Search

You may also like

Taina Bofferding: „Zesumme si mir méi staark wéi d’Gewalt“
International Neiegkeeten

Taina Bofferding: „Zesumme si mir méi staark wéi d’Gewalt“

Am Kader vun der sougenannter Orange Week an dem haitegen

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
International Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

Fondation Cancer: D’Fuerschung vu Broschtkriibs ënnerstëtzen
International Neiegkeeten

Fondation Cancer: D’Fuerschung vu Broschtkriibs ënnerstëtzen

Mat engem Scheck an Héicht vun 1.026.000 € ënnerstëtzt d’Fondation

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no

Bund a Länner hu sech beim Krisegespréich e Mëttwoch op een neie Lockdown verstännegt kritt, zu Paräis trëtt dëse schonn e Freideg a Kraaft

Däitschland späert sech nees an – Frankräich zitt no

Mat der Reprise – oder sollt ee besser vun enger zweeter Well schwätzen? – vun den Infektioune mam Covid19, kommen och nees zolidd Erausfuerderungen op Politik, Wirtschaft an net zu Lescht d‘Bierger zou. Däitschland a Frankräich hu sech um Mëttwoch zu drastesche Beschränkungen an aner Grondrechtbeschneidungen duerchgerongen. Zil: d‘Mënsche virum Coronavirus schützen.

Wat eis däitsch Nopere betrëfft, esou kommen déi gëschter a Concertatioun getraffen Decisiounen, deene vum Fréijoer zimmlech no. D‘Mesure sollen déi aner Säit der Musel ab dem 2. November a Kraaft trieden, fir dann emol bis Enn vum Mount gülteg ze sinn. D‘Bundeskanzlerin huet dat Ganzt domadder begrënnt, datt ee séier nees Normalitéit wëll, méiglechst schonn am Dezember.

Dat ass wuel méi Wonsch wéi eng wëssenschaftlech gestëtzten Ausso, woubäi d‘Angela Merkel elo och keng Onroue wëll provozéieren, wéi ee se den Ament an Italien gesäit. Wat soll dann elo bei eisen däitschen Noperen ab dem 2. November gëllen?

  • Kontakt – An der Ëffentlechkeet dierfen sech nëmmen nach Membere vun zwee Menagen treffen, an dann och nëmme maximal 10 Persounen;
  • Horesca – Bistroen, Restauranten, Club, Diskothéiken, asw. mussen hir Dieren zouspären, Iessen dierf awer weiderhin ausgeliwwert ginn. Kantinnen dierfen hir Aktivitéiten ënner strengen Oplage weiderféieren;
  • FräizäitQuasi all Fräizäitaktivitéite musse rouen. Theater, Oper, Konzerthaiser, Kino, Spillhalen, Casino, Foiren a Fräizäitpark… alles bleift zou;
  • Sport – Fitnessstudioen, Badeanstalten, asw. ginn zougemaach. Den Amateursport am Veräi gëtt ausgesat, eenzeg individuell Sportaktivitéite wéi beispillsweis Joggen, bleift erlaabt. Fir d‘Profisportler kann et wuel weidergoen, mee nëmmen ouni Publikum;
  • Tourismus – Vu private Reesen oder Dagesausflich esou wéi och de Besuch vu Verwannten, gëtt (och am Inland) ofgeroden. Hoteller a Pensiounen dierfe keng „Touriste“ méi ophuelen, Leit déi „geschäftlech“ ënnerwee sinn awer schonn;
  • Aarbecht – All Entreprise an där Télétravail méiglech ass, gëtt ugehalen d‘hir Salariéeën an den Homeoffice ze schécken. Verflichtend ass dat awer net;
  • Déngschtleeschtungen – Massage, Kosmetik an/oder Tattoo? Geet den Ament, well hei déi gewënschten Distanz net anzehalen ass. Generell sollt alles wou de Mindestofstand net anzehalen ass, d‘Aarbecht astellen. Ausgeholl gi „Behandlungen“ aus medezinesche Grënn, mee och d‘Coiffeuren dierfe weiderschaffen;
  • Eenzelhandel – D‘Geschäfter sollen ophalen dierfen, woubäi d‘Zuel vun de Clienten op 1 Persoun pro 10 Quadratmeter festgeluecht ginn ass. Och Industriebetriber an d‘Handwierk dierfe weider schaffen a Clienten empfänken;
  • Grousshandel – Supermarchéë mussen och d‘Zuel vun de gläichzäiteg uwiesende Clienten an hire Geschäfter reduzéieren;
  • Bildung – Universitéiten an Héichschoule mussen d‘Kadenz an d‘Frequentatioun op ee Minimum begrenzen, wärend de Secondaire, d‘Grond a Spillschoulen am Normalbetrib funktionéieren;
  • Risikogruppen – Besich a Spideeler, Alters- a Fleegeheemer wéi och Ariichtunge fir Mënsche mat spezifesche Besoine gi strengen Oplagen ënnerworf. Zudeem sollen hei ganz verstäerkt sougenannt Schnelltester duerchgefouert ginn.

