Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Orkan Harvey: en Tëschebilan
International Neiegkeeten Stories

Orkan Harvey: en Tëschebilan

Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5
International Neiegkeeten Stories

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert
International Neiegkeeten Stories

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert

D‘Erhéijung vun den Taxen op d‘Pëtrolsproduiten, déi vir den 1.

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?

Lesbesch Koppel gëtt am Nuetsbus beleidegt, zerschloen an ausgeraibert

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?

Zwou Frae waren an engem Londoner Nuetsbus iwwerfall ginn, well si e Grupp vu jugendleche Männer net „Kusse“ wollten. D‘Police huet déi fënnef Krätzbéck verhaft, d‘Premierministesch Theresa May fuerdert entspriechend „Konsequenzen“.

De Virfall dee gëschter ëffentlech ginn ass, hat sech an der Nuecht vum 29. op den 30. Mee am Bus fir Camden Town (London) zougedroen. Eng vun de Fraen, d‘Melania Geymonat, hat no der Attack e Bild vu sech an hirer Frëndin op Facebook verëffentlecht. Eng Opnam déi a Groussbritannien fir allgemeng Opreegung suerge sollt a bis an déi héchste politesch Kreesser Entsetzen ausgeléist huet.

London

Esouwuel déi britesch Premierministesch, Theresa May, wéi och de Londoner Buergermeeschter, Sadiq Khan, hunn dës Dot mat homophobem Hannergrond schaarf veruerteelt. Kee Mënsch sollt verstoppe musse wien hie gären huet, esou d‘Regierungscheffin, déi d‘Dot mat „schänterlech“ och treffend bezeechent huet.

Wat war geschitt?

Während der Fahrt mam Doppeldeckerbus sollen déi zwou Fraen (Touristinnen aus den USA an Uruguay) vun der Grupp jugendlecher um ieweschte Stack vum Bus bedrängt gi sinn, wéi déi gemierkt hunn datt béid Dammen eng „Koppel“ sinn. Et huet mat Beleidegungen ugefaangen an huet mat der Fuerderung zum „Kussen“ eng bedauerlech Entwécklung geholl.

London

Déi Damen hu sech geweigert den Opfuerderunge vun den Knaschterten nozekommen, déi dunn handgräiflech gi sinn a op d‘Fraen ageschloen hunn. E „Gewaltausbroch“ deen den Toperten am Alter tëscht 15 an 18 Joer als „Lektioun“ fir déi lesbesch Koppel net genuch war. Si hunn d‘Koppel uschléissend nach ausgeraibert. Déi zwou Dammen hu missen am Spidol behandelt ginn.

Eng ergräifend Ausso

Déi 28 järeg Melania Geymonat huet de Virfall an engem längeren Interview op der BBC (World at one) nach emol geschëldert. Si huet erkläert datt si oft a regelméisseg verbaler Gewalt ausgesat ass, et bis ewell, wéinst hirer sexueller Orientatioun, awer ni zu Handgräiflechkeete komm war. Zum Virfall seet dës couragéiert Fra:

„Si hunn eis ëmzéngelt an en direkt aggressiven Toun ugeschloen, vu sexuelle Positioune geschwat a gefuerdert mir sollten eis Kusse während si sech dat ukucken. Fir d‘Situatioun ze berouegen hunn ech versicht mat Humor drop ze reagéieren. Meng Partnerin d‘Chris, dat keen englesch Schwätzt huet ustalte gemaach wéi wann et him net gutt wier, mee d‘Bouwen hu ma Mënzen no eis gehäit“.

London

„Dat nächst Bild dat mir virun Ae kënnt: d‘Chris steet an der Mëtt vum Bus an déi jonk Männer dreschen op et an. Ech sinn opgesprongen a wollt d‘Chris aus senger mësslecher Lag befreien, wéi si sech géint mech gewannt an wéi geckeg drageschloen hunn.“

Mat zwee Féiss um Buedem

Gefrot op dëse Virfall hat elo dovunner géif ofbréngen d‘Hand vu senger Liewenspartnerin an der Ëffentlechkeet ze halen, äntwert d‘Melania selbstbewosst: „Ech hu keng Angscht als lesbesch Fra erkannt ze ginn, an kee soll dofir Angscht hunn. Mee ech sinn nach ëmmer rosen. Jo ech hat op den Ament schrecklech gefaart. Leider ass d‘Situatioun net nei…“

Den Operateur „Metroline“ huet bestätegt, datt et vum Virfall Videoopname gëtt, déi vun den Iwwerwaachungskameraen opgeholl goufen an ee ganz enk mat den Autoritéite kooperéiert fir, déi schänterlech Dot vollstänneg opzeklären. D‘Police selwer huet d‘Biller vun de Videoopnamen als „Degoûtant“ beschriwwen.

London

Wat eis dëse Virfall allerdéngs och verdäitlecht: esouguer an enger vun de gréisste Stied op der Welt, wou Homosexualitéit eigentlech dat normaalst vun der Welt an allgemeng acceptéiert ass, muss nach vill Opklärung bedriwwe ginn. A wéi schlëmm et ass, dat beweisen och dréchen Zuelen. Esou hunn sech d‘Iwwergrëff op d‘LGBT-Communautéit zanter 2014 bis haut „verduebelt“!

mat indymedia/lon

Foto: Albrecht Fiez/Pixabay

Ähnlech Sujeten Homophobie, Homosexualitéit, Jeremy Corbyn, London, Metropolitan Police, Sadiq Khan, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel