Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi
Neiegkeeten

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi

Ab haut kann een erëm nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dës Kéier

Editorial: Si hunn d‘Fauscht an der Täsch gemaach
Neiegkeeten

Editorial: Si hunn d‘Fauscht an der Täsch gemaach

Gëschter hunn de Presserot an d‘Journalistegewerkschaft, de Bilan vu Legislaturperiod

money
“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent
Neiegkeeten

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs

Wunnengsbauministesch Sam Tanson an Erklärungsnout

Fonds du Logement: E gutt Fundament, mee eng schlecht Statik

Wunnengsbauministesch Sam Tanson an Erklärungsnout

Bei der Sëtzung vun der Wunnengsbaukommissioun, sollt et gëschter eigentlech ëm de virzäitegen Ofgang vum Direkter Eric Rosin goen. D‘Ministesch hat wéineg bis näischt dozou ze soen, firwat sech d‘Oppositioun mat de Promoteuren an Spekulante befaasst huet.

Nodeems den Daniel Miltgen wéinst „Feelverhalen“ an d‘Wüst geschéckt gouf, an elo och nach gewosst ass, datt zumindest juristesch de Virworf net ze hale war, huet de Fonds du Logement (FdL) „Bläi an de Flilleken“. Zumindest wat de Management betrëfft. Den Eric Rosin, deen als Direkter, no kuerzen néng Méint „aus perséinleche Grënn“ seng Kënnegung agereecht huet, ass allerdéngs net dem FdL säin eenzege Problem.

Op d‘Hannergrënn vum Direkter senger Demissioun wollt d‘Wunnengsbauministesch, Sam Tanson (déi gréng) net agoen, wat si domatter begrënnt huet, datt et dem Eric Rosin seng Privatsphär géif verletzen. Esouvill dozou. D‘Presidentin vum FdL, Diane Dupont, huet den Deputéierten am Uschloss en Inventar vun de Projete presentéiert. Esou ofgelenkt, hunn déi hiert zentraalt Thema „vergiess“, wat ee kéint derzou verféieren unzehuelen, datt et esou wichteg dann awer net war.

Vill oppe Froen

Op Miltgen oder Rosin, et gëtt Wichtegeres, an u Froen huet de Volleksvertrieder och net gefeelt. Si hunn sech nach emol den 800.000 Euro ugeholl déi mëttels Bedruch op engem polnesche Bankkont gelant sinn. Geld mat deem eng Baufirma sollt bezuelt ginn, an net „ganz verluer“ schéngt. D‘Sam Tanson huet jiddefalls erkläert datt 500.000 Euro konnte „blockéiert“ ginn, an ee beméit ass och déi lescht 300.000 nees zréckzekréien. Ob an Zukunft besser gepréift gëtt mat wiem een ze dinn huet?

Am weidere Verlaf vun der Sëtzung ass sech mam Betribsoflaf vum Fonds du Logement befaasst ginn, an d‘Diane Dupont huet sech op Grondsätzleches bezunn. Esou géif et den Ament drëms goen d‘Struktur vun der Institutioun nees ze stabiliséieren. Eng Moossnam déi dem Personalzouwuess geschëlt wier. Et ass richteg datt den FdL säin Effectif a fënnef Joer vu 60 op elo 100 Mataarbechter erhéicht huet, an endlech iwwert e Personalbüro mat dräi Mataarbechter verfüügt.

D‘Ausgabe klammen och

Baue kascht Geld, an dees brauch een vill. Eleng fir 2019 sollen 59 Milliounen Euro fir de Bau, an nach emol 8 Milliounen Euro fir d‘Infrastrukturen opgewannt ginn. Fir 2020 si 70 Millioune fir de Bau, a 40 Millioune fir d‘Infrastrukture virgesinn. D‘FdL-Presidentin erkläert, an dësem Kontext, datt d‘Sanéierung vun den industrielle Frichen eng besonnesch schwéier finanziell Belaaschtung fir de Fonds du Logement ass. Dat bestätegt, datt de Prinzip „Pollueur/Payeur“ net ugewannt gëtt.

An der Kommissioun ass sech dann och dem Volet vun der Steierbefreiung ugeholl ginn. Verkeeft ee säin Terrain oder d‘Haus dem Staat, respektiv der Gemeng, ass de Betrag dee bezuelt gëtt, vun der Steier ausgeholl. Dës Reegel gëllt allerdéngs net am Fall vun enger Transaktioun mam FdL, wat vu ville Deputéierten als „Feeler“ opgefaasst gëtt. D‘Ministesch Sam Tanson huet versprach sech dëser Besonneschkeet unzehuelen. Dat misst dann awer och fir d‘SNHBM gëllen…

Déi ëffentlech Hand am Nodeel

D‘Diane Adehm, CSV-Deputéiert an éischt Schäffin vun der Hesper Gemeng, huet op e Problem opmierksam gemaach, dee ville Gemengen am Land schwéier um Mo läit. Si huet sech dofir op e Beispill aus eegener bezunn. Op enger Stee, bei där et ëm landwirtschaftlech an holzwirtschaftlech genotzte Fläche gaangen ass, an un deenen d‘Gemeng zolidd interesséiert war – well se zum groussen Deel op Gemengenterrain leien – sinn u Promoteure gaangen.

Schold dorunner sinn déi héich Gebueter vun de Promoteuren, bei deenen d‘Gemeng Hesper net mathale konnt. An d‘Diane Adehm stellt kloer, datt et säi bei de genannte Flächen net ëm Bauland handelt, well d‘Terraine weder am Bauperimeter, nach an der Proximitéit vun engem Lotissement leien. D‘Erklärung firwat d‘Promoteure masseg Geld an esou Terraine stiechen: Ma si notzen dës Lännereien als Tauschobjet fir Baueren, déi Land brauche fir un d‘EU-Subventiounen ze kommen.

Woubäi d‘Gemengen déi Suergen net eleng dann hu wa se op der sich no Terrainen si fir ze bauen, och fir de Bau vun enger Vëlospist muss ëfters mat engem Bauer verhandelt ginn, an dee wëll seele verkafen. Deen hätt gären en anert Stéck Land an d‘Plaz. Gläiches gëllt wann en Terrain an de Bauperimeter erageholl gëtt: si hunn esouwuel déi finanziell Méiglechkeeten, wéi och déi vun de Bauere begierten Terrainen. Ob a wéi een hei zu enger Léisung komme kann ass net gewosst.

Ähnlech Sujeten Daniel Miltgen, Diane Adehm, Eric Rosin, Sam Tanson, Wunnengsbaukommisssioun, Wunnengsbauministesch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel