Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank
Neiegkeeten

Texas: Ouni Solidaritéit keen Neiufank

Op de Verkéierskniet déi d’Häerz vun Houston ëmschléngen ass nees

BisScène – Wann d’Sonn um Owend opgeet!
Neiegkeeten

BisScène – Wann d’Sonn um Owend opgeet!

An dësem Joer huet sech d’Biissener Kulturkommissioun mam BisScène een

Fuerschung: De LNS hëlt un internationaler Studie deel

Fuerschung: De LNS hëlt un internationaler Studie deel

D’Resultater bestätegen d’Zouverlässegkeet bioinformatescher Methoden op Basis vu WGS. Den nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) huet erëm als Co-Auteur zu enger Studie fir eng international Studie bäigedroen.

D’Studie, déi elo am renomméierte Journal of Antimicrobial Chemotherapy verëffentlecht gouf, huet Antibiotik-Empfindlechkeetstests zum Thema. A besonnesch d’Entwécklung vun engem bioinformateschen Online-Instrument zu der Feststellung vun Antibiotik-Resistenz duerch e Bakterienstamm op der Grondlag vun de vollstännege Sequenzdate vu sengem Genom (Whole Genome Sequencing – WGS).

Un der Studie ware Laboratoiren, Universitéiten an aner Fuerschungsacteuren aus europäesche Länner an den USA bedeelegt.

Beim LNS waren Dr. Catherine Ragimbeau an den Dr. Joël Mossong vum Service Epidemiologie a mikrobieller Genomik fir de Projet verantwortlech. D’Mikrobiologen hunn dobäi mam Laboratoire de Médecine Vétérinaire de l’Etat (LMVE) aus Diddeleng zesummegeschafft.

95- prozenteg Iwwerteneestëmmung mat konventionelle Labortester

De Sënn vun dëser Zesummenaarbecht war et, d’Zouverlässegkeet vu WGS am Verglach zu traditionelle Labormethoden nozeweisen, erkläert d’Catherine Ragimbeau.

„Mat WGS kënne mir op einfach Manéier, nämlech duerch Computeriséierung vun de genomeschen Date vum Stamm, Antibiotik-Empfindlechkeetstests (Antibiotic susceptibility testing – AST) erhalen. De Programm kann net nëmmen d’Genen identifizéieren, déi eng Resistenz géint Antibiotik entwéckelen, mä och genetesch Mutatiounen, déi dës Resistenz iwwerdroen.

Zur Zäit baséieren In-Vitro-Tests op der Ënnersichung vum Stamm, deen a Géigewaart vun den ze testenden antimikrobielle Moleküller kultivéiert gëtt. Allerdéngs huet dës konzeptuell Methoden hier Grenzen, déi d’Reproduzéierbarkeet vun de Resultater behënneren. Och féieren onvollstänneg Ofmaachungen tëscht de verschiddene Organisatiounen opgrond den ze testend antimikrobielle Mëttel an den Interpretatiounskritären zu Aschränkunge bei phänotypeschen AST’s.”

Fir ee representatiivt Resultat ze erhalen, gouf elo e grousse Panel u Stämm mat WGS validéiert – an nawell mat signifikativer Wierkung, ewéi Catherine Ragimbeau seet: “Iwwerteneestëmmung tëscht de Resultater an deene vu Labortester läit bei 95%. Och sinn déi wéineg beobacht Ënnerscheeder haaptsächlech op e Problem vun der Sequenzqualitéit zeréckzeféieren. Ënnert dem Stréch si WGS-baséiert antimikrobiell Sensitivitéitstester deemno an de meeschte Fäll genee esou zouverlässeg ewéi konventionell Methoden.”

Verschidde Fuerschungskapazitéiten, mat Sëtz zu Lëtzebuerg

Dës Studie zu WGS ass ewell déi zweet mat LNS-Bedeelegung, déi a kuerzer Zäit an enger internationaler Zäitschrëft verëffentlecht gouf, erzielt de Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum LNS.

“Och am August gouf an Eurosurveillance, enger Fachzäitschrëft fir Infektiounskrankheeten, eng Studie zu der geographeschen an zäitleche Verbreedung vun de SARS-CoV-2-Kladen an Europa verëffentlecht. Dëse verdäitlecht och eise Bäitrag am Kampf géint de wichtegste medezinesche Problem vum Joer 2020, COVID-19. Mat der Bedeelegung un der Studie zu der Antibiotik-Empfindlechkeet demonstréiere mir eis Expertise a Bezuch op laangfristeg Froen. A béid ënnersträichen d’Roll vum LNS a féierenden Uspriechpartner zu Lëtzebuerg fir dës international Projeten.

Hei kënnt Dir den Artikel noliesen:

https://academic.oup.com/jac/advance-article/doi/10.1093/jac/dkaa345/5890997

Den Nationale Gesondheetslaboratoire

De Staatslabo (LNS) ass en ëffentleche Gesondheetsacteur, deem seng international Expertise e wesentleche Pilier vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg an den Nopeschregiounen ausmécht.

Zënter 1980 funktionéiert en ënner dësem Numm a senger aktueller Form, wat duerch d’Gesetz vum 7. August 2012 erstallt gouf. Ënnert der Schutz vum lëtzebuergesche Gesondheetsministère ass de LNS elo en interdisziplinäert Institut dat mat sengem komplementaren Team vu méi ewéi 300 Mataarbechter relevant a wichteg Aarbecht am Déngscht vun der Gesondheet vum Land a senge Leit bitt. De Sëtz zu Diddeleng, deen 2013 ageweit gouf, huet véier wëssenschaftlech Departementer an de Beräicher Biomedezin, Mikrobiologie, Geriichtsmedezin a Gesondheetsschutz, souwéi den Nationalen Zentrum fir Pathologie an den Nationalen Zentrum fir Genetik. Nieft der Professionalitéit vun all eenzele Mataarbechter an der geziilter Benotzung vu modernsten Technologien, baséiert d’Entwécklungsstrategie vum LNS op Fuerschungspartnerschaften a Kooperatioune mat verschiddenen Acteuren, souwuel a Lëtzebuerg wéi och op europäeschem Niveau.

Matgedeelt vum LNS, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Illustratioun: © CDC / unsplash

Ähnlech Sujeten Fuerschung, International Studie, LNS, Nationale Gesondheetslabortoire
Nächsten Artikel Virrechten Artikel