Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sea-Watch 4: Den Hafen vu Palermo gëtt ugesteiert
International Neiegkeeten

Sea-Watch 4: Den Hafen vu Palermo gëtt ugesteiert

Nach ëmmer sëtzen iwwer 300 Mënschen op de Sea-Watch 4

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz
International Neiegkeeten

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz

Nodeems sech an den éischte 6 Méint vun dësem Joer

Kleng Figure.. mee Spillspaass fir jonk an al
International Neiegkeeten

Kleng Figure.. mee Spillspaass fir jonk an al

Et ass dann och schonn de 14. internationale Rendez-vous vun

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)

Lock-Down: D’Ëmwelt otemt op (Billerserie)

Scho Mëtt Mäerz hat d’European Space Agency (ESA) matgedeelt, datt d’Loftverschmotzung iwwert Europa däitlech ofgeholl huet. Zënter dem Ausbroch vum neiaartege Coronavirus ass de Mënsch u streng Reegele gebonnen, wat sech duerch ee reegelrechte Stëllstand vum Normaliewen äussert. Ma, esou huet eis Äerd awer och emol Zäit fir opzeootmen an sech ze regeneréieren.

Den Himmel ass blo, d’Loft richt esou frësch wéi scho laang net méi, t’ass manner Kaméidi – ass et Iech och schonn opgefall? Grad elo gesäit een nees, datt d’Medaile zwou Säiten huet. A ville Stied kréien d’Awunner endlech emol eng wäit Vue offréiert, wouduerch mir einfach mussen zouginn: „Eise Planéit ass wonnerschéin!“

Passend zum Earth Day, also dem Dag vun der Äerd, wëlle mir Iech dofir folgend Biller vu virun a wärend dem Lock-Down net virenthalen. Lass geet et!

De Yamuna Floss zu Nei Delhi (Indien): Lénks um 21. Mäerz 2018 – riets um 8. Abrëll 2020, Aussiicht no 21 Deeg am Lock-Down.

Lock-Down

© INSIDER

D’India Gate zu Nei Delhi (Indien): Lénks um 17. Oktober 2019 – riets um 8.Abrëll 2020, Aussiicht no 21 Deeg am Lock-Down.

Lock-Down

© INSIDER

Nei Delhi (Indien): Lénks um 8. November 2018 – riets um 8. Abrëll 2020. Laut CNN sinn an Indien 1,3 Milliarde agespaart, wouduerch d’Land de gréisste Lock-Down weltwäit opweise kann.

Lock-Down

© INSIDER

Venedeg (Italien): Lénks um 6. Januar 2018 – riets um 17. Abrëll 2020. Duerch de gerénge Schëffsverkéier soll ee mëttlerweil souguer bis op de Fong vum Waasser kënne gesinn.

Lock-Down

© INSIDER

Mailand (Italien): Lénks um 8. Januar 2020 – riets um 17. Abrëll 2020. Laut The Guardian gëtt geplangt, fir no der Pandemie fir eng Reduzéierung vum Trafic ze suergen an esou d’Loftverschmotzung ze verréngeren.

Lock-Down

© INSIDER

Jakarta (Indonesien): Lénks um 4. Juli 2019 – riets um 16. Abrëll 2020.

Lock-Down

© INSIDER

Vue vum Aussiichtspunkt Daman-e-Koh (Pakistan): Lénks um 3. August 2017 – riets um 20. Abrëll 2020.

Lock-Down

© INSIDER

Los Angeles (USA): Lénks de gewinnte Smog – riets um 14. Abrëll 2020. Mëttlerweil gesäit ee souguer d’San Gabriel Mountains.

Lock-Down

© INSIDER

An zum Schluss nach dat eleiten, och wann et keng virdrun/duerno Biller sinn, weise si déi aktuell Situatioun.
Himalaya Bierger an Asien: No iwwer 30. Joer ass d’Loftqualitéit an der Géigend esou gutt, datt een den Himalaya aus enger Distanz vu 150 bis 200 km ka gesinn. Dat weise béid Biller.

Lock-Down

Opmaacherbild: © Lizaveta Kazanovska / Unsplash

Ähnlech Sujeten Äerd, Covid-19, Earth Day, Ëmwelt, ESA, European Space Agency, Himalaya, Indien, Italien, Lock-Down, Loftqualitéit, Loftverschmotzung, Los Angeles, Mailand, Natur, Nei Delhi, Pandemie, Venedeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel