Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pipo Peng: Eng flott Moss
Money Neiegkeeten

Pipo Peng: Eng flott Moss

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?
Money Neiegkeeten

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?

Am Oktober gi mer emol an d‘Gemengewahlen an de Bierger

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament
Money Neiegkeeten

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament

Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu

money

Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter

Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter

Datt d‘Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart éischter „Katastrophal“ ass, datt ass bekannt. Et ass och gewosst, datt d‘Politik wéineg Spillraum huet. Entweder et gëtt zolidd a konsequent eppes ënnerholl an och déi bestoend Gesetzer ugewannt, oder et kënnt onweigerlech zum Sozialkonflikt.

An esou tauchen dann och ëmmer nees nei Acteuren op, déi all vu sech behaapten e stéck vun der Léisung ze sinn. Esou de kommerziellen online Déngscht TradAvenue.com dee virgëtt eng „zouverlässeg Alternativ zum klasseschen Immobiliëverkaf“ ze sinn. Si verspriechen engem, datt ee mat hirem Service net „beduckst“ ka ginn. Dat kléngt dann awer ze schéi fir wouer ze sinn, oder?

Wéi och ëmmer, bei der Presentatioun vum „Konzept“ huet d‘Auteure vun dësem séchere System, Fabienne Fontaine betount, datt „d‘Plattform en eeschte Moyen ass sech géint d‘Präisdeierecht an dësem Secteur duerchzesetzen“. Dat gëtt esou och vum Marc Theisen, een vun den zwee Associéen (deen ernimmt dierf ginn) och confirméiert. Cool denkt ee sech, firwat ee sech dat sollt ukucken.

Alles easy

Hire Prinzip ass esou einfach wéi och entspriechend profitabel: Haiser, Wunnengen oder Terraine kaschten „den Aarsch aus der Box“ an dozou kommen un a fir sech dann och nach Primmen a Kommissiounen, déi esou TradAvenue, nëmmen den Intermediairen d‘Geld an d‘Täsch spullen. Et wëll ebe jidderee säi Stéck vum Kuch an dat wëllen si elo änneren. Et geet ëm de ganze Kuch.

A well ee sech jo bekanntlech all Dag en Haus, eng Wunneng oder e Bauterrain kafen oder verkafe wëll, ass ee gutt berode Member vun engem Netzwierk ze ginn. Mëttels enger butzeger Cotisatioun trëtt een dann engem exklusive Veräi bäi, dee weess wéi dat mat der Vermëttlung leeft. Datt ee sech gutt versteet: TradAvenue.com ass kee Site deen engem eppes „verkeeft“, si vermëttele just.

Hei ginn also „Gidder“ virgestallt, ganz exklusiv a besonnesch vertraulech, wëll hei déi potentiell Keefer/Verkeefer eréischt da mat engem Verkeefer/Keefer a Relatioun gesat ginn, wann si eng entspriechen Ufro gemaach hunn an déi „aner Säit“ dëser Ufro zougestëmmt huet. Esou verhënnert een, datt privat Informatiounen a falsch Hänn gelaangen. Also dat ass d‘Behaaptung…

Keng Hannergedanken

Interessant och, datt d‘Fabienne Fontaine, de Marc Theisen an deen aneren onbekannte „Player“ méi wéi nëmmen d‘Confidentialitéit garantéieren. Esou huet geheescht, datt d‘Mataarbechter vun TradAvenue.com, dofir Suerg droen, datt de potentielle Keefer och de Goss huet fir d‘Geschäft ofzeschléissen. TradAvenue géif deemno all d‘Donnéeë vun de „Memberen“ kontrolléieren.

Elo ass TradAvenue awer eigentlech iwwerhaapt kee Veräi wéi ee sech dat als Normalstierfleche virstellt. Hir Mataarbechter wëllen um Enn vum Mount och eng Pai an et soll jo och nach eppes fir d‘Gestionnaire eraussprangen. Fir Member ze gi muss ee „kotiséieren“ an dat sinn fir eng éischt Umeldung 5.500 Euro, zu deenen dann all Joers 2.500 Euro derbäi kommen.

Well leider net jiddereen esouvill Goss einfach esou asetze kann, TradAvenue awer méiglechst vill „Membere“ wëll ophuelen, kann et, wann een dann ee „Pätter“ fënnt, zu enger Remise kommen. Zudeem muss gewosst sinn, datt de Keefer, 0,05% vun der Valeur vum Haus, der Wunneng oder dem Terrain un TradAvenue iwwerweise muss, fir mat sengem „Vendeur“ a Relatioun gesat ze ginn.

Foto: Jiddereen dierf mat sengem Geld maache wat hie wëll, mee viru Scharlatane sollt ee sech trotzdeem an Uecht huelen. Besonnesch wann d‘Geschicht sech ze gutt unhéiert. Aus der Nout vun der Leit Kapital schloen, dat en Trend un deem och Lëtzebuerg wéineg maache kann. (Pixabay)

Ähnlech Sujeten Logement, Logementskris, TradAvenue.com
Nächsten Artikel Virrechten Artikel