Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bloalge-Pescht op der Musel
Neiegkeeten

Bloalge-Pescht op der Musel

Wéi de Gesondheetsministère matgedeelt huet, ass nom Stauséi (Uewersauer) a

dislike
Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen
Neiegkeeten

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

Krisenzäiten am Fundamentalunterrecht
Neiegkeeten

Krisenzäiten am Fundamentalunterrecht

Fir d‘Gewerkschaft vun den Enseignanten, SEW-OGBL, steet d‘Primärschoul net virun

Lëtzebuerger Sozialdemokrate wëllen Europa erneieren

Nicolas Schmit a Lisa Kersch sinn d‘Spëtzekandidate vun der LSAP

Lëtzebuerger Sozialdemokrate wëllen Europa erneieren

Am Bouneweger Casino huet d‘LSAP gëschter déi sechs Kandidate fir d‘Europaparlament gewielt, an et dierf een de Konsens vun den Delegéierten ënnersträichen. D‘Sozialisten hunn sech dann och operluecht, fir ee méi soziaalt an ekologescht Europa ze kämpfen. Mee wien sinn d‘Kämpfer?

Do sinn de fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit (65) an d‘Studentin Lisa Kersch (24) als Spëtzekandidaten, an hir Equipp bestoend aus dem Deputéierte Marc Angel (55), der Schäffin Simone Asselborn-Bintz (53), den Student Elisha Winckel (24) an d‘franséisch Proff Joanne Goebbels (39). Si hätten Iddie wéi een Europa erneiere kann, en Europa deem et den Ament net gutt geet.

Si sinn iwwerzeegt, dat et méiglech ass eng aner europäesch Politik ze maachen, betounen zugläich datt et zu Europa keng Alternative gëtt, an dës Alternativen nëmme vu Sozialdemokrate kënnen ëm- an duerchgesat ginn. De LSAP-President Franz Fayot ass begeeschtert vum „Manifest“ datt zu dësem Zweck verfaasst ginn ass. Si hätten hir ganz Iddien dra gestach a wiere bereet lasszeleeën.

Esou sollen d‘Kandidaten d‘Ongerechtegkeeten ofschafen, méi konsequent fir d‘Gläichstellung vu Mann a Fra antrieden, an en Agenda op d‘Been stellen, mat deem d‘Aarmut an Europa soll eliminéiert ginn. Et soll zu engem europäesche Mindestloun kommen, wat och dem franséische President Emmanuel Macron wichteg ass, an eppes wéi en EU-Aarbechtsamt geschafe ginn.

Verständlech a kredibel?

Dëser europäesch „ADEM“ gëtt villes zougemutt: si soll d‘Recht op Aarbecht garantéieren, dem sozial Dumping entgéintwierken, an erstaunlecherweis (also eis erschléisst sech de Grond net) och dofir Suerg droen, datt Konsumente kënne Sammelkloen areechen. Fir déi Ziler ze erreechen, muss awer och den europäesche Wirtschaftsmodell nach emol iwwerschafft ginn, wat kaum méiglech ass.

Interessant ass de Constat, datt d‘Sozialdemokraten sech am Kontext vun den Europawahlen dann nees op hir Wuerzele bezéien, a sech drop behaapten, datt de Mënsch (a säit neistem) och d‘Natur iwwert de séiere Profit musse gestallt ginn. Dofir soll déi europäesch Industrie esou gestäerkt ginn, datt hir Kompetitivitéit an Attraktivitéit séchergestallt ass. En interessante politesche Spagat.

Natierlech huet d‘LSAP de Message vun de Schüler a Studente leschte Freideg héieren, a mécht sech staark fir eng energetesch Transitioun déi: „sech op eng klimatesch an energetesch Strategie bezitt, déi virun 2050 wëssenschaftlech etudiéiert muss ginn“. Et soll och zu enger Politik vun der Investitioun an déi energetesch Transitioun kommen, a Verschmotzer solle steierlech belaascht ginn.

Digital „naives“?

Am digitalen Zäitalter d‘Digitaliséierung als Erausfuerderung erkannt ze hunn, an sech domatter ausenanerzesetzen, geet nëmme wann ee kredibel ass. D‘Sozialiste wëllen dann och net, datt d‘EU seng fundamental Wäerter dësen neie Mäert affert. Si wëllen awer och de Geoblocking ofschafen. D‘LSAP fuerdert an dësem Kontext eng Beschäftegungsgarantie an e Recht op Weiderbildung.

Si hunn a wëllen sech och weiderhi fir de Schutz vu Whistleblower asetzen, d‘Wahlrecht an der EU harmoniséieren, an d‘Recht op Biergerinitiativen (Referenden) stäerken. Dat laangfristegt Zil hei: erreechen datt all europäesche Bierger iwwert déi selwecht Rechter a Flichte verfüügt. Dat kléngt gutt, woubäi nach keen erkläert huet, wéi a mat wiem dat elo kann ëmgesat ginn.

Flüchtlingspolitik gehéiert an de Wahlkampf, an hei gëllt et uecht ze doen, datt een déi richteg Positioun ergräift an dat och verständlech vermëttelt kritt. Esou soll den Dublin-Accord reforméiert ginn. Aussepolitesch muss Europa e staark an onofhängeg Politik bedreiwen, a sech kloer am Interessi vun de Bierger, fir de Fridden asetzen. Och dat klengt gutt, ass awer net ëmzesetzen.

Foto: © LSAP via Twitter

Ähnlech Sujeten Europawahlen 2019, Lisa Kersch, LSAP, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel