Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

10 Lëtzebuergesch Bicher, déi s de gelies muss hunn
best dating website chicago

10 Lëtzebuergesch Bicher, déi s de gelies muss hunn

Gutt Literatur ass net nëmmen am Ausland ze fannen, heiansdo

https://moien.lu/dating-tls-forum/
best dating website chicago

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken
best dating website chicago

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken

Et war ze erwaarden: D‘Librairie Alinea war beim Stater Gemengerot

Logementskris: Ministesch Sam Tanson weess Rot

Ëm méi bezuelbare Wunnraum sollen sech d‘Gemenge këmmeren

Logementskris: Ministesch Sam Tanson weess Rot

Geet et der Logementsministesch Sam Tanson (déi gréng) no, da soll déi ëffentlech Hand gestäerkt, an de locative Maart no vir bruecht ginn. Fir dat ronn ze kréien, kënnt et zu enger Reform vum Logementspakt. D‘Gemenge mussen deen Handlungsspillraum erhalen, deen si als ëffentleche Bauträger brauchen, fir dëser Missioun gerecht ze ginn.

No fënnef Joer ënnert enger Koalitiounsregierung déi – wuel mat engem liberale Minister – et net emol usazweis hikritt huet, eng reell Verbesserung um Wunnengsmaart erbäizeféieren, soll et elo déi fréier Schäffin aus der Stad Lëtzebuerg, Sam Tanson, hikréien. De Logement ass jo och am „neien“ Koalitiounsaccord als top Prioritéit verankert ginn, grad wéi schonn 2013. Geschitt ass wéineg…

Et ass net „näischt gemaach ginn“, de Minister Marc Hansen (DP) huet gemaach wat méiglech war, a sech dobäi net mam Patronat aus der Baubranche an/oder de Proprietaire vu Grondstécker/Haiser ugeluecht. Dat erkläert och, firwat eng duerchschnëttlech Hausse vu 7% (iwwer déi lescht zéng Joer gekuckt) d‘Reegel ass. Eng Rendite déi natierlech fir Spekulanten immens interessant ass.

Dat erkläert och firwat sech séier wéineg deet. Bei der Locatioun beispillsweis, leien d‘Haussen iwwer 9%, an esoulaang wéi et sech esou einfach a mat kaum Risiko domm an däämlech Geld maache léisst, wëll keen datt sech eppes verännert. Et gëtt zu Lëtzebuerg nach ëmmer gutt Geld verdéngt, an esoulaang wéi méi nogefrot wéi ugebuede gëtt, kann ee verlaange wat ee wëll.

Bauen! Et muss méi gebaut ginn!

D‘Sam Tanson behaapt vu sech, de Logement zur Prioritéit erkläert ze hunn. Eigentlech huet déi gréng Ministesch nëmmen eng Prioritéit iwwerholl, an de Minister nom Sam Tanson, wäert sech och un dëser Prioritéit erfreeën. Zu Lëtzebuerg feelt et eigentlech iwwerall u Wunnraum. Jee nodeems wien Zuele virleet, sollen et tëscht 25.000 an 30.000 Logementer sinn, déi gebraucht ginn.

Eis Ministesch setzt op déi „natierlech“ Partner: Fonds de Logement an SNHBM. Si sinn als déi Acteure vun der ëffentlecher Hand beschtens opgestallt, déi noutwenneg Projeten an d‘Hand ze huelen. An och d‘Gemengen, esou de Wonsch vun der Ministesch, solle verstäerkt Verantwortung als Bauträger iwwerhuelen, woubäi eng Zesummenaarbecht mat de genannte Partner erwënscht ass.

Interessant un der Ausso, déi d‘Ministesch gëschter gemaach huet, ass d‘Feststellung, datt Wunne fir d‘Sam Tanson kee politesche Sujet ass. Elo ass et tatsächlech esou, datt kee politeschen Acteur laanscht de Problem kënnt, si awer trotzdeem all verschidden Interessen hunn, an déi hunn ëmmer méi Gewiicht, wéi eng ugestrieften a guttgemengte „Kohesioun“ tëscht politesche Géigner.

Sech als Oppositioun net instrumentaliséiere loossen

Dat verhënnert allerdéngs net, datt u Krautmaart vill politesche „Slalom“ ugebuede gëtt, kee wëll de „béise“ sinn, kee mam schwaarze Péiter an der Hand erwëscht ginn. Bei der CSV war et de Marc Lies, deen d‘Engagement vun der Ministesch begréisst huet, mee eng méi „nuancéiert“ Analys wéi d‘Sam Tanson vun der Situatioun wëll gemaach hunn. Um noutwennegen Effort gëtt festgehalen.

Aus deem erweiderte konservative Lager, d‘Positioun vun der ADR. Hiren Deputéierten, Roy Reding, huet onverblimmt unerkannt, datt vill Punkten, déi d‘Logementsministesch ugeschwat huet, mam Zousproch vu senger Fraktioun rechne kéinten. Dat verhënnert net, datt d‘ADR ganz eege Siichten huet a vertrëtt. Et dierft an dësem Dossier nach zu interessante Gespréicher kommen…

Eppes manner verwonnerlech, d‘Positioun vun der klengster Oppositioun um Krautmaart, déi lénk. Den David Wagner, deen oft gréngen Iddien Zousproch gënnt, ass der Meenung, datt dat wat vun der Ministesch un Annonce gemaach ginn ass, vill Elementer enthält déi si gewëllt sinn matzedroen. Woubäi et natierlech och bei déi lénk „rout Linne“ gëtt, déi net dierfen iwwerschratt ginn.

D‘Gemenge sollen et riichten

Fir d‘Sam Tanson ass et natierlech méi einfach mat, wéi géint d‘Oppositioun ze schaffen, well et him erlaabt sech méi op d‘Zesummenaarbecht mat de Gemengen ze konzentréieren. Ouni déi kann et net opgoen, mee et ass do wou d‘Musek spillt. D‘Gemenge missten allerdéngs alleguerten derbäi sinn. Well d‘Hallschent vun de Gemenge hätt hei nach ni mam Ministère zesummegeschafft.

Si, d‘Gemengen, mussen elo ermontert gi Bauland ze kafen oder ze schafen, an op dësen Terrainen och Logementer ze bauen. Si solle méi oft gebrauch vun hirem Virkafsrecht maachen, a besser finanziell ënnerstëtzt ginn. Dofir ass et esou imminent wichteg de Logementspakt ze iwwerschaffen an d‘Gemenge besser an d‘Logementskris anzebannen. Hei dierft et vill Gespréichsbedarf ginn.

Just e puer Zuele fir d‘Leeschtung vu Fonds de Logement/SNHBM a Gemengen ze vergläichen: vun de Gemenge goufen tëscht 2010 an 2017 alles an allem 621 Wunnenge „geliwwert“, déi genannte Wunnengsbaugesellschafte kommen op 1.575 Eenheeten. Nëmmen 42% vum globale Budget fir de Wunnengsbau géife vun de Gemengen ofgeruff, firwat ee méi no u si erurécke muss.

Foto: Laut den eis virleienden Zuelen, gëtt et an den 102 Gemengen am Land ronn 2.720 Hektar Bauland. Bildlech duergestallt wieren datt 3.600 Fussballsterrainen. Geschätzt entsprécht dat engem Potential vu 50.000 Wunnengen.

Ähnlech Sujeten Bauen, Gemengen, Logementsministesch, Sam Tanson, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel