Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!
Kultur

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

Beim Oberlandesgeriicht zu Braunschweig huet ee Mammutprozess géint Volkswagen ugefaangen.

Concours Péckvillchen’21 – Elo sidd Dir gefrot!
Kultur

Concours Péckvillchen’21 – Elo sidd Dir gefrot!

De Comité Altad a.s.b.l. organiséiert fir d’Émaischen 2021, e Concours

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer
Kultur

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer

Den Institut „Konfuzius“ vun der Universitéit zu Lëtzebuerg organiséiert de

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror

Zu senger Zäit verkannt, haut puere Kult

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror

Dem H. P. Lovecraft säin Afloss op Science-Fiction an Horror komplett ze retracéieren ass schwéier. Dëst haaptsächlech, well en esou grouss ass: Souwuel de Stephen King wéi och Ridley Scott an aner Kënschtler hunn sech un dësem dach wéineg bekannte Schrëftsteller orientéiert. A säi Wierk ass ganz besonnesch, well et genau um Punkt vun der Iwwerschneidung vum Horror a vun der Science-Fiction läit.

Lovecraft

Den 1890 a Providence (USA) gebuerene Lovecraft war zu Liefzäite kee sonnerlech bekannten oder beléifte Schrëftsteller. Kritiker hunn e reegelméisseg zerrappt. Och haut mierkt een schnell, firwat: Seng Prosa ass iwwerschwänglech, gefëllt mat schwéiere, komplexe Wieder. Seng Figuren si wéi Schablounen, seng Dialogen oft onnatierlech. Wier do net d’Atmosphär an den fir hien ganz typeschen kosmeschen Horror, wier et haut ee vu ville vergiessene Science-Fiction Schrëftsteller.

Gottgläich düster

Knackpunkt „kosmeschen Horror“: Hannert deem Begrëff verstoppt sech en Horror, dee manner aus Monstere besteet – Déi wuel och eng wichteg Roll bei him spillen – a méi aus deem schläichende Gefill, datt d’Mënschheet net de Mëttelpunkt vum Universum ass, mee éischter eng Foussnout an engem Tolstoy-Roman. D’Monstere vum Cthulhu-Mythos verkierperen dat perfekt: Si sinn Aliens, déi sech gréisstendeels eiser Logik entzéien. Si bestinn aus schwéier ze beschreiwende Formen a Faarwen an handelen via Proxyen. Zum Beispill iwwer Mënschen, déi se ubieden an hirem geeschtegen Afloss ënnerleien. D’Protagoniste vum Lovecraft senge Geschichte mussen sech oft géint aner Mënsche wieren, déi hier Mënschlechkeet verluer hunn a just nach iwwerflächlech Kopie sinn. An am Äis oder am Ozean schlofen d’„Ancient Ones“, riseg, gottgläich Aliens, géint déi d’Mënschheet näischt ausriichte kann.

Dat wuel bescht Newcomer-Wierk stellt wuel At the Mountains of Madness duer: Doranner entdecken Fuerscher virum Zweete Weltkrich an enger Expeditioun an der Antarktis Ruinen vun enger ënnergaangener Zivilisatioun. Dohannert verstoppt sech natierlech eppes Ausserierdesches, wat eis Virstellungskraaft komplett sprengt. Bis haut nach e grujelegt Buch, wat ëmmer nach beandrockt.

Esou faszinéierend wéi all dëst ass, esou ass de Schrëftsteller haut mat vill Virsiicht ze genéissen. Rassistesch Ënnertéin si Legioun a senge Kuerzgeschichten a Bicher. Dat muss een och bei der Lektür hautdesdaags ëmmer nach kritesch betruechten. Mee ofgesinn dovunner sinn d’Geschichten ëmmer nach spannend! Wie gären d’Quell vu ville gudde moderne Wierker fanne wëll, deen ass hei un der richteger Adress.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, H. P. Lovecraft, Horror, Kultur, Literatur, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel