Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
Neiegkeeten Stories

https://moien.lu/generic-dating-profile/

Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent

solo matchmaking csgo
Neiegkeeten Stories

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt

Iwwert de Misär vun de Buschaufferen an aus dem Privatsecteur

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn
Neiegkeeten Stories

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz

Los Colinas 4514: E Lëtzebuerger mat kubaneschem Akzent

Los Colinas 4514: E Lëtzebuerger mat kubaneschem Akzent

Mam Los Colinas vu La Punta, gëtt et op dësem véierten Advent e sougenannte „Sauerbéier“. E kéint een un eng belsch „Geuze“ erënneren, mee dofir ass en Grëtz saierlech. Iwwerhaapt ass et net esou einfach e Sauerbéier genee ze kategoriséieren. An eisem Fall kann ee dofir vun enger moderner Interpretatioun schwätzen, déi sech duerch hir Bekëmmlechkeet an de sëffege Charakter ervirdeet.

De Los Colinas 4514 ass hei eng Kombinatioun tëscht engem traditionellen an engem Summer Ale, dee mat engem „Laktos-Bazilus“ gesaiert ginn ass. Hien eegent sech ganz besonnesch fir all déi, wou sech mat dëser Aart Béier wëlle familiariséieren Am beschten ass et wann een e kill gelagert huet a mat enger Temperatur tëscht 6°C a 8°C zerwéiert. Hei stécht vill Braukonscht derhannert.

Wien de Los Colinas 4514 och bei Dësch presentéiere wëll, wat sech zu dëser Joreszäit ubitt, dee sollt wëssen, datt en ideal bei Wëld passt. Mee och an der Kiche selwer sollt een net fäerten dëse Béier an den Asaz ze schécken. Bei eisem Versuch gouf e bei der Preparatioun vu Rëndsgulasch agesat, an d‘Resultat huet all d‘Gäscht wierklech iwwerzeegt. E flotten Allrounder deemno…

Los Colinas

Dem Luisa ass geschëlt, datt mir hei ee ganz besonnesche Béier virstelle konnten. De Los Colinas 4514 vu La Punta, e moderne Sauerbéier, deen ausser datt e ganz lecker schmaacht, och villfälteg an der Kiche kann agesat ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat et mam Numm op sech huet

De Los Colinas 4514 soll e klengen Hommage un d‘Famill vum Luisa – dat ass dem Francis seng Madamm – sinn, firwat de Numm eigentlech d‘Adress vum Elterenhaus ass. Hei op Kuba, ass eist Luisa bei senger Groussmamm opgewuess. De Grousspapp vum Luisa, war als Zaldot mat derbäi wéi déi kubanesch Revolutioun ausgebrach ass. Eng Revolutioun déi hien aktiv ënnerstëtzt huet.

Hie war ee vun den 28 Offizéier deen un der Erstiermung vum Hafe Cienfuegos bedeelegt war, firwat hannen op der Fläsch, zur Erënnerung och de Fändel vun der Bewegung vum 26. Juli ubruecht ass. All d‘Offizéier an d‘Zaldoten déi sech fir déi Fräiheet agesat hunn, sinn vum Regime, deen sech zu wier gesat hat, verhaft an zum Dout veruerteelt ginn.

Nodeems et da mat der Revolutioun geklaapt hat, huet de Fidel Castro sengen treien Zaldoten, déi fir déi gutt Saach gestuerwe sinn, en Monument opgestallt, an d‘Famillje ginn zanterhier all Joers zu enger grousser Gedenkfeier agelueden. Nach haut gëtt tëscht dem 1. a 5. September op Kuba de Märtyrer vun der Revolutioun geduecht. Iwwert den Hommage hu se sech zu Kuba immens gefreet.

Foto: E ganz seelenen Artikel ass dëse Los Colinas 4514 deen ee beim „Francis“ zu Luerenzweiler erstoe kann. Am Adventskalenner huet e säin eegene – an garantéiert eenzegaartegen – Béierdeckel mat derbäi, an eigentlech sollt een déi (eidel) Fläsch an de Béierdeckel gutt versuergen, dat kritt eng Kéier wäert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Francis, La Punta, Los Colinas 4514, Luisa
Nächsten Artikel Virrechten Artikel