Och d‘Grande Nation zitt de Stecker

Net nëmmen d‘Angela Merkel huet sech zu stramme Moossname misse bekennen, nee och hiren däitschen Homolog, de President Emmanuel Macron war gëschter Owend genéidegt seng e Bierger ze erklären, datt een nees enger oniwwersiichtlecher Situatioun géinteniwwer steet, an de Versuch d‘Lag mat enger Spärstonn ënner Kontroll ze kréien, leider kläglech gescheitert ass.

Onverständlech allerdéngs d‘Ausso: „Mir sinn alleguerten an Europa iwwerrascht wéi et evoluéiert huet (…) Mir stinn nees um Ufank, a gi grad vun enger zweeter Well iwwerrannt. Déi riskéiert méi haart a méi déidlech wéi déi éischt ze ginn (…) mir ginn dovunner aus, datt bis Mëtt November eng 9.000 Mënschen op den Intensivstatioune musse behandelt ginn“, esou den Emmanuel Macron.

Iwwerraschend kënnt déi zweet Well, mee et stëmmt datt Erwaardungen enttäuscht goufen. Bei enger Kapazitéit vun den Ament 7.900 Intensivbetter, dierft et och komplizéiert ginn, 9.000 Leit intensiv ze behandelen, Wou déi zousätzlech Kapazitéite sollen hierkommen, huet de Staatschef gëschter Owend net erkläert. Dofir huet den Emmanuel Macron de Lockdown gëschter bestätegt.

Hei ginn déi schonn am Fréijoer agesate Beschränkungen nei opgeluecht. Et dierf een ab ee Freideg nach just d‘Haus verloosse fir: Schaffen, Akafen oder bei den Dokter ze goen. Et dierf een och a Proximitéit vum Wunnuert eppes frësch Loft schappen, allerdéngs nëmme mat Mask. Anescht ausgedréckt: de Fransous brauch elo nees en Attest fir d‘Haus iwwerhaapt verloossen ze dierfen.

Et geet net ëmmer ëm „Sënnvoll“

Esou wéi och an Däitschland, soll de Schoulbetrib oprecht gehale ginn. Eenzeg d‘Universitéiten an d‘Héichschoule musse fir Online-Klasse suergen. Iwwerall wou et méiglech ass, MUSS op den Télétravail zougegraff ginn. D‘Industrie, Landwirtschaft an ëffentlech Verwaltunge sinn éischter net betraff, d‘Wirtschaft dierf jo net méi ugehale ginn, zumindest net méi am bekannten Ausmooss.

De Besuch vu Verwannten an den Alters- a Fleegeheemer bleift méiglech, mee d‘Oplage ginn hei zolidd verschäerft. Et ass ab Freideg Mëtternuecht och nees verbueden sech vun enger Regioun an eng aner ze deplacéieren. Et gëtt leedeglech toleréiert aus der Vakanz heem ze kommen. Wien aus dem Ausland areest, muss sech zwéngend engem Schnelltest ënnerwerfen. Ausname gëtt et keng!

Wirtschaft: alles wat net als „essentiell“ bewäert gëtt, muss seng Dieren zoumaachen. Dat sinn nieft de Betriber aus dem Horesca-Secteur all déi Geschäfter déi net „Liewenswichteg“ sinn. Wien esou muss zoumaache soll vum Staat finanziell gestäipt ginn. Och d‘Kuerzaarbecht an de partielle Chômage ginn nees agefouert. Et soll elo och ee Plang fir d‘Independanten an d‘Kënschtler ginn.

Gewollt ass och de generaliséierten Asaz vu Schnelltester. Däi wieren der 15 Millioune bestallt, esou den Emmanuel Macron, dee leider a Mathe net gutt opgepasst huet. Fir effizient ze sinn, esou den Avis vun allen Experten, bréicht et mindestens 50 Millioune Schnelltester, an esouguer dann, misst et nach eng Selektioun ginn, bezunn op wien dann en Usproch op esou een test huet.

Och zu Lëtzebuerg ginn d‘Zigel ugezunn. Eigentlech sollt et scho gëschter an der Chamber zur Ofstëmmung zum neie Covid19-Gesetz komm sinn, mee esou wéi moien.lu et schonn ugekënnegt hat, war dat zäitlech onrealistesch. De Staatsrot huet säin Avis um Mëttwochmuere virgeluecht, wat den Deputéierte keng Zäit gelooss huet sech mam Text ze familiariséieren… Et ass also fir haut.

mat indymedia/ber/par

Illustratioun: Op et elo dank engem Schnelltest besser gëtt, oder et vläicht besser wier d‘Mënsche géifen sech dem Eescht vun der Situatioun net nëmme bewosst, mee wieren elo endlech emol bereet sech aktiv um Kampf géint de Covid19 ze bedeelegen, dat soll jidderee fir sech entscheeden. © Medakit Ltd / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Däitschland, Frankräich, Lockdown
Next post Previous post