Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier
International Neiegkeeten

En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier

Mir mussen den Drock erhéijen. Dat schéngt d’Taktik ze sinn,

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?
International Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

Méi Park & Ride a Busser?
International Neiegkeeten

Méi Park & Ride a Busser?

Wann zu Lëtzebuerg vu Mobilitéit rieds ass, stinn deene meeschte

Gitt dach einfach anstänneg!

London gënnt sech e Sozialdialog tëscht Zankerten a Brigangen – Hausbesuch inklusive

Gitt dach einfach anstänneg!

Et kéint een et als eng droleg Form vu „briteschem Humor“ ugesinn, mee et ass der Cheffin vum der Londoner Metro-Police, Cressida Dick batter eescht. Si huet hir Beamten zum Dialog mat de Verbriecher, Drogendealer ass soss onangeneeme Gesellen opgefuerdert.

London, datt ass net nëmmen eng Finanzplaz an en touristeschen Hotspot, mee och eng Stad an der d‘Kriminalitéit den Alldag matbestëmmt. Also den Ament, wéinst dem „Lockdown“ net méi esou wierklech. D‘Zuel vun de Strofdoten an der Covid19-Pandemie däitlech zréckgaangen, a wann et dem Cressida Dick nogeet, da soll dat och esou bleiwen, wann déi nei Normalitéit a Kraaft trëtt.

Bezitt een sech op déi „plakeg Statistik“ esou hu besonnesch d‘Gewaltdoten zolidd ofgeholl. Am direkte Verglach mam éischten Trimester 2019, huet sech d‘Zuel vu Virfäll mat Schosswaffen oder Messer hallwéiert, Iwwerfäll sinn ëm 40% zréckgaangen. Interessant och d‘Feststellung, datt déi bei jonke Mënsche beléifte Messerstiecherreien ëm bal 70% ofgeholl hunn. Dat soll elo esou bleiwen.

Fir dëst ambitiéist Zil ze erreechen, setzt déi Londoner Metro-Police net op Repressioun, mee sicht elo den Dialog. Dofir sollen elo d‘Polizisten d‘Brigangen doheem besichen. De Plang ass einfach: zousätzlech zu weidere Mesuren, kréien dausend geféierlech Krimineller elo Besuch, an dat och mindestens zweemol. Et geet drëms dëse Mënschen d‘Chance ze bidden, en neit Liewen unzegoen.

De Projet gëtt vun de Beamten an hirer Gewerkschaft begréisst, well et an dësem Kontext net eleng ëm ee „Gespréich“ geet, mee deenen déi sech bessere wëlle soll och konkret Hëllef ugebuede ginn. D‘Message ass däitlech: „Egal wéi dir zum Gang-Member, Drogendealer oder Raiber gi sidd, mir schwätze mat iech iwwert den Ausstig“. Et ass keng einfach Aufgab, mee si erschéngt sënnvoll.

Am Kontext vun der Pandemie an de Folgen, déi dës sanitär Kris onweigerlech wäert hunn, ass eis alleguerte bewosst, datt d‘Gesellschaft muss nei Weeër goen. Dat bescht wier, wann et dobäi méi ëm dat Zesumme wei dat Géintenaner géif goen. A wa schonn en Neistart, firwat sollten net och déi kriminell Elementer vun der Gesellschaft, esou ee Schratt maachen? Wëll et an hirer „Natur“ läit?

mat indymedia/lon

Illustratioun: Déi Londoner Metro-Police soll elo mat engem Hausbesuch bei dausend Kriminellen den Dialog sichen, an déi „béis Jongen“ iwwerzeegen en neie Wee, an eng nei Zukunft anzeschloen. © John Cameron / unsplash

Ähnlech Sujeten Chance, Cressida Dick, Dialog, London, Metro Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel