Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars
Neiegkeeten

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars

Et gëtt déi längste Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert, an eise

money
Washington zitt am Handelskrich e neie Register
Neiegkeeten

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht

Op d‘Universitéit goen ass eng eescht Ugeleeënheet
Neiegkeeten

Op d‘Universitéit goen ass eng eescht Ugeleeënheet

Déi Lëtzebuerger Vereenegung vun de Studente-Cerclen (ACEL), an där 45

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt

Et kann een zanter dem neie Millenium, d‘Zuel vun den Debatten an der Chamber, déi sech mat Thema Logement befaasst hunn, op de fënnef Fanger vun enger Hand ofzielen. Eng wierklech Léisung huet et bis ewell net ginn.

Mee et deet sech eppes um Krautmaart, an en Donneschdeg huet et an der Chamber den Uschäi ginn, datt d‘Politik parteiiwwergräifend gewëllt ass, eppes ze ënnerhuelen. Wéini dat soll ënnerholl ginn, dat ass net gesot ginn, mee den David Wagner vun déi lénk warnt, datt ee sech dës Kéier keng 17 Joer Zäit ka loossen.

An tatsächlech ass de Logement e vun de gréisste Problemer op deen et zu Lëtzebuerg aktuell net wierklech eng Äntwert gëtt. An och dat ass net nei, well ze bedenken ass, datt de Gedanken dem fräie Maart d‘Léisung ze iwwerloossen, eis an 70er Joren zréckféiert. De Logementsministère war deemools (1979) de Ressort vun der CSV.

Op et der Saach elo wierklech gedéngt soll hunn, datt een um Donneschdeg vill Zäit a Kraaft opgewannt huet, fir der CSV hir falsch Politik virzewerfen, dat dierf ee bezweiwelen. Mee no gutt véier Stonnen Debat steet fest: de Staat muss de Wunnengsbau an de Grëff kréien.

Wien ass Schold?

Wéi dat an de Grëff ze kréien ass, ëmmerhin ass ee sech um Krautmaart eens, datt et wäit iwwer 32.000 Logementer ze mann gëtt, do huet dann nees jiddereen seng eege Léisung. Den Deputéierten a President vun der Logementskommissioun Max Hahn (DP) huet dann och virun allem déi eelst politesch Vertrieder an de Chamber zolidd beschëllegt.

Säit de 70er wieren d‘Problemer ersiichtlech gewiescht, vill Mesuren agefouert an op ee puer Plazen esouguer Verbesserungen erbäigefouert ginn. Et wier allerdéngs näischt gemaach ginn, fir d‘Präisser um Wunnengsmaart ënner Kontroll ze bréngen, wat zu katastrophalen Zoustänn gefouert hätt.

De Max Hahn huet da kloer gestallt, datt ee säit 35 Joer de Léisungen no leeft. Kee liichte Moment fir d‘CSV, déi de Logement vun 1979 bis 2013 am Grëff wëll gehat hunn. An den zoustännege Minister Marc Hansen (DP) huet de Fanger dann och nach emol op d‘Wonn geluecht. Hien hätt et dann och gären, datt ee vum Gerieds zu konkreten ëmsetzungsfäege Virschléi kënnt.

Léisungen, mir brauche Léisungen

Et ass dann iwwer laang Strecken an der Chamber bei de Virwërf bliwwen. De Claude Wiseler, CSV-Spëtzekandidat, war dann och net deen eenzegen dee wéineg ze gesi war bei dëser wichteger Orientéierungsdebatt. Vill Still déi bei esou enger fir d‘Land wichteger Debatt eidel bleiwen, sinn alles wéi kee gutt Zeechen.

Verwonnerlech, an dat ass net nëmmen eis esou opgefall: vill Politiker déi zwou Kapen unhunn, also och als Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller an enger Gemeng täteg sinn, waren net uwiesend. Dobäi huet den Debat awer vill Pisten opgewisen, déi et wäert wären exploréiert ze ginn. Mee et ass ee sech bewosst, datt et der nächster Regierung hire Problem gëtt…

Also näischt un deem ee sech scho virun de Walen d‘Fangere wëll verbrennen. Et kënnt dann och wéi een dat net anescht gewinnt ass, de Minister Marc Hansen invitéiert jiddereen, seng Propose an en Synthees-Tableau anzebréngen, deen dann an der Logementskommissioun diskutéiert ka ginn. Hei ass also nach vill Gedold gefrot.

Déi lénk hunn dann awer hire Gesetzprojet deposéiert an och véier Motiounen agereecht. Si weise mat Nodrock drop hin, datt et presséiert an d‘Politik elo muss Verantwortung iwwerhuelen. Nach emol 17 Joer waarden, ouni konkret Léisunge beim Logement erbäizeféieren, dat kann et onméiglech sinn.

Ähnlech Sujeten Chamber, déi lénk, Krautmaart, Logement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel