Search

You may also like

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op
Neiegkeeten

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op

Haut de Moien huet d‘Cassatiounsgeriicht zu Lëtzebuerg d‘Uerteel vum Antoine

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff
Neiegkeeten

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff

Eise Premierminister läit net am Sträit mam Haff, mee kann

Tropestuerm iwwert de Philippinnen: 200 Doudeger
Neiegkeeten

Tropestuerm iwwert de Philippinnen: 200 Doudeger

Den Tropestuerm „Tembin“ huet am Süde vun de Philippinnen 200

D‘Logementskris dréift d‘Leit op d‘Strooss

Um Samschdeg waren et Dausend, a wann et esou weider geet sinn se geschwënn eng kritesch Mass

D‘Logementskris dréift d‘Leit op d‘Strooss

De Mouvement „Mieterschutz.lu“, dee vun iwwer 20 Organisatioune Gewerkschaften a politesche Parteie gestäipt gëtt, hat um Samschdeg zum nationale Protest géint d‘Logementskris an déi falsch Politik vun der Regierung opgeruff. Jee no Source, hu bis zu dausend Leit un der Maniff deelgeholl.

Et war ee friddleche Protest um „Hamilius“ deem e Protestmarsch virausgaange war. Et geet den Organisateuren ëm d‘Recht op Wunnen, politesche Courage an d‘Verhënnerung vun engem soziale Konflikt, deen zu „neie Verhältnisser“ am Land féiere kéint. „Mieterschutz.lu“ gesäit sech als eng apolitesch Organisatioun, woubäi eng Rei Parteien sech voll a ganz hannert de Protest stellen.

LogementskrisDen OGBL hat wéi ëmmer seng Leit mobiliséiert kritt, mee och déi lénk an d‘KPL hunn zolidd Presenz gewisen © Martine de Lagardère / moien.lu

Nieft de Piraten – déi schonn zanter Joren den Loyer op 10 Euro pro Quadratmeter wëlle festleeën – waren och déi lénk – si wëllen de Loyer op maximal 25% vum Akommes begrenzen – an der KPL, war och d‘Partei Deel vun der Maniff. Déi gréisste Fraktioun Militanten huet den OGBL gestallt, an d‘Gewerkschaft huet jo scho kloer gemaach, datt si beim Logement net méi wäert labber loossen.

D‘Regierungsparteien (LSAP/DP/déi gréng) mee och d‘CSV an den ADR, grad wéi d‘CGFP an den LCGB hu keng Memberen/Militanten op d‘Maniff geschéckt. Do kéint een elo unhuelen, datt si kee Problem am Logement gesinn… Et kann awer och dorunner geleeë sinn, datt de Mouvement virun allem sozial a bezuelbar Logementer fuerdert. Et feelen aktuell iwwer 20.000 Sozialwunnengen…

Et geet eis alleguerten un

De President vu „Mieterschutz.lu“, Jean-Michel Campanella, huet verständlech gemaach, datt eis de Logement alleguerten eppes ugeet an datt de sougenannte Mëttelstand am Begrëff ass den Accès zu bezuelbarem Wunnraum ze verléieren. Et sinn awer virun allen nach ëmmer déi Mënschen aus dem Niddreglounsecteur an/oder déi wou op Sozialhëllef ugewise sinn, déi am häertste betraff sinn.

LogementskrisDe Jean-Michel Campanella, President vun der Asbl „Mieterschutz.lu“ huet verständlech gemaach datt et de Leit elo duer geet. An de leschte véier Joer sinn d‘Loyeren ëm 41% geklommen, d‘Paien dogéint ëm manner wéi 10%. Dat kann sech jo net méi opgoen… © Martine de Lagardère / moien.lu

Hei kann de Loyer schonn emol bis zu 60% vum Akommes ausmaachen. Dovunner profitéieren an éischter Linn déi sougenannt „Schlofhändler“. Bedenkt een hei, datt d‘Wirtschaftskris grad emol am Begrëff ass d‘Salairen zolidd no ënnen ze korrigéieren, iwwerall Leit entlooss ginn an de Wee bis „hannert d‘Grenz“ ganz oft keng Optioun ass, sollt ee mengen datt d‘Regierung de Problem ugeet.

Si hat zwar, dat ass richteg, versprach datt si gewëllt wier deene schwächsten an der Gesellschaft, den Elengerzéienden, de jonke Beruffsufänger, de Studenten a villen anere méi besser ënnert d‘Äerm ze gräifen, mee et feelt u politeschem Courage seriéis Mesuren ze ergräifen an de Problem un der Wuerzel unzepaken. An dësem Sënn haten si eng Entrevue mam Logementsminister.

Ganz ouni Goss kanns de net kämpfen

De Mouvement „Mieterschutz.lu“, dee sech elo als Asbl konstituéiert huet, well kee Kampf géint d‘Proprietäre féieren, erënnert d‘Regierung awer drun, datt d‘Bierger eng gréisser Bedeelegung a punkto Decisiounen a Gesetzer am Kontext vum Logement verlaangen. Hie weist d‘Sympathisanten awer och drop hin, datt een de Leit net hëllefe kann, wann d‘Keesen eidel sinn.

