Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum
D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum
Dausende Bierger zu Hong Kong, hunn an der Nuecht op
D’Phas vum Deconfinement rullt, d’Lëtzebuerger Bierger kréie lues awer sécher
Op der „Insel“ geet d‘Angscht virun enger Chômage-Well ëm an esouguer „gestanen“ Zeitungen an aner Medie fänken un den Toun ze veränneren. Esou gëtt beispillsweis vun engem „Bloodbath“ um Aarbechtsmaart geschwat. Mat enger Aart Kuerzaarbechtergeld konnt bis ewell dat schlëmmst nach verhënnert ginn, mee dëse Programm ass zäitlech befrist a kee weess wat duerno soll gemaach ginn.
Fir de Finanzminister Rishi Sunak keng einfach Situatioun, zemools dee gëschter am Ënnerhaus de Parlamentarier huet missen erklären, datt trotz alle Mesuren, d‘Wirtschaftsleeschtung vum Land bannent zwee Méint ëm 25% agebrach ass. Dozou kommen nach weider Wirtschaftsproblemer déi ze léise sinn. Dofir sollen elo Patronen an Entreprisen déi hir Leit net entloossen, belount ginn.
Wie seng Leit – déi derzäit a Kuerzaarbecht sinn – bis mindestens Januar behält, soll pro Aarbechter eng Primm vun 1.000 Pond kréien. Woubäi sech d‘Employeuren an de kommende Méint och wäerte musse verstäerkt um Kuerzaarbechtergeld bedeelegen. Eng „géigesätzlech“ Ausso, firwat elo a villen Entreprise muss gepréift ginn, op et iwwerhaapt ekonomesch Sënn mécht d‘Leit ze behalen.
Vun der Oppositioun gëtt dës Primm grondsätzlech begréisst, woubäi d‘Anneliese Dodds (Labour) nawell gäre gewosst hätt, wéi d‘Regierung da sécherstelle wéilt, datt dës Primm net un Entreprise geet, déi souwisou net wëlles hunn sech vum Personal ze trennen. An als Zousazfro: „Wat ass mat deene Betriber, déi net genuch Liquiditéiten hunn, weider duerchzehalen?“.
An och an anere Beräicher sinn d‘Ausgaben enorm. D‘Regierung huet 2 Milliarde fir d‘Schafe vun neien Aarbechtsplaze bereetgestallt. Esou géifen ënnert bestëmmte Viraussetzungen d‘Léin dësen neie Beschäftegte fir bis zu sechs Méint iwwerholl ginn. D‘Hoffnung hannert dësem Programm ass, datt méiglechst vill jonk Mënschen iwwert dës Moossnam a Beschäftegung kommen.
Net ze vergiessen, datt ënnert dem Slogan „Bauen, Bauen, Bauen“, nach emol 5 Milliarde Pond an en Infrastrukturprogramm fléisse sollen. Benéidegt gi Schoulen a Spideeler, Prisongen, Stroossen a Schinneninfrastrukture solle renovéiert/erneiert ginn. Doriwwer eraus ginn nach emol 3 Milliarde fir déi energetesch Sanéierung bereetgestallt. Mee et mussen och aner Secteure gehollef kréien.
Am Tourismus- a Gastronomieberäich soll d‘TVA vun elo 20% op 5% erofgesat ginn, an dat ass net dat eenzegt, iwwert dat sech d‘Britte freeën dierfen. Änlech wéi bei eis zu Lëtzebuerg, gëtt et och eppes fir d‘Leit ze animéieren „ausser Haus iessen ze goen“. Esou kritt all Resident am August, wann dësen an de Restaurant geet, eng „staatlech Remise“ vun 10 Pond op de Kapp.
mat indymedia/lon
Illustratioun: © Elena Mozhvilo / unsplash