United Nations / unsplash

Related topics Covid19-Test, Educatiounsministère, Gesondheetsdirektioun, LNS, Nationale Gesondheetslaboratoire, Schoul
Next post Previous post