Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?
Neiegkeeten

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?

Zwee Deeg laang huet déi éischt Reunioun vum weltwäite Gewerkschaftsnetzwierk

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung
Neiegkeeten

Giel Gileten: Fënneften Dag vun der Mobiliséierung

Un haidege Mëttwoch, geet d‘Kontestatioun géint ze héich Spritpräisser an

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag
Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag

Dës Madamm ass eng vun den erfollegräichste britesche weibleche Schrëftstellerinnen.

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi

Et sinn zwou Parteien, déi sech an hire Wäerter an Zieler definitiv ënnerscheeden. Um Owend vun den de Chamberwahlen hu mir Kandidate mat de verschiddensten Emotiounen ugetraff.

D’Enttäuschung war ze spieren

Fir Lëtzebuerg war d’LSAP ëmmer eng vun de stäerkste Parteien. Um Owend vum 14. Oktober war am Melusina eng ganz komesch gedréckte Stëmmung ze spieren, natierlech wéinst den, fir d’Partei, negative Resultater, déi no an no ugekënnegt gi sinn.

De Spëtzekandidat Etienne Schneider huet sech dem Publique just gewisen, fir op der Bühn fir den RTL gefilmt ze ginn. All anere Reporter hat net wierklech eng Chance an d’Gespréich mam Politiker ze kommen. Säi Gesiichtsausdrock war ugespaant, op der enger Säit ass souguer eng gewësse Roserei eriwwer komm. Kuerz no der Live-Iwwerdroung ass den Etienne Schneider direkt an een ofgetrennte Beräich vum Melusina gelaf, ouni iergendwellech weider Kommentaren ofzeginn.

D’LSAP muss déi nächst fënnef Joer mat dräi Setz manner an der Chamber eens ginn. Och an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg komme mol aner Zäiten, déi och ee Spëtzekandidat akzeptéiere muss.

Déi Konservativ weisen sech oppen an zouversiichtlech

Et ass eng relativ nei Partei, déi fir national Wäerter a Lëtzebuerger Traditioune steet. De Joe Thein selwer weess, datt bei dëse Chamberwahlen net mat grousse Resultater fir hir Partei ze rechne war. Dofir huet de President sech iwwert all Stëmm, déi si erhalen hunn, gefreet.

D’Motivatioun fir 1-2% ze erreechen ass fir déi Konservativ net duergaangen. Mat 0,52 % u Stëmme sinn si trotzdeem houfreg Fouss gefaast ze hunn a kucken zouversiichtlech an d’Zukunft.

Konservativ

Mario May a Joe Thein vun déi Konservativ
© Shari Pleimelding

Fir de Joe Thein, dee laang Zäit bei der ADR vertruede war, ass et eng komesch Situatioun seng ehemooleg Partei opsteigen ze gesinn. De Parteipresident kuckt dat Ganzt mat engem kräischenden a laachenden A. Fir hien ass et een neien Exercice an eng Challenge aus der een léiert.

No de Wahle gëtt elo gekuckt, wéi een de Fonctionnement verbesseren an de Programm besser vermaarte kann, sécher och mat bessere Marketingstrategien. Schliisslech musse si d’Gelänn preparéiere fir déi kommend Europawahlen 2019. Dozou gehéiert och d’Jugend unzeschwätzen an hiert Profil anstänneg ze vermëttelen.

Et ass zimlech sécher, datt et eng Gambia 2.0 gëtt. Déi genau Opdeelung vun den Tâche gëtt awer wuel eréischt déi nächst Deeg bekannt gemaach. Diskussioune lafen nach.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi Konservativ, Etienne Schneider, Joe Thein, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel