Search

You may also like

Eenegung bei der Ënnerdeelung vun den Donen un d’Tornadoaffer
International Neiegkeeten

Eenegung bei der Ënnerdeelung vun den Donen un d’Tornadoaffer

Um 3. Juni ass op der Käerjenger Gemeng doriwwer bestëmmt

Pipo Peng: t’Franséischt
International Neiegkeeten

Pipo Peng: t’Franséischt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Eng weider Hongersnout am Jemen?
International Neiegkeeten

Eng weider Hongersnout am Jemen?

Am Biergerkrichsland Jemen ass „Honger“ den Alldag, an et dreet

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg op e Samschdeg (3:00 Auer eiser Zäit), concertéiert Ugrëff géint de Regimm vum Baschar al-Assad a Syrien ausgeléist. Déi ganz Operatioun soll nëmme Minutte gedauert hunn. Hei dat wat bis ewell gewosst ass.

Wéi eng Truppen a Waffe ginn agesat?

De franséischen Etat-Major huet ee puer Juegdfliger vum Typ „Rafale“ d‘Missioun uvertraut, Ziler a Syrien ze bombardéieren. Den Elysée an d‘Arméiministesch Florence Parly, hunn dozou e Video op Twitter verëffentlecht. De President Emmanuel Macron huet eng Stellungnam erausginn.

Vu London si véier Juegdfliger vum Typ „Tornado GR4“ vun der Royal Airforce, agesat ginn. D‘Fliger ware mat Rakéite vum Typ „Storm Shadow“ ausstafféiert. D‘USA hunn ënnerschiddlech Munitioun agesat, sécher awer och ballistesch Laangstreckerakéite vum Typ „Tomahawk“. Laut Fox News, sollen och Laangstreckebomber vum Typ „Rockwell B-1“ engagéiert gi sinn.

Den amerikanesche Verdeedegungsminister, Jim Mattis, huet preziséiert, datt d‘Arméi zweemol esouvill Munitioun agesat huet, wéi nach beim Ugrëff am Abrëll 2017. D‘Zil deemools war eng Militärbasis (al-Chaayrate) bei der Stad Homs. Déi syresch Loftofwier soll engagéiert gewiescht sinn, mee op der Säit vun den Amerikaner hätt et keng Verloschter ginn, esou de Pentagon.

Op wat gëtt geschoss?

D‘Fransousen hu keng kloer Informatioun zu den Ziler uginn, déi vun hire Rafale-Juegdfliger bombardéiert gi sinn. De franséische President huet awer an engem Communiqué betount, datt d‘Bombardementer sech eenzeg op d‘Kapassitéite vun der syrescher Regierung, chemesch Waffen ze produzéieren an anzesetzen, konzentréiert hunn.

Groussbritannien gëtt un e Militärkomplex – eng fréier Rakéitebasis – 24 Kilometer westlech vun Homs bombardéiert ze hunn. Hei soll de syresche Regimm seng chemesch Waffe lageren.

Laut dem Generol Joe Dunford, Chef vum amerikaneschen Etat-Major, hat d‘Koalitioun et op dräi prezis Ziler ofgesinn. Ziler déi mam syresche Programm zur Produktioun vu chemesche Waffen a Verbindung bruecht ginn. Een Zil war bei Damaskus, zwee Ziler an der Géigend vun Homs.

De syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR) deelt mat, datt bei de Loftschléi, Fuerschungszenter, verschidde Militärbasen a Raimlechkeet vun der republikanescher Garde zu Damaskus a sengen Alentoure, getraff goufen. Déi syresch Staatstëlee huet uginn, datt e Fuerschungszenter am Quartier vu Barze (Nordoste vun Damaskus) en Zil gewiescht ass.

SyrienLaut dem Pentagon, hätt d‘Allianz bei dëser Militäroperatioun gutt uecht gedoen, keng russesch Truppen ze Treffen. Zudeem géif et sech bei dëser Operatioun ëm eng sougenannten „one-shot“ Aktioun handelen.

Éischt Reaktiounen

Déi duerchgefouert Militäroperatioun ass vun der syrescher Regierung als „flagrante Verstouss géint internationaalt Recht“ veruerteelt ginn. De russeschen Ausseministère: „Syrien, e Land dat iwwer Joren enger terroristescher Aggressioun widderstanen huet, ass elo vun enger westlecher Militäroperatioun getraff ginn. Dobäi hat et eng Chance op eng friddlech Zukunft ginn“.

A Kanada huet de Premierminister Justin Trudeau, d‘Interventioun begréisst. Och zu Bréissel bei der NATO ënnerstëtzt een déi militäresch Operatioun vun der Allianz. De Generalsekretär Jens Stoltenberg erkläert an engem e Samschdegmuere verëffentlechte Communiqué:

„Ech ënnerstëtzen d‘Aktiounen déi vun den USA, Groussbritannien a Frankräich, géint d‘Installatiounen an d‘Kapassitéite vum chemesch Waffen-Arsenal vum syresche Regimm engagéiert goufen. Se wäerten d‘Kapassitéite vum Regimm, weider Ugrëff mat chemesche Waffe géint dat syrescht Vollek ze féieren, reduzéieren“.

Se hate keng aner Optioun

Den Donald Trump, d‘Theresa May an den Emmanuel Macron sinn sech sécher, datt de syresche Regimm de 4. Abrëll chemesch Waffe géint d‘Zivilbevëlkerung agesat huet. Et soll heizou och Beweiser ginn, behaapte Washington a Paräis.

Fir den US-President, ass et bei dëser Operatioun drëms gaangen, eng staark ofschreckend Moossnam géint d‘Verbreedung an den Asaz vu chemesche Waffen ze ergräifen. Den Donald Trump fuerdert esouguer vu Moskau, d‘Ënnerstëtzung vun Damaskus opzeginn, a gläichzäiteg de Russe virgeworf, hiert Versprieche vun 2013 gebrach ze hunn.

„Mir kënnen d‘Banaliséierung vum Asaz vu chemesche Waffen net toleréieren, déi eng direkt Gefor fir déi syresch Populatioun an eis kollektiv Sécherheet duerstellt“, betount den Emmanuel Macron. D‘Theresa May, britesch Premierministesch, geet net op „Beweiser“ an, huet awer ënnerstrach, datt „et keng Alternativen zum Asaz vu Gewalt ginn huet“.

D‘Florence Parly huet um Samschdegmueren an der offizieller Deklaratioun informéiert, datt et sech hei ëm eng punktuell Interventioun handelt. Russland wier am Virfeld iwwert d‘Loftschléi informéiert ginn. Et wier ee sech och eens, keng Absichten ze hunn, d‘Situatioun eskaléieren ze loossen.

mat AFP

Foto: De franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian (r) an déi franséisch Arméiministesch Florence Parly, hunn e Samschdegmueren no enger Drénglechkeetssëtzung mam President Emmanuel Macron, d‘Press iwwert déi militäresch Operatioun a Syrien informéiert. © Michel Euler/pool/AFP

Related topics chemesch Waffen, Frank, Groussbritannien, Ofschreckung, Syrien, USA
Next post Previous post