Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
https://moien.lu/is-bayley-dating-anyone/

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

average amount of dating before engagement
https://moien.lu/is-bayley-dating-anyone/

https://moien.lu/dating-places-in-kathmandu-valley/

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

De richtegen Ëmgang mam Mais ass gutt fir d‘Ëmwelt
https://moien.lu/is-bayley-dating-anyone/

De richtegen Ëmgang mam Mais ass gutt fir d‘Ëmwelt

Den technesche Service vun de Landwirtschaftsadministratioun (ASTA) hat um Donneschdeg

Logement: Et gëtt genuch Terrainen, mee se sinn ze deier!

Logement: Et gëtt genuch Terrainen, mee se sinn ze deier!

Wann ee bedenkt datt sech de Präis fir e Bauterrain all Joer ëm 6% erhéicht, gëtt séier ersiichtlech datt et sech lount ze spekuléieren. Elo gëtt sech allerdéngs vun der ëffentlecher Hand erwaart, eppes ze ënnerhuelen, fir nees u Bezuelbar Logementer erunzekommen. D‘Ministesch huet do Proposen.

En Donneschdeg huet d‘Ministesch Sam Tanson eng Rei Etüde virgestallt, aus deenen ervirgeet, datt op dem bestoende Bauland tëscht 50.000 an 80.000 Wunnenge kéinte gebaut ginn. Et wier folglech net noutwenneg de Bauperimeter ze erweideren. Den Observatoire vum Habitat (LISER) hätt sech d‘Situatioun genee ugekuckt an hätt Conclusioune virgeluecht, déi net iwwerrascht hunn.

Bezitt een sech op PAGen vun de Gemengen, esou géif de Bestand vu Bauterraine bei 2.846 Ha leien. 941 Ha dovunner entfalen op sougenannte Baulücken. Dat wieren alles Grondstécker, déi séier bebaut kënne ginn, wëll kee PAP „neie Quartier“ an och keng Infrastrukturaarbechten hei ufalen. Esou d‘Prezisioun vum Julien Licheron, deen d‘Koordinatioun vun der Etüd geleet huet.

Wien wourop den Domm Hält

Stellt sech d‘Fro, wiem all déi Terraine gehéieren, an och dorops huet d‘Etüd déi vum Observatoire vum Habitat realiséiert ginn ass eng Äntwert. 72,5% vun der Gesamtfläch, a 65,2% vum potentielle Wäert waren 2016 am Besëtz vu 15.907 Persounen. 750 Gesellschafte beusproche 15% an 18,6%. Op Staat, Gemengen an ëffentlech Promoteuren entfalen dann awer nach 11% an 14,6 %.

An absoluten Zuele bedeit dat: 117 Privatpersounen an 59 Gesellschaften hunn Terrainen am Wäert iwwer 10 Milliounen Euro. Am Kontrast dozou: 11.179 Persoune waren am Besëtz vun Terraine bis zu 10 Ar. Et gëtt se also déi „privilegiéiert“ an déi iwwerzeegt ze kréien, hire Grond a Buedem zu engem raisonnabele Präis un de Staat oder d‘Gemeng ofzeginn, dat ass alles wéi eben net einfach.

Et geet dann och nach aus de Etüd ervir, datt fir den Zäitraum vun 2010 bis 2016, alles an allem 460 Ha Bauland verbraucht ginn ass. Zousätzlech dozou sinn 173 Ha nei bebaut ginn, wat begréisst ka ginn, well heiduerch eng Verdichtung vum Wunnraum erreecht ginn ass. Erklärung: Op „eidelen“ Terraine läit d‘Densitéit am Schnëtt bei 38,7 Wunnengen, wou nei bebaut gëtt, gëtt dat op 49,7 erop.

Dorausser ergëtt sech, datt wann dat alt ofgerappt an dann nei gebaut gëtt, d‘Wunnengen och eppes méi kleng ausfalen. Déi duerchschnëttlech Fläch pro Logement, geet da vun 2,6 Ar op ronn 2 Ar zréck. Ugesiichts enger Plus-value vu ronn 6%/Joer – an dat zanter elo gutt 10 Joer – gekoppelt un eng Demande déi stänneg zouhëlt, kann ee verstoen, datt de Präis stëmme muss, wann ee gären een hätt.

Einfach „onbezuelbar“

Fir de Julien Licheron, läit de Präis pro Ar duerchschnëttlech bei ronn 65.000 Euro, woubäi et hei jee no Géigend zolidd Ënnerscheeder gëtt. Esou leien (den Ament) am Norden d‘Präisser tëscht 20.000 a 35.000 Euro/Ar, während dat an der Haaptstad och schonn emol eppes iwwert 200.000 Euro ausmaache kann. Wien do net mam gëllene Bräiläffel op d‘Welt komm ass, muss lounen…

An hei fënnt d‘Sam Tanson eng gutt Formuléierung. Et géif den Ament kee Grond de Bauperimeter ze erweideren, mee et mussen Terraine mobiliséiert ginn, déi de Bau vu bezuelbare Logementer méiglech maachen. Fir dat Zil ze erreechen, musse Strategie fonnt ginn, mat deenen een d‘Besëtzer entweder iwwerzeegt kritt ze verkafen oder selwer ze bauen. An dat ass den eigentleche Problem.

Mat engem Wäertzouwues vu ronn 6%/Joer op en Terrain, géintiwwer negativ Zënsen op der Bank, huet de Proprietär net wierklech Interessi dorunner, eng sécher Geldquell ze veräusseren. Dës Proprietären, déi duerchaus Spekulante kënne sinn, kéinte mat enger Reform vun der Grondsteier zur Besënnung bruecht ginn, mee dat gehéiert net zum Zoustännegkeetsberäich vun der Ministesch.

Fir esou eppes wéi eng „Spekulatiounssteier“ anzeféiere wier d‘Inneministesch, Taina Bofferding (LSAP) zoustänneg. Ob déi zu esou enger Moossnam bereet wier, wëssend, datt hei déi „Kleng“ Proprietairen dobäi penaliséiert ginn? Wuel éischter net, well wann ee berécksiichtegt, datt de Präis fir de Logement scho liicht exorbitant ass, muss ee d‘Leit net och nach mat Steieren erschloen.

Richteg ass et no Alternativen a neie Wunnformen ze sichen. Steieren op Logementer déi eidel stinn ze erhiewen, ass laut Gesetz de Gemengen haut scho méiglech, si maachen et just net. Zudeem sollt de Staat oder d‘Gemeng verstäerkt vu sengem Virkafsrecht gebrauch maachen.Den oft genannten „Bail Emphyteotique“ (Ierfpachtvertrag) ass e weidert Element dat e sech soll zu notze maachen.

Foto: (v.l.n.r.) Sam Tanson, Ministesch vum Logement; Julien Licheron, Observatoire vum Habitat/LISER © Ministére vum Logement

Ähnlech Sujeten Julien LIcheron, LISER, Logement, Logementsministesch, Observatoire vum Habitat, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel