Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden
International Neiegkeeten

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

D‘Chamber huet nach net richteg ugefaange mat Schaffen, d‘Presentatioun vum

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
International Neiegkeeten

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

London geet d‘Reprise virsiichteg un

Mat iwwer 32.000 Covid19-Affer a Groussbritannien si vill Britten net wierklech iwwerzeegt, datt den Zäitpunkt fir Lackerunge schonn do wier. Trotzdeem hält de Premierminister Boris Johnson u senger Roadmap fest…

London geet d‘Reprise virsiichteg un

No siwe Woche Confinement wier en te un der Zäit de Leit nees virsiichteg méi Fräiheeten ze ginn, esou de brittesche Premierminister op der Tëlee: „D‘Zuel vun den Stierffäll ass tragesch, d‘Leiden ass immens an awer ass et eis gelongen d‘Verbreedung vum Virus anzedämmen“. Et kéint dann elo och mat klenge Schrëtter d‘Lackerungen ugoen. Mee ganz esou séier wéi anerwäerts geet et net.

D‘Reprise vum Unterrecht an de Grondschoule gouf op den 1. Juni terminéiert, och d‘Geschäfter sollen dann hir Dieren nees dierfen opmaachen. Bewäert et sech, kéinten d‘Bistroen a Restauranten den 1. Juli hir Aktivitéiten nees ophuelen. Fir d‘Land virun Neiinfektiounen aus dem „Ausland“ ze schützen, muss jiddereen den Areest ënner Quarantaine gestallt ginn. Dat sinn déi Haaptpunkten.

Vun dësem Méindeg un, ginn awer och d‘Kontaktspären eppes gelackert. Wie keen Homeoffice ka maachen, soll nees dierfen op seng Aarbechtsplaz zréckgoen. Vun e Mëttwoch un, dierfen sech Leit aus engem Menage zesummen an esou oft se wëllen am Fräien ophalen, de Sécherheetsofstand wier awer nach ëmmer anzehalen. D‘Richtlinne vun der sozialer Distanz ginn dogéint bäibehalen.

Keep calm and stay alert“

London geet vum „Stay at home“ (Bleift dohee) an d‘Phas „Stay Alert!“ (bleift Opmierksam) iwwer an awer wäert sech an den nächste Woche fir d‘Britte wéineg änneren. Ugesiichts den aktuellen Zuelen si wäitreechend Lackerunge schlicht net méiglech. A Groussbritannien goufe bis ewell méi wéi 220.000 Covid19-Infektiounen nogewisen, iwwer 32.000 Mënsche sinn dem Virus erleeën.

Dat ass den zweethéchste Wäert weltwäit, an et dierf sech gefrot ginn, op dem Boris Johnson seng Roadmap ze halen ass. Als „gutt“ gëtt dee vum Premierminister virgestallte fënnefstufege Warnsystem bewäert, mat deem zukünfteg d‘Lag op der Insel soll iwwerwaacht ginn. D‘Stuf vun der Alerte gëtt un d‘Reproduktiounszuel (aktuell ënner 1), de sougenannte R-Vecteur gekoppelt.

De ganzen Detail vun der Roadmap a wéi d‘Mesuren ëmzesetzen sinn, dat wëll de Boris Johnson haut méi ausféierlech am House of Commons erläuteren. D‘Lackerungen déi de Premierminister graff iwwerschloen huet, gëllen awer net fir: Nordirland, Schottland oder och nach Wales. Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon huet hie Bierger opgeruff, nach doheem ze bleiwen.

mat indymedia/lon/edi

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Groussbritannien, Stay Alert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel