Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie
International Neiegkeeten

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie

D’Doktere vun der Welt setze sech virun allem aus Benevollen

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
International Neiegkeeten

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz
International Neiegkeeten

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 &

Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog

Stëllstand duerch Loftverschmotzung: Nei Delhi versénkt am Smog

An der indesch Haaptstad Nei Delhi huet een elo den Duerchbléck verluer, d’Regioun ass am Stëllstand. Zënter Deeg weisen d’Miessunge vum Fäistëbs Rekordwäerter un. D’Loftverschmotzung ass dobäi esou schlëmm, wéi säit Joren net méi.

Fir déi nächst 2 Woche besteet an Nei Delhi ee partiellt Fuerverbuet. Wien fueren dierf hänkt dobäi vum Dag a vum Nummereschëld of. Fir d’Anhale vun dëser Moossnam suergen honnerte Polizisten. Zur Sécherheet vun de Bierger sinn donieft och d’Schoulen zougemaach an d’Aarbecht op ville Chantiere vun der Stad gestoppt ginn. Déi meescht Awunner an Indien gi just nach mat Otemschutz virun d’Dier. Et géif ee soss erstécken an ënnert stännegem Houscht leiden.

Nei Delhi

D’Wäerter vum Fäistëbs hunn an de leschten Deeg de Wäert vun 900 µg/m3 Loft erreecht. No der Virgab vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) sollen 10 µg/m3 op kee Fall iwwerschratt ginn. Dobäi leit de ganzen Norde vum Land ënnert der etlecher Loft, déi virun allem duerch brennend Felder an de Bundesstaaten Punjab an Haryana opkomm ass. D’Bauere wëllen duerch d’Feier hiren Terrain fir déi nächst Saison virbereeden.

Wou uewen d’Loftverschmotzung hire Laf hëlt an d’Ootme schwéier mécht, ass och de Floss Yamuna ënnert enger décker Couche vun Ofwaasserschaum verstoppt. Wat ausgesäit wéi Schnéi, ass een Tapis aus sténkegem, deelweis och gëftegem Schaum. Wärend um 3. November d’Chhatth-Puja-Fest zelebréiert ginn ass, huet een am verknaschte Waasser zum Sonnegott gebiet.

Nei Delhi

© The Weather Channel India

Just Streidereien, keng Léisungen

Wéi den Ashok Gehlok, Haaptminister vun der indescher Haaptstad dem Noriichtesender NDTV géigeniwwer matgedeelt sollt een hei net mat der Schold ëm sech geheien. „Et geet ëm d’Gesondheet. All politesch Parteie sollten sech zesumme setzen an doriwwer diskutéieren.“ Den Ashok Gehlok, Regierungschef vum Bundesstaat Rajasthan beschreift d’Stad iwwerdeems als Gaskummer, iwwert déi dat ganzt Land sech Gedanke maache sollt.

Nei Delhi

Politesch Streidereien tëscht de Parteien an der Regierung hu bis ewell dozou gefouert, datt Nei Delhi weiderhin am Fäistëbs versenkt. Wärend déi eng Säit eng Belounung fir all Bauere fuerdert, déi hiert Feld net ofbrenne loossen, wiert déi aner Säit sech géint d’Fuerverbuet. Amplaz zesummen no enger Léisung ze sichen, mécht een dem anere Virwërf a weist d’Schold vu sech.

Opmaacherbild: © Girish (Twitter)

Ähnlech Sujeten Bauer, Brand, Chatth-Puja-Fest, Fäistëbs, Feld, Indien, Loftverschmotzung, Nei Delhi, Ofgasen, Verkéier, Yamuna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel