Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang
Neiegkeeten

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang

An alle Länner halen d‘Staats- a Regierungscheffen zu Neijoerschdag eng

Europäesch Mobilitéitswoch: Gratis ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Europäesch Mobilitéitswoch: Gratis ëffentlechen Transport

Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2019 kënnen d’Notzer vum

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?
Neiegkeeten

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?

En neien Tomb Raider Film kënnt d’nächst Joer an de

Lodyss huet näischt mat Nestlé Waters ze dinn!

Desinformatioun entsteet och duerch falsch Iwwersetzungen a Mëssinterpretatioun, a mir sinn der Brasserie Nationale eng Entschëllegung schëlleg

Lodyss huet näischt mat Nestlé Waters ze dinn!

Entgéint der Behaaptung am Artikel vum 8. Juli (Carte Blanche vum Laure Schlesser) huet déi zu Käerjeng usässeg Brasserie Nationale keng kommerziell Liene mat Nestlé Waters Benelux, a mir bedaueren zudéifst, datt dat falsch duergestallt ginn ass. Richteg ass, datt Nestlé zu Lëtzebuerg den Ofsaz nees wëll verbesseren, mee Lodyss ass fest a Lëtzebuerger Hand an dat bleift och esou.

Datt mir eis fir ee fairen Handel, Nohaltegkeet a fir d‘Ëmwelt asetzen, dierft deene meeschten ënnert eise Lieser net friem sinn, firwat et besonnesch schlëmm ass, datt mir hei der Brasserie Nationale – déi jo och alles dru setzt hir Wueren nohalteg a ëmwelt- wéi ressourceschounend hierzestellen – onberechtegt eng Falsch Zensur ausgestallt hunn. Dofir di mir gutt drun, eis dem „Lodyss“ unzehuelen, an eise Lieser d‘Geheimnis hannert dëser nach jonker Mark ze verroden.

D‘Brasserie Nationale, déi nach ëmmer e Lëtzebuerger Familljebetrib ass, notzt seng eege Quell zanter Joerzéngte fir richteg gudde Béier hierzestellen. D‘Qualitéit vun dësem Waasser ass exzellent, an datt geet esou och aus enger Etüd vum Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) ervir. Null Nitrat Gehalt a kaum Natrium, besser ka Waasser eigentlech net sinn. Mee de LIST huet och erausfonnt, datt dëst Waasser aus der Äiszäit staamt. Erfreelech…

Esou wësse mir elo, datt dëst Waasser eng Joerdausenden al Odyssee am Lëtzebuerger Ënnergrond hannert sech huet. Et ass dann och dëse Parcours, deen dem Lodyss seng bal eenzegaarteg mineral Kompositioun ze verdanken huet. Dës Quell läit 317 Meter ënnert dem Buedem a gëtt vun enger onduerchdréngbarer Gesténgsschicht virun der durech Mënschenhand verursaachter Verschmotzung geschützt.

De 24. August 2018 huet de Gesondheetsministère der Brasserie Nationale den Zertifikat ausgestallt mat deem d‘Quellewaasser ganz offiziell als „Natierlecht Mineralwaasser“ (Zero Nitrate) ausgewise gëtt. An et gëtt net vill dees Waasser, dat null Nitratgehalt fir sech beusproche kann. Besonnesch de klenge Kanner, kann ee kaum eppes Besseres a méi Gesondes ubidden. Jo bei där Qualitéit muss ee sech scho bal agestoen, datt och wann eis Krunnewaasser gutt ass, ganz u Lodyss kënnt et net erun.

Elo geet et natierlech net duer eng gutt Quell, attentionéiert Mataarbechter ze hunn an och soss op alles uecht ze doen, datt esouwuel d‘Waasser wéi d‘Ëmwelt geschützt sinn. Nohaltegkeet bedeit och, datt d‘Verpackung muss den haitege Krittären entspriechen. An hei huet sech d‘Brasserie Nationale op kee Kompromëss agelooss. Lodyss gëtt et nëmmen an de gliesener Mehrweg-Fläsch, an dat als sougenannt „flaach“ Waasser oder ganz liicht spruddeleg. (25cl, 50cl am 1L)

Lodyss

Ähnlech Sujeten Brasserie Nationale, Falsch Informatioun, Lodyss, Sponsored Story, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel