Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus
Neiegkeeten

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg

Jemen: 150 Doudeger bannent 24 Stonnen
Neiegkeeten

Jemen: 150 Doudeger bannent 24 Stonnen

Déidlech Kämpf hunn e Méindeg den Toun an der Hafestad

Baden-Würtemberg: Schwéiert Zuchongléck bei Freiburg
Neiegkeeten

Baden-Würtemberg: Schwéiert Zuchongléck bei Freiburg

E Gidderzuch vun der Schwäizer BLS ass onwäit der Schwäizer

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

Fir d‘Sozialiste war d‘Sessioun 2016/17 eng erdréiglech. Keng wier esou gefëllt an trotz allem, besonnesch an der Fraktioun, duerch Engagement a Motivatioun, gutt ze meeschtere gewiescht. Fir de Bierger war et eng erfollegräich Sessioun, nach ni sinn esou vill Gesetzer zustane komm.

De Fraktiounschef Alex Bodry weist dann awer och drop hin, datt et vir eng Koalitioun, am Joer vun de Gemengewahle keng einfach Situatioun ass. Och Gemengewahle beaflossen déi national Politik. Hie stellt dann erfreet fest, datt et an der Koalitioun allerdéngs kaum zur Diskussioun stoung. Et war also eng parlamentaresch Sessioun déi Entschlossenheet an Zesummenhalt vun enger Koalitiounsregierung demonstréiert huet.

Wirtschaftswuesstem gefërdert

Gesetzer si gestëmmt, Entscheedunge getraff ginn. Alles fir d‘Majoritéit vun de Leit am Land, alles an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerschrëft vun der LSAP. Dorausser ergëtt sech dann och dat positiivt Resultat: 5% Wirtschaftswuesstem, réckleefege Chômage – och an den absoluten Zuelen – Wuesstem vun der aktiver Bevëlkerung a villes méi.

Duerch eng gutt iwwerluechte Steierreform ass och d‘Kafkraaft nees geklommen. Besonnesch de „klengen“ huet nees méi Netto vum Brutto. Dat läit wuel um positiven Ëmfeld, och awer zu gudder Läscht un den Investissementer. 2,5 Milliarden huet d‘Regierung an de Grapp geholl, eng Investitioun déi sech och nach 2017/18 wäert auswierken.

Eng besonnesch flott Noriicht, ass de Constat, datt och d‘Sozialkeessen gutt opgestallt sinn. Gleeft een dem LSAP-Fraktiounschef, dann hunn Pensiounskeess, Gesondheetskeess a Fleegeversécherung Reserven a héicht vun 18 Milliarden.

Konsens ouni d‘Kohärenz a Fro ze stellen

Do réckelt dann d‘Steierreform an de Mëttelpunkt. Si wier equilibréiert, well se zu 85% eppes fir déi Privatleit gemaach hätt. Nieft dem Steierkredit deen sech positiv op dat klengt a mëttelt Akommes auswierkt, konnt de Mindestloun an d‘Rent erhéicht ginn. Ee Punkt deen der LSAP wichteg war an ëmgesat ginn ass.

Alles ass da wuel nach net erreecht ginn. D‘LSAP huet sech op de Läif geschriwwen d‘Situatioun am A ze behalen. Spezifesch ass domadder d‘Situatioun vun den Elengerzéier gemengt an och d‘Reform vum RMG (elo REVIS) wëllen d‘Sozialiste grondleeënd matgestalten.

Den Alex Bodry betount dann nach, datt et dëser Regierung gelongen ass, d‘Land net nëmmen am Respekt vum Koalitiounsvertrag ze administréieren. Vill méi huet dës Regierung eng aktiv Gestioun hikritt an d‘Entwécklung intelligent begleet. Beweise léisst sech dat, duerch déi sëllech Reformen déi op de Wee bruecht gi sinn. Ze ernimme wiere beispillsweis: Gläichstellung, Relatioun tëscht Staat a Kierch an d‘Schoulreform.

Laangfristeg Perspektiv

Mat Theme wéi dem Nationalitéitegesetz an dem Space-Mining, oder dem Rifkin-Rapport, setzt d‘LSAP op eng laangfristeg Perspektiv. „Mir kucke méi wäit wéi 20 Joer an d‘Zukunft“ esou de Fraktiounschef.

Eng Ausso déi ënnersträiche soll, datt déi ganz Fraktioun, hir Mataarbechter an natierlech d‘Ministeren dozou bäidroen. Et weist de Bierger awer och, datt en „Zesummeliewen“ zu dräi – gemengt ass d‘Koalitioun mat der DP an déi gréng – genee esou gutt funktionéiert wéi zu zwee. De Grond heifir ass de Wëlle vun allen Acteuren, zum Gudde vun alle Bierger ze agéieren.

A villes bleift nach ze maachen. Den Alex Bodry wier frou wann dat sech nach bis zum Enn vum Mandat kéint realiséiere loossen. D‘Reform vun der Police, de Rettungsdéngschter an dem Spidol zum Beispill. Alles Beräicher, esou de Fraktiounschef, déi am ideologesche Spektrum vun der sozialistescher Partei leien.

Erausfuerderungen

D‘LSAP steet awer och nach groussen Erausfuerderunge géinteniwwer. Do wier zum Beispill de Budget 2017/18. Eng haart Noss, well et gëllt och hei déi ugezielte sozial Akzenter an Investissementsprojeten anzebréngen. Eng net esou liicht Saach, ëmmerhi geet et no där parlamentarescher Sessioun an d‘Chamberwahlen.

Et wier verständlech, datt de Bierger elo wësse wëll wéi et no de Legislaturperiod ka weidergoen. Fir wat steet deen een, a wat wëll deen aneren? Wann een hei den Aussoe vum Alex Bodry, am Bezuch op eng méiglech Koalitioun mat der CSV, Rechnung wëll droen, da muss ee sech déi aktuell politesch Situatioun méi genau vrun Ae féieren.

D‘CSV huet de Gros vun de Gesetzer déi d‘Koalitiounsregierung virgeluecht huet, matgedroen. Et ass och emol dergéint gestëmmt ginn, oder se hu sech enthalen. Fir d‘LSAP huet sech d‘CSV an den Debatten net duerch brauchbar Alternativen ervirgedoen. D‘Aussiicht op d‘Fortféierung vun enger „Schäuble-Austeritéitspolitik“ op EU-Niveau ass dann och mat de Sozialisten net ze maachen. Och vermësst den Alex Bodry nei Iddien.

Populismus war an ass keng Alternativ

Bei der LSAP gëtt iwwert eng Koalitioun mat der ADR net emol usazweis nogeduecht. De Fraktiounschef erkennt awer den Afloss vum Fernand Kartheiser. Dee wier nationalistesch gepräägt, ee Spigelbild vun der CSV-Politik aus de 60er Joren. Et ass dann och net ersiichtlech, wou se matgeschafft hätten oder de Bierger Perspektive kéinte bidden.

Mat déi lénk kann ee zwar schwätzen a gutt Iddien hätten se och. Leider stellen se sech villem an de Wee. E Rezept wat net am Sënn vun der Majoritéit ass an och der realer Situatioun net gerecht gëtt. Dat soll sech awer elo net géint eng gesond Debatte-Kultur wennen. Der LSAP geet et da schlussendlech och net ëm d‘Verdeele vu Ministerposten, mee d‘Politik esou ze gestalten, datt sech all Bierger erëmfënnt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel