Search

You may also like

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut
Neiegkeeten

Ammoniumnitrat-Explosioun zu Beirut

Laut dem offizielle Wuertlaut, kéint eng Charge vun 2.750 Tonnen

money
Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz

Gutt Nouvelle soll een net zréckhalen, an esou eng huet

Editorial: Lëtz make it happen!
Neiegkeeten

Editorial: Lëtz make it happen!

Datt den Etat de Kris wéi och deen domadder verbonnene

Besser Loft fir méi Liewensqualitéit

Consultation publique vir den nationale Loftqualtiéitsplang gëtt lancéiert

Besser Loft fir méi Liewensqualitéit

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d’Ëmweltverwaltung informéieren iwwer d’Consultation publique zum nationalen Loftqualitéitsplang. Vum 13. Januar un kënne Bierger a Gemengen de Plang consultéieren an hiren Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung ofginn.

Wéinst Iwwerschreidungen vun de Grenzwäerter vum Stéckstoffdioxid (NO2), déi virum Joer 2020 op 7 verschiddene Plazen uechter d’Land festgestallt goufen, proposéiert de Plang verschidde Mesuren, déi d’Loftqualitéit op dësen sougenannten „Hot Spots“ bis spéitstens 2024 solle verbesseren. D’Iwwerschreidungen goufen laanscht Stroossen mat staarkem Verkéiersopkommes an de Gemengen Hesper, Nidderkäerjeng, Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Stad Lëtzebuerg, Réimech an Iechternach gemooss.

Bis den 13. Mäerz 2021 huet all Bierger a Gemeng d’Méiglechkeet, de komplette Plang ze consultéieren an en Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung anzereechen iwwert déi nei elektronesch Plattform www.enquetes-publiques.lu. All d’Informatiounen iwwer d’Consultation publique fënnt een www.emwelt.lu an der Rubrik Aktualitéiten.

Matgedeelt vun der Ëmweltverwaltung

Opmaacherbild: © Matt Koffel / Unsplash

Related topics Avis, Besser Loft, Ëffentlech Consultatioun, Ëmweltverwaltung, Liewensqualitéit, Verkéier
Next post Previous post