Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
US-Bierger mussen am iranesche Prisong bleiwen
Neiegkeeten

US-Bierger mussen am iranesche Prisong bleiwen

E Samschdeg huet den Iran d’Demande vum Wäissen Haus, d’Amerikaner

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint
Neiegkeeten

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint

E Freideg huet de Barack Obama d‘Schweige vun de Republikaner,

moneysurprise
Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht
Neiegkeeten

Cargolux: De Grondstee fir dat neit Haaptquartéier ass geluecht

Et ass eng vun de gréisste Frachtfluchgesellschaften op der Welt

London erwächt net aus dem Terror-Albdram

Nees Doudeger bei Uschlag

London erwächt net aus dem Terror-Albdram

Ee Mann ass gestuerwen a weider aacht Mënschen si blesséiert ginn nodeems ee Gefier an der Nuecht op ee Méindeg Foussgänger zu London bei enger Moschee iwwerrannt huet. D’Antiterror-Eenheet ass vun der Police mat der Enquête beoptraagt ginn.

Konter-Terrorismus aktiv ginn

„Ee Mann ass nach op der Platz fir dout erkläert ginn a aacht Verletzter sinn an dräi Spideeler ageliwwert ginn.“ Dëst deelt d’Police an engem Communiqué mat. Zwou weider Persounen, déi méi liicht blesséiert goufen, konnten op der Plaz behandelt ginn. D’Police seet och, datt d’Direktioun vum Konter-Terrorissem ageschalt ginn ass. Den 48 Joer ale Chauffeur vun der Camionnette ass festgeholl ginn.

D’Premierministesch Theresa May huet hirersäits matgedeelt, datt d’Police de Virfall wéi eng potentiell Terror-Attack behandelt. Et gouf eng Drénglechkeetssëtzung fir haut de Moien aberuff. Si huet och an engem kuerze Statement hir Undeelnam fir d’Familljen zum Ausdrock bruecht.

No Aussoe vu verschiddene musulmanesche Vereenegungen, dorënner de Muslimesche Rot vum Vereenegte Kinnekräich (MCB), soll d’Dot virun enger Moschee stattfonnt hunn. De Harun Khan, Chef vum MCB, huet affirméiert, datt d’Camionnette absichtlech op déi Gleeweg beim erauskommen aus dem Gebietshaus gerannt ass. Och de Mohammed Shafiq, Kapp vun der Ramadhan Foundation huet dës gräisslech Dot veruerteelt.

mam Maureen Cofflard an dem Rosie Scammell/AFP

Foto: Iwwersiicht op d’Plaz vum Uschlag zu London (© Chloe Jihyeon Lee/AFP)

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, London, Terrorismus, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel