Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger
International Neiegkeeten

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Et ass e Projet, deen sech eppes Schwéieres virgeholl huet.

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un
International Neiegkeeten

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
International Neiegkeeten

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir Russland ze bremsen. Fir säin éischte Besuch zu Washington, hëlt de neie briteschen Ausseminister, Jeremy Hunt, de Mond zimlech voll. Et ass gewot der Trump-Administratioun „Duebeldäitegkeet“ virzegeheien.

Dat „aggressiivt a béiswëllegt Verhale vu Russland sabotéiert déi international Uerdnung, déi eis eigentlech schütze soll“ heescht et am Text – deen der Press am Virfeld vum Besuch virgeluecht gouf – vum Jeremy Hunt, dee seng éischt grouss Ried am aussepolitesche Kontext hale muss, zanter hien am Juli den demissionäre Boris Johnson ofgeléist huet.

Richteg ass, datt London a Moskau, zanter dem Gëftuschlag vu Salisbury, Ufank Mäerz, bei deem de fréiere russesche Spioun Sergueï Skripal mat senger Duechter d‘Zilscheif waren, net méi gutt op enaner ze schwätze sinn. Westlech Haaptstied hu koordinéiert eng ganz Rei russesch Diplomaten ausgewisen, a weider Sanktioune géint Moskau ergraff.

Déi komme bei déi derbäi, déi schonn ergraff goufen, fir Moskau fir d‘Annexioun vun der Krim, an der Amëschung an den US-Wahlkampf, ze denoncéieren. Washington hat sech bereetwëlleg den Aktiounen ugeschloss, a rezent nach nei „Strofen“ am Dossier Skripal ugekënnegt.

Da wier e sech jo eens?

Wann ee elo kéint unhuelen, nodeems et zu fatzegen Ukënnegunge komm war, déi ee puer vun den Haaptverantwortlechen an der Trump-Administratioun vu sech ginn hunn, datt Washington elo op Konfrontatioun mat Moskau geet, esou gëtt een enttäuscht. All Message vu „Charakterstäerkt“ gëtt vum Donald Trump verwässert, well deen seng Relatioune mat Moskau verbessere wëll.

Beim Sommet vun Helsinki, wou den US- Milliardär sech ganz conciliant mat sengem russeschen „Frënd“ Vladimir Putin gewisen huet, war vu Strofe wéineg ze héieren. Virun dësem Sommet hat den Donald Trump awer och seng Alliéiert, beim NATO-Sommet zu Bréissel, zolidd op d‘Féiss getrëppelt. Hie war dowéinst och entspriechend kritiséiert ginn…

Zu Washington, iert hien e Mëttwoch dem US-Ausseminister Mike Pompeo géinteniwwer trëtt, muss den Jeremy Hunt de NATO-Partner opfuerderen „méi wäit ze goen“. Dat sollt och en Zeeche sinn, datt béid Natiounen eng „besonnesch Relatioun“ ënnerhalen.

„Natierlech musse mir mat Moskau schwätzen. Mee mir mussen och éierlech sinn: déi russesch Aussepolitik ënnert dem Vladimir Putin huet d‘Welt méi geféierlech gemaach“. Dat soll den Hunt esou virum US-Friddensinstitut, engem amerikaneschen „Think Tank“ vun der Krichslobby, soen a fuerderen „mat den USA zesummenzeréckelen“, wouraus ee schléisse kann, datt dat net de Fall ass.

NATO-Solidaritéit

Et kann een och erkennen, datt de briteschen Ausseminister besuergt ass, iwwert den Zoustand vun der Solidaritéit innerhalb der NATO. Eng Allianz déi bestänneg vum US-President kritiséiert gëtt, wou d‘USA dach eigentlech sollten déi ausschlaggebend „Stäip“ vun dësem Veräi sollte sinn.

Laut dem Jeremy Hunt, huet déi „onsiichtbar Waff“ déi nach bis viru kuerzem d‘Stäerkt vun dëser nordatlantescher Allianz war, mam Appui vu sengen Arméien, den Zesummenhalt no Baussen demonstréiert. En Zesummenhalt, deen dem „Géigner“ keen Zweiwel zu de „Grenzen an de roude Linnen“ erlaabt huet. Et war een e Bündnis, datt sech behaapte konnt a Gewiicht hat.

„Amplaz eis op eis Kredibilitéit ze stëtzen, hu mir se geschwächt“, bedauert den Jeremy Hunt. „Déi wou net eis Wäerter deelen, musse wëssen, datt si ëmmer sollte bereet sinn en héije Präis ze bezuelen, wann si eng vun dëse roude Linnen iwwerschreiden, wéi: Invasioun, verbuede Waffen oder neierdéngs Hackerugrëff“.

Wann de Message un d‘USA zu Washington sollt e besonneschen Echo fannen, esou riicht sech de briteschen Ausseminister och un d‘EU. Déi gëtt opgefuerdert „sech esou opzestellen, datt hir Sanktioune géint Russland och am vollen Ëmfang ëmgesat ginn“.

Dem Brexit säi laange Schied

De Jeremy Hunt soll dann och vu Washington aus, d‘EU am Kontext vum Brexit warnen. „Eng vun de gréisste Menace fir déi europäesch Eenheet wier e chaotesche Brexit ouni Accord“, ass am Text notéiert. „Eng ongeuerdnet Scheedung géif den Zesummenhalt tëscht den europäeschen Alliéierten zerstéieren. (…) E geostrategesche Feeler fir Europa, an engem schwieregen historesche Kontext“.

Et géif ee bal mengen, datt Bréissel vu London verlaangt hätt d‘Unioun ze verloossen, wat jo erwisenermoossen net de Fall ass. Mee et ass déi Aart a Weis vun Duerstellung déi dem Donald Trump dierft gefalen. Hie selwer hält jo déi britesch Premierministesch fir „schwaach“ well déi onbedéngt en haarde Brexit verhënnere wëll.

An esou muss een dann drop hiweisen, datt d‘Gespréicher zum Brexit, déi zu engem Accord bis Enn Oktober féiere sollen, alles anescht wéi zefriddestellend sinn. Bréissel ass es leed stänneg de Briten hiert Gejéimers hinzehuelen. Och de sougenannte „Plang vu Chequers“ gëtt vu Bréissel zréckgewisen, an och de Nigel Farage geet nees an de Kampf fir en haarde Brexit ze erzilen.

„D‘Zäit ass elo komm, datt sech d‘EU-Kommissioun mat engem oppene Geescht den éierlechen a konstruktive Propose vun der Premierministesch stellt“, esou d‘Meenung vum „neie“briteschen Ausseminister. Deem muss iergendwéi entgaange sinn, dat Groussbritannien net wierklech an der Positioun ass Konditiounen ze stellen, an egal wéi, den 29. Mäerz 2019, d‘Bier geschielt ass.

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: De briteschen Ausseminister Jeremy Hunt ass e Mëttwoch zu Washington, wou hie seng éischt gréisser aussepolitesch Ried wäert halen. Hien huet Fuerderungen am Gepäck, mee wéineg Kaddoen. Wéi den Donald Trump a säin Ausseminister Mike Pompeo domatter wäerten ëmgoen? © Ilmars Znotins/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Jeremy Hunt, London, Russland, Sanktiounen, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel