Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Enn vun der Onantasbarkeet
International Neiegkeeten

D’Enn vun der Onantasbarkeet

Dank #Metoo ass e Steen an d’Rulle komm, dee lues

dislikesurprise
Frankräich: M6 keeft RTL
International Neiegkeeten

Frankräich: M6 keeft RTL

D’Integratioun vun de franséische Radiosender vun RTL-Grupp an de Grupp

dislike
Puerto Rico ass keen eegenen US-Staat. Dëse Video erkläert, firwat
International Neiegkeeten

Puerto Rico ass keen eegenen US-Staat. Dëse Video erkläert, firwat

Puerto Rico huet sech bis haut net vum Orkan Maria

Gaza: Nei israelesch Loftschléi géint Positioune vun der Hamas

Gaza: Nei israelesch Loftschléi géint Positioune vun der Hamas

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, huet déi israelesch Loftwaff Ziler vun der radikal-islamescher Hamas an der Gazasträif ugegraff. Am Virfeld heizou, war et brutale Manifestatioune komm, bei däi e jonke Palestinenser gestuerwe, an en israeleschen Zaldot blesséiert ginn ass.

D‘Loftschléi si vu Gaza aus, mat Artillerie, Mörsergranaten a Rakéiten erwiedert ginn. Laut dem Communiqué vun der Arméi: „Kampffliger vun der israelescher Arméi hunn en Tunnel als Zil geholl, dee virgesi war, fir terroristesch Aktiounen am Süde vun der Gazasträif ze ënnerstëtzen. Hei notamment den Approvisionnement vun de militäresch genotzte Basen um Gebitt vu Gaza“.

Laut Zeien an der Gazasträif, huet d‘Loftschléi keng Affer gefuerdert. Getraff an zerstéiert goufen d‘Infrastrukture vun der radikal-islamescher Hamas, déi säit 2007 zu Gaza un der Muecht ass.

Déi israelesch Arméi erkläert weider: „D‘Schléi sinn als Äntwert op de gewalttätegen Opstand ausgefouert ginn, deen sech laanscht d‘Sécherheetsceinture bei der Grenz gezunn huet. Eng Aktioun weider zu den deeglechen Ugrëff géint Israel, wou Brand-Ballone vu Gaza aus iwwert d‘Grenz geworf ginn“.

An den Dout ass ëmmer mat derbäi

Fest steet, datt d‘Manifestatiounen op der Grenz tëscht Gaza an Israel, e Freideg besonnesch hefteg ofgelaf sinn. Laut dem palestinensesche Gesondheetsministère, si bei den Zesummestéiss mat den israeleschen Zaldoten, 220 Mënsche blesséiert ginn, 1 jonke Bouf vu 15 Joer ass verstuerwen.

Vun israelescher Säit aus gëtt bericht, datt mat Granaten, Sprengsätz, Molotowcocktailer, brennend Pneuen a Steng op d‘Zaldote geworf ginn ass. Heibäi ass een Zaldot vun der Explosioun vun enger Granat verletzt ginn.

Hamas

Aktivisten an der Gazasträif hänke Brandsätz u Loftballonen, déi dann iwwert Grenz fléie sollen. Déi zoufallsbedéngten Treffsécherheet stellt oft eng gréisse Gefor duer, wéi de geziilte Beschoss mat Granaten oder Mörser. © Mahmoud Hams/AFP

Déi israelesch Loftschléi ware vu 17 Rakéitebeschëss aus Gaza begleet ginn. Fënnef heivunner si vun der Loftofwier gestoppt ginn. Vun Zeien aus der Gazasträif, ass den Asaz vu Rakéite bestätegt ginn, an och vun engen 30 Schëss mat Kanounen a Mörser gëtt bericht.

Dat gëtt esou och vum Fawzi Barhoum, e Spriecher vun der Hamas, confirméiert an hien erkläert an engem Communiqué, datt et sech hei ëm „eng direkt Äntwert vum Widderstand handelt“. Israelesch Medien hu matgedeelt, datt dës „Äntwert“ op israeleschem Buedem kee Schued ugeriicht huet.

Dat berouegt sech net esou bal

Säit dem 30. Mäerz ass déi palestinensesch Enklav den Theater vun enger Mobiliséierung géint déi israelesch Blockade, an d‘Recht op de Retour vun de Palestinenser op dee Buedem vun deem se verdriwwe goufen, oder vun deem se hu misse flüchten, wéi de Staat Israel 1948 gegrënnt gouf.

Bis haut si bei den Ausenanersetzungen op palestinensescher Säit mindestens 140 Mënschen ëm d‘Liewe komm, op israelescher Säit ass keen Affer ze bedaueren. Mat ee Grond, firwat Israel beschëllegt gëtt, onverhältnesméisseg Gewalt unzewennen. Dat weist Israel vehement vun sech a betount, nëmmen dann ze schéisse wann et keng aner Optioun méi gëtt.

Den Optrag vun der Arméi ass zudeem liicht verständlech: „d‘Grenze vun Israel, seng Zaldoten an d‘Zivilbevëlkerung schützen“. Et ass dann och kee Geheimnis, datt déi radikal-islamesch Hamas, d‘Protester notzt, fir direkt Ugrëff géint Zaldoten ze camoufléieren oder op israeleschen Territoire anzedréngen.

Déi lescht grouss Konflikter tëscht der Hamas an Israel hat et 2008 an 2014 ginn. Bei kengem konnt d‘Hamas erreechen, datt et de Leit an der Enklav besser ergaange wier. Zanter bal véier Joer gëtt et ee Waffestëllstand, deen ëmmer nees op déi eng oder aner Manéier gebrach gëtt.

mat AFP

Foto: Op der Grenz tëscht Gaza an Israel, hale virun allem Fraen an Kanner d‘Protestplakater den israeleschen Zaldoten entgéint. D‘Zesummestéiss sinn dann och besonnesch Freides – aus reliéise Grënn – ëmmer hefteg. Säit Mäerz si mindestens 140 Palestinenser bei dësen Aktioune gestuerwen. Op israelescher Säit gëtt kee Mënscheliewe beklot. © Mahmoud Hams/AFP

Ähnlech Sujeten Gaza, Gazasträifen, Hamas, Israel, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel