Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op
https://moien.lu/dating-website-background/ Neiegkeeten

https://moien.lu/my-time-senior-dating/

Fans vum Yoda, R2-D2 an Chewbacca konnten 2012 deck feieren.

singapore singles dating club
https://moien.lu/dating-website-background/ Neiegkeeten

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?
https://moien.lu/dating-website-background/ Neiegkeeten

Wien stoppt d’Haus vun der Maus?

Während d’Rumeur ronderëm d’Opkafe vu Fox duerch Disney ëmmer méi

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?

Am September ginn zwou guidéiert Visitte vum Fort Obergrünewald ugebueden. Esou e Sonndeg 1. September an e Samschdeg de 14. September (ëmmer um 15 Auer) kann een op den Dräi Eechelen net nëmmen d‘Vue op d‘Alstad genéissen, mee och säi geschichtlecht Wëssen nees opfrëschen.

Déi interesséiert Gäscht wäerten da gewuer ginn, datt dësen Uert laang Zäit net esou friddlech war, wéi een deen haut kennt. De Fort Obergrünewald hat eng gréisser Roll am Kontext vun der militärescher Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg 1684 gespillt. Dat och well d‘Héichte vum Pafendall zu dëser Zäit nach net „befestegt“ waren, an esou d‘Fransousen hir Kanounen do konnten installéieren. Vun do aus hu se dann op d‘Stad geschoss, déi béis a Matleedschaft gezu gouf.

Fir en neien Iwwerfall iwwert den Ëmwee vun dësen Hiwwel ze verhënneren, huet de néie „Chef“ – an eisem Fall de franséische Kinnek Louis XIV – sengem Militäringenieur Sébastien Prestre de Vauban den Uerder ginn dës Schwaachstell an der Verdeedegung ze behiewen. Dat ass gelongen…

Nach haut kann de Fort Obergrünewald, deen direkt virum Fort Thüngen (am Volleksmond „dräi Eechelen“ genannt) opgeriicht gouf, de Leit e gudden Androck vun der Stäerkt vun der befestegter Stad Lëtzebuerg ubidden. Weider militäresch Ouvrage si mat der Zäit bäigeprafft ginn, an et sinn och Kasematten ausgehuewe ginn. Dat alles kann ee wéi gesot mat eegenen Aen iiwerpréiwen.

Organiséiert gëtt den guidéierten Tour vun der Vereenegung „Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg“ (FFGL). Si hu sech ënnert anerem virgeholl, hire Gäscht d‘Roll vun der Artillerie, esouwuel beim Ugrëff wéi och bei der Verdeedegung vun enger befestegter Plaz ze erklären.

Dës Visitte kann een dann och vervollstännegen an deem een sech d‘Ausstellung „Et wor emol e Kanonéier“ am Musée „Dräi Eechelen“ ukucke geet. De guidéierten Tour gëtt a Lëtzebuerger Sprooch ugebueden. Iwwersetzungen op franséisch, däitsch an englesch sinn op Nofro méiglech. De Rendez-vous ass gi virum Musée, erwuessener bezuele 5 Euro, Kanner bis 12 Joer näischt.

Sech umellen ass ëmmer gutt, da ka sech besser op dem Empfang vun de Leit virbereet ginn. Dat geet mam Telefon iwwert den 621 701 720, oder per e-Mail un „guide@ffgl.lu“. Méi Detailer an aner Informatioune bitt och d‘Internetsäit vum Veräin un: www.ffgl.lu

Foto: De Fort Obergrünewald ass tëscht 1864 an 1888 ënnert der Leedung vum Vauban opgeriicht ginn an haut en Zäitzeie mat enger schéiner Geschicht. © FFGL

Ähnlech Sujeten Dräi Eechelen, FFGL, Fort Obergrünewald, Fort Thüngen, Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg, Sébastien Prestre de Vauban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel