Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
https://moien.lu/car-hook-up-for-rv/

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

what to expect when dating a cuban man
https://moien.lu/car-hook-up-for-rv/

nicole bilderback dating

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
https://moien.lu/car-hook-up-for-rv/

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung

Jéngste Sprass vun der Fayot-Dynastie iwwerhëlt de Virsëtz de sozialistescher Partei

LSAP-Kongress: d‘Zukunft läit an der Erneierung

Um Dënschdegowend huet et zu Käerjeng beim LSAP-Kongress eigentlech nëmmen ee Motto ginn: „Erneierung!“. Eng Erneierung déi zur Prioritéit erugewuess ass, nodeems d‘LSAP direkt bei zwou groussen nationale Wahlen (Gemengen a Chamber) d‘Läpper eppes hänke gelooss hat.

No de Wahlnéierlage vun 2017 an 2018, an am Kontext vu bevirstoenden Europawahlen, war kloer, datt den LSAP-Kongress d‘Fundament vun der Parteierneierung misst leeën. Eng Erneierung déi sech op d‘Jugend vun der Partei ze stëtzen hätt, wat awer méi liicht gesot ass, wéi datt een dat och am Handëmdréie kéint realiséieren. Eng Suerg déi den austriedende President Claude Hagen kennt.

Hien ass dann och, deen d‘Verantwortung fir dat schlecht Ofschneide bei de genannte Wahlen op seng Kap hëlt. Et hätt een d‘Parteiziler net erreecht, mee d‘Verantwortung dofir iwwerholl, déi eege Basis net ausräichend mobiliséiert ze hunn. E Fait deen hinnen eigentlech bei de Gemengewahle schonn hätt dierfen aliichten. Dat gesinn zumindest vill jonker esou an dat sinn d‘Problemer net all.

Fir den austriedende Generalsekretär, Yves Cruchten, ass ersiichtlech, datt eng Rei Feeler gemaach goufen, an een zu dëse stoe muss. Et wier deen eenzege Wee nees zu enger „Eenheet“ ze fannen, déi Joerzéngte laang beispillhaft war. An d‘Eenheet fënnt een net erëm wann ee jéimert, mee andeems een d‘Äerm eropstrëppt an d‘Erausfuerderunge mat zwee Hänn fest a bestëmmt ugeet.

Eng Familljenugeleeënheet?

Interessant hei: d‘LSAP huet sech fir d‘Erneierung ausgeschwat a sech de Fränz Fayot als President gewielt. Den 1972 gebuerenen Affekot ass LSAP-Member zanter 1994, an trëtt dem Papp, Ben Fayot, seng Nofolleg un, dee vun 1985 bis 1997 d‘Mandat als Parteipresident ausgefëllt huet, an als EU-Deputéierte vun 1989 bis 1999 zu Stroossbuerg d‘Interesse vu Lëtzebuerg vertrueden huet.

Do stellt sech natierlech d‘Fro, wéi eng nei Weeër e Politiker goe kann, wann een esouvill Zäit op ausgetrëppelte Weeër verbruecht huet? Um Kongress ass allerdéngs nëmme wéineg a ganz selektiv zréckgebléckt ginn, woubäi den Trounfolger awer wëll erkannt hunn, datt déi nächst fënnef Joer, alles muss erfollegen, fir d‘LSAP nees an der Mëtt vun eiser Gesellschaft ze verankeren.

Fir de Fränz Fayot ass et wichteg, datt zumindest all déi aktiv Memberen sech bewosst ginn, datt et grad nach emol esou duer gaangen ass, fir un der Regierung bedeelegt ze sinn. E Weider esou ass deemno keng Optioun, a mat 42 Kandidate fir 10 Posten an der Parteileedung, schéngt et net u Männer a Fraen ze feelen, déi zu dëser Erneierung eppes bäidroe wëllen. Woubäi…

Déi nei Equipp kritt schwéier ze droen

Fir de 46 Joer jonke LSAP-President ass et an dësem Kontext wichteg, datt sech all d‘Sozialisten zu Lëtzebuerg doriwwer mussen am klore sinn, datt déi Aufgab: d‘Partei erneieren an nees als „déi“ Vollekspartei vun de Lëtzebuerger ze instauréieren, vill méi wéi Erausfuerderung ass. An den Erfolleg kann sech nëmmen astelle wann een d‘Reien nees schléisst an zesumme marschéiert.

„Mir hunn eis déi lescht Joren ze vill mat eis selwer beschäftegt, an et ass elo un der Zäit wou sech jiddereen d‘Fro stelle muss wat hie fir d‘Partei, an net wat d‘Partei fir hie maache, kann“, esou de Fränz Fayot kämpferesch. Dat de Sozialist mat engem imperialistesch-kapitalistesche Sproch seng Militanten zum Kampf fir eng méi sozialgerecht Gesellschaft motivéiert, kraazt un der Kredibilitéit.

Et ass natierlech och de Gedanken deen zielt, an den neie LSAP-President mécht senge Militante verständlech, datt d‘LSAP hir eegen Äntwerten op d‘Froen an d‘Erausfuerderunge vun eiser neier, an deemnächst digitaliséierter Gesellschaft, fanne muss, wann den Erfolleg sech nees soll astellen. An dësem setzt de Fränz Fayot op aus dräi Moossname bestoende Kaderprogramm fir d‘Erneierung.

Et feelt u Präzisiounen

Eng vun de Moossname besteet doranner, datt mat de Militanten en Katalog zu politeschen Theme muss ausgeschafft ginn, déi sech Abseits den klassesche Sujete positionéieren. Eng aner bezitt sech op d‘Formatioun vu méi Fraen a jonke Mënschen, déi d‘Zukunft vun der Partei ofséchere sollen a mussen. Déi lescht imminent wichteg Moossnam: déi sozialistesch Partei méi effikass maachen!

Wéi sech dës Moossnamen ëmsetze loossen, a wéi si da vum Wieler unerkannt ginn, dat steet natierlech op engem anere Blat. Mee wéi et den neie LSAP-President an de Sall geruff huet „D‘Land brauch eng staark LSAP“, an dorunner muss elo geschafft ginn. Hien huet och gesot, datt et net akzeptabel ass an enger Welt ze liewe wou de Räichtum esou schlecht verdeelt ass.

Datt d‘LSAP op nationalem Plang villes zum Sozialofbau an der Ongerechtegkeet bäigedroen huet, an als Regierungspartei och weider derzou bäidréit (z.Bsp. LuxTram), muss dem Deputéierte Fränz Fayot entwutscht sinn. A wann et de Sozialisten tatsächlech sollt eescht gemengt sinn d‘Erneierung ëmzesetzen, mussen si sech wuel oder iwwel vun hire liberale Positiounen trennen…

Foto: Mat 88% vun den Delegéiertestëmmen ass de Fränz Fayot zum neie LSAP-President gewielt ginn. Den Tom Jungen, President vum Syvicol a Buergermeeschter vu Réiser, gëtt mat 96% zum neie Generalsekretär gewielt. © LSAP

Ähnlech Sujeten Erneierung, Fränz Fayot, LSAP, LSAP-Kongress, Sozialismus, Vollekspartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel