Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no
Neiegkeeten

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no

Mat senger Ried huet d‘Greta Thunberg an engem Park am

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer datt de Produit

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
Neiegkeeten

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

LSAP-Kongress um internationale Fraerechter-Dag

Zwou Spëtzte fir eng Lëscht… esou wëllen d‘Sozialisten 2023 an d‘Parlamentswahle goen

LSAP-Kongress um internationale Fraerechter-Dag

Interessant wëll gewot: de Kongress vun der LSAP um 8. Mäerz – dem internationalen Dag vun de Fraerechter – huet ganz am Zeeche vum Feminismus gestanen. De Kongressbüro war integral den Dammen iwwerlooss ginn. D‘Cheffin vun der Damme-Sektioun, Maxime Miltgen, huet eng grouss Ried gehalen an de LSAP-President Yves Cruchten huet d‘Paritéit fir déi nächst Wahle versprach.

De Kongress war dann och deraart „feminin“ ausgeriicht, datt et engem bal hätt kënnen entgoen, datt – obwuel dat jo am Virfeld längst gekläert war – de fréiere Generalsekretär Yves Cruchten, nodeems de Wirtschaftsaffekot Franz Fayot dem Etienne Schneider säi Ministère iwwerholl huet, sech fir de Poste vum Parteipresident opgestallt huet. Ouni Géigner erhält hien 98% Zoustëmmung.

Och an Nordkorea war iwwert esouvill Eenegkeet bei ronn 300 Delegéierten erstaunt… An et sollt nach besser ginn. Déi vum Tina Koch an dem Maxime Miltgen virgeluechte Resolutioun ass dann och Eestëmmeg ugeholl ginn. Ob dat alles schonn „Erneierung“ ass? Zumindest ass et Ufank, och wann de politesche Konkurrent „déi gréng“ nieft der Paritéit och déi Jonk an der Chamber placéiert.

Méi Paritéit

Esou stellt d‘Maxime Miltgen dréche fest, datt et mat Revendicatiounen net méi gedoen ass, mee elo muss gehandelt ginn. Entspriechend der Resolutioun heescht dat: de Fraen an der Politik wéi an de Chefetage méi Plaz araumen. Zudeem muss et zur Gehältergläichheet kommen, an et sollt elo och derzou kommen, datt Beruff, Hausaarbecht a Familljeliewen, gläichermoossen harmonéieren.

Zudeem sollen déi sozialistesch Männer a Fraen sech gemeinsam, géint déi obsolet Ideologie vun den ultrakonservativen a populistesche Parteien opstellen, déi d‘Fra nees hannert den Uewe stelle wëllen an d‘Geschlechtergläichheet als Däiwelswierk verklären. Do gëtt zimlech däitlech op d‘CSV an d‘ADR higewisen, wat ugesiichts dem Datum duerchaus sënnvoll wann och onnéideg erschéngt.

LSAPEt wier keen Zoufall, datt et um Krautmaart d‘Paritéit gëtt an misst een nach eppes méi Konsequent iwwert d‘Paritéit bei de Kandidatelëschte fir déi nächst Parlamentswahlen nodenken. Et ass net vu Muttwëll, datt et eng Fraequot vu mindestens 40% an de Verwaltungsréit muss ginn. Setzt een do nach déi 38Stonne-Woch an den Homeoffice drop, wier der Harmonie Beruff/Famill och gehollef.

Méi Fraen op den LSAP-Lëschten

Wat elo de politesche Volet betrëfft, esou hunn se gëschter um LSAP-Kongress allerdéngs och agesinn, datt een d‘Damme jo emol muss an d‘Politik eranhuelen. Wann ee bedenkt, datt och d‘Sozialisten a leschter Zäit wéineg gemaach hunn fir d‘Vertrauen an d‘Politik ze stäerken, sollt de Wonsch méi Fraen unzezéien, zur zolitter Erausfuerderung ginn. Zudeem ass dat eppes eesäiteg…

Mee et sollen net nëmme „Frae“ besser an der Partei gefërdert ginn, och jonk Mënsche muss een nees politesch motivéieren. Et mengt een et also eescht mat der „Erneierung“ och wann et zur Stonn nach u Konkretem feelt an virun de paritéitesche Parlamentswahlen nach Kommunalwahlen ustinn. Och do sollt et méi Paritéit a Jugend ginn, verlaangt zumindest den Yves Cruchten.

Dann ass nach festzehalen, datt sech den Aarbechtsminister Dan Kersch besuergt gewisen huet, wat d‘Entwécklung an d‘Changementer an der ADR betreffen. Hie hält et fir héchst bedenklech, datt de Gast Gibéryen säi Chamber-Mandat un de Fred Keup (Wee2050) weider reecht. Hie streckt allen, déi sech dëser Ideologie verweigeren, d‘Hand aus a luet se an sech der LSAP unzeschléissen.

Illustratioun: Caroline Hernandez / unsplash

Ähnlech Sujeten Erneierung, LSAP, LSAP-Kongress, Maxime Miltgen, Tina Koch, Yves Cruchten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel