Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis
electrical hookup for tiny house https://moien.lu/hookup-bars-madison-wi/

https://moien.lu/are-any-one-tree-hill-actors-dating/

„Mir sinn ganz opgereegt an och ee bësschen nervös. Et

who dating carrie underwood
electrical hookup for tiny house https://moien.lu/hookup-bars-madison-wi/

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!

Vergaangene Mëttwoch huet d’Ministesch fir Gläichsstellung tëscht Fraen a Männer

Editorial: Wann der zwee sech ëm de Jughurt streiden…
electrical hookup for tiny house https://moien.lu/hookup-bars-madison-wi/

Editorial: Wann der zwee sech ëm de Jughurt streiden…

Wat ass dat awer eppes mat deem ganze Gestreits wéinst

London: Déi konservativ Deputéiert gesinn am Brexit-Gesetz e Verrot um Parlament

London: Déi konservativ Deputéiert gesinn am Brexit-Gesetz e Verrot um Parlament

Déi britesch Regierung huet um Donneschdeg nees d’Spannungen ënnert de konservativen opgehëtzt, andeems si en Amendement zum Gesetzprojet fir de Brexit verëffentlecht hunn. Dee gëtt vun de proeuropäeschen Deputéierten als „inakzeptabel“ denoncéiert. An dat nëmmen zwee Deeg nodeems grad si, d’Exekutive, bei der Iwwerpréiwung vum Text, gerett haten.

Elo gëtt dësen Amendement déi nächst Woch vum House of Lords gepréift, uschléissend den Deputéierten zu Ofstëmmung virgeluecht. An hei kann et nach emol „enk“ ginn, wat der Premierministesch Theresa May, dierft ee puer onroueg Nuechten abréngen.

Fir den nächsten Dënschdeg hunn sech déi proeuropäesch Deputéiert virgeholl, sech géint d’Consigne vun der Regierung ze erhiewen, an sech kengem Koalitiounszwang beim Vott ze ënnerwerfen. Dat si schlecht Nouvelle fir d’Premierministesch, där et mat grousser Méi gelonge war, de Gesetzprojet, mat deem de Brexit soll organiséiert ginn, duerchzesetzen.

Méi konkret: d’Deputéiert hunn en Amendement refuséiert, deen dem Parlament e Veto-Recht zum Resultat vun de Verhandlunge mat Bréissel zougestanen hätt. Dat ass beim Constat, datt déi meescht Deputéiert net averstane sinn sech vun der EU ouni Accord ze trennen, keng gutt Viraussetzung.

De falsche Wee

Fir hiren Text duerchgesat ze kréien, hat d’Theresa May sech engagéiert e Kompromëss-Amendement virzeschloen, deen um Donneschdeg ëffentlech gemaach ginn ass, an deen an der Substanz wäit dovunner ewech ass, wat sech déi proeuropäesch Deputéiert virgestallt haten.

Den Amendement gesäit vir, datt am Fall wou et bis zum 21. Januar 2019 net zu engem Accord mat Bréissel kënnt, e Regierungsmember bannent 14 Deeg eng Deklaratioun maache muss, an den Deputéierten d’Méiglechkeet ofzestëmme muss gi sinn. Dëse Vott, op der Basis vun enger „neutraler Motioun“ hätt awer just den Zweck d’Positioun vun der Regierung ze aktéieren.

Kaum datt den Amendement verëffentlecht war, hunn déi proeuropäesch konservativ Deputéiert, ugefaange mam Dominic Grieve – ee vun de Leader vun der Rebellioun – dësen Text denoncéiert: „Dat ass inakzeptabel. (…) d’Zil vum Amendement war et, den Deputéierte gehéier ze ginn“.

All Mënsch hannergaangen?

Nodeems dat, wat eng ganz vernënfteg Verhandlung war, hunn ech geduecht, datt mir en Accord hätten. Am leschten Ament ass en Deel vum Text verännert ginn, esou datt déi final Motioun onméiglech ze amendéieren ass“, esou den Dominic Grieve. Och säitens „Labour“ ass gejaut ginn: „den Amendement ass de Pabeier net wäert op deem e geschriwwen ass“, seet de Virendra Sharma.

Et wier dat de falsche Wee deen d’Premierministesch Theresa May ageschloen hätt. „Si zerrappt d’Parlament, hir Partei an d’Land. Dat andeems si jiddereen hannergeet“, betount de Virendra Sharma géintiwwer de britesche Medien, déi de Sënn vun dësem Schratt och net verstanen hunn.

An engem Communiqué huet de Brexit-Ministère den Text verdeedegt. Dee behaapt all déi Deputéiert gehéiert ze hunn „déi gefrot haten, hire Standpunkt zum Ausdrock ze bréngen, am wéineg probabele Fall, datt et mat Bréissel net zu engem Accord kënnt“. De juristesche Beroder vun der Regierung, Robert Buckland, huet op Sky News betount datt kee belu ginn ass.

mat AFP

Foto: Proeuropäesch Manifestante protestéiere virum britesche Parlament zu London. Mat engem Amendement zum Gesetzprojet fir de Brexit hunn déi proeuropäesch Deputéiert vun der Koalitiounsregierung e seriöe Problem. © Ben Stansall/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Koalitioun, Labour, Theresa May, Torreys
Nächsten Artikel Virrechten Artikel