LogementskrisE gedeckelte Loyer op 10 Euro de Quadratmeter! Esou ass et scho laang am Programm vun der Piratepartei verankert. © Martine de Lagardère / moien.lu

Wann d‘Asbl, sech fir d‘Rechter vun de Locataire asetzt, esou bedeit dat och, datt et wäert zu rechtlechen Ausenanersetzunge kommen. Prozesser sinn awer net nëmmen zäitintensiv, mee kaschten och richteg Geld. Ouni Spenden ass de Kampf net ze féieren. D‘Cotisatioune – op de Konto LU93 0019 5755 5627 5000 (BCEE) – sinn awer no Akommes gestaffelt.

Leit ouni Schaff (Studenten, Beneficiaire vum Revis, asw.) sollen esou nëmmen 20 Euro/Joer, fir Mënsche mat engem Bruttoakommes ënner 2.570 Euro sollte 40 Euro, a wien driwwer läit, 60 Euro Cotiséieren. Doriwwer eraus dierf een natierlech Done maachen…

Eppes Kloertext

Wann sech de President vu „Mieterschutz.lu“ nach éischter zeréckgehalen huet, esou gouf et och aner Riedner, déi ee méi „direkte“ verbalen Nol ageschloen hunn. Esou d‘Nora Back, Presidentin vum OGBL, der gréisster Gewerkschaft am Land. Si huet d‘Logementskris als dat presentéiert wat se ass: eng sozial Kris! An déi wier eis net wéi de Covid19 zougefall, déi hätt een erausgefuerdert.

Logementskrisdéi lénk hu sech virgeholl der Regierung hir Politik esou net méi weider zouzeloossen. Si wëllen ee Gesetzprojet an der Chamber virleeën, an deem ënnert anerem de Loyer op maximal 25% vum Akommes limitéiert sollt ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Et misst de Leit ersiichtlech sinn, datt dës Regierung (déi virecht allerdéngs och) de Spekulatioun keng Grenze gesat huet, ganz am Géigendeel. „Si hunn d‘Spill vun de Promoteuren an de lokale wéi internationalen Investore gespillt, andeems si dësen erméiglecht hunn ëmmer méi Terrainen an Wunnraum zu Lëtzebuerg ze kafen“, esou déi inzisiv Gewerkschaftspresidentin ee Samschdeg.

D‘Kiischt um Kuch: wärend sech Mënschen op Liewenszäit musse verschëlden, fir en Daach iwwert dem Kapp ze hunn, ginn anerer vollstänneg vun der Steier befreit. An da gëtt et do och nach Gemengen, déi alternativ Wunnforme quasi verbidden, esou wéi d‘Stad Esch-Uelzecht dat mat hirem neie kommunale PAG androcksvoll virmécht. Wunngemeinschaften si kaum nach méiglech.

Gesetzer déi näischt daachen

Fir d‘Nora Back ass kloer, datt elo muss Schluss si mat de „kosmetesche Reformen“, mee datt een de Problem muss eescht huelen. D‘Modifikatioun vum Gesetz zum „Bail a Loyer“ géif de Locataire kaum Verbesserunge bréngen, a muss een als Affront verstoen. Och de Pakt Logement 2.0 ass an den Ae vum OGBL a senger därzäiteger Form net Ziilféierend, dat muss iwwerschafft ginn.

LogementskrisFir déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) gehéiert den „Daach iwwert dem Kapp“ zu de fundamentale Rechter. © Martine de Lagardère / moien.lu

Eng Fuerderung déi den Emmanuel Komare vun der Associatioun „Save Co-Housing“ (Esch) och huet. Hien huet sech a senger Ried op déi spezifesch Situatioun vun Esch-Uelzecht bezunn, wou de Buergermeeschter, deen eigentlech Mëssstänn an Abuse wollt entgéintwierken, a mat sengem PAG ganz kloer géint gülteg Gesetzer verstéisst. Dat zumindest gesäit een och am Inneministère esou.

D‘Buergermeeschtesch vun Däitsch-Oth, Viviane Faktoriell, huet de Militanten erkläert wéi en Impakt déi Lëtzebuerger Wunnengspolitik op de Val de la Haute Alzette huet. D‘Lëtzebuerger kafen a Lounen an engem Ausmooss, dat déi lokal sech mëttlerweil wéinst der Deierecht missten an d‘Hannerland verzéien. Dat géif d‘Leit géintenaner opbréngen. Och si fuerdert méi Resilienz.

Foto: Et ware gutt Dausend Leit um Hamilius, déi dem Opruff zur Manifestatioun vun der Asbl „Mieterschutz.lu“ nokomm waren. Et ass en Ufank, a jidderee dee betraff ass, oder sech betraff fillt, wier gutt beroden sech den nächsten Aktiounen unzeschléissen. Mat der Wirtschaftskris, wäert d‘Logementskris nach ee ganze Krack zouhuelen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Henri Kox, Logementskris, Michel Campanella, Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl, Nora Back, OGBL
Next post Previous post