Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang
International Neiegkeeten

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang

Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch

Et brennt: Dës Kéier zu Bettel
International Neiegkeeten

Et brennt: Dës Kéier zu Bettel

Kuerz no 10:00 Auer de Moien ass et an der

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?
International Neiegkeeten

Glécksspill: Alles „Bingo“ oder wéi?

Mat engem Bréif vun der „Œuvre Grande-Duchesse Charlotte“, deen un

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo och den Direktiounscomité vun der LSAP säin Accord zu de proposéierte Kandidate ginn. Am viraus hat hei ee Wielercomité Persoune virgeschloen, fir bei den Europawahlen den 26. Mee 2019 unzetrieden.

De President vun der LSAP, den Franz Fayot gëtt un, datt d’Lëscht, déi um kommenden 18. Mäerz um Kongress vun der Partei zur Zoustëmmung virgeluecht gëtt, stäipt sech souwuel op der europäescher Kompetenz, wéi och op der Erneierung vun der LSAP. Dës 6 Fraen a Männer vertriede staark a konkret Iddie fir Europa nees méi sozial, ekologesch a solidaresch ze maachen – kuerz gesot: een Europa mat guddem Zesummeliewen.

D’Kandidatelëscht gesäit, an alphabetescher Reiefolleg, folgendermoossen aus:

  • Marc Angel, 55 Joer (Stad Lëtzebuerg)
    Diploméierten Iwwersetzer
    Deputéierten, President vun der Kommissioun vum Aussen- an Europaministère, speziellen Ambassadeur vun der ONUSIDA
  • Simone Asselborn-Bintz, 53 Joer (Belval)
    Diploméiert Educatrice
    Schäffin vun der Gemeng Suessem, Kandidatin vun den Europawahlen 2009
  • Joanne Goebbels, 39 Joer (Stad Lëtzebuerg)
    Franséisch Professorin
    Adjoint Directrice a Coordinatrice vun den internationale Klassen am Stater Kolléisch
  • Lisa Kersch, 24 Joer (Steebrécken)
    Studentin am leschte Joer an internationale Relatiounen un der Université Libre zu Bréissel
    Ehemooleg Spriechering vun der nationaler Unioun vun de Lëtzebuerger Studenten (UNEL)
  • Nicolas Schmit, 65 Joer (Berdorf)
    Ehemoolegen Aarbeschtsminister
    Ehemoolegen Europaminister
  • Elisha Winckel, 24 Joer (Schengen)
    Studentin am leschte Joer fir politesch Wëssenschaften un der Universitéit zu Amsterdam
    International Sekretäring vun de Jonke Sozialisten
    Ehemooleg Presidentin vum Jugendparlament
Ähnlech Sujeten Elisha Winckel, Europawahlen 2019, Joanne Goebbels, Lisa Kersch, LSAP, Marc Angel, Nicolas Schmit, Simone Asselborn-Bintz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel