Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bolsonaro verbitt d‘Feier
Meenung Neiegkeeten

Bolsonaro verbitt d‘Feier

Nom Drock vun der internationaler Communautéit an der „Interventioun“ vu

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie

Den Ausbau vum ungareschen Atomkraaftwierk PAKS II huet zu enger

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn
Meenung Neiegkeeten

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn

Et war dann emol déi lescht Taass Kaffi, déi eis

LSAP: Zesumme staark duerch Sammelkloen

Konsumente kréie méi liichten Zougang zur Justiz

LSAP: Zesumme staark duerch Sammelkloen

Verbraucher zu Lëtzebuerg sollen an Zukunft d’Méiglechkeet kréien, zesumme Kloen ze féieren, wa si an ähnlecher Aart geschiedegt gi sinn. D’Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert huet en Donneschdeg een entspriechende Gesetzesentworf an der zoustänneger Palmentskommissioun presentéiert. Lëtzebuerg ass eent vun den 9 Länner an der EU, an deenen de Rechtssystem keng Sammelkloen zouléisst.

Wéi schwéier et fir eenzel Konsumente ka sinn, hir Rechter géigeniwwer vu groussen Entreprisen duerchzesetzen, ass virun e puer Joer am sougenannten Diesel-Skandal besonnesch däitlech ginn.

D’LSAP begréisst, datt d’Konsumenteschutzministesch net mat der Ausschaffung vum Gesetzesprojet gewaart huet, bis eng entspriechend EU-Richtlinn virläit. Dës wäert méi schnell wéi erwaart ugeholl ginn a wuel Ufank vum kommende Joer a Kraaft trieden.

Lëtzebuerg wäert dann, dank dem virleienden Entworf, an der Lag sinn, déi europäesch Bestëmmungen an dësem Beräich ganz schnell ëmzesetzen. D’Rechter vun de Konsumente ginn esou viraussiichtlech nach virum Summer 2021 gestäerkt.

Ënnerstëtzung fir aussergeriichtlech Eenegung

Sammelkloe sinn net just e schlagfäerdegt Instrument, fir zesumme géint illegal Praktike virzegoen. Si kënnen am Fall vu Massekloen och d’Geriicht entlaaschten, déi op Grond vu beispillhafte Fäll zu engem eenheetlechen Uerteel fir all Geschiedegt kommen.

De Gesetzesentworf beugt och de Mëssbrauch duerch Interessegruppe vir, andeem e verlaangt, datt d’Finanzéierung vu Kloen duerch Drëttpersounen oppe geluecht musse ginn. Doriwwer hannenaus soll de „Verléierer bezillt-Prinzp“ verhënneren, datt onnéideg Prozesser gefouert ginn, déi vu vir eran keng Perspektiv hunn a virun allem d’Ruffschiedegung vun enger Entreprise zum Zil hunn.

Besonnesch positiv bewäert d’LSAP-Berichterstatterin Tess Burton d’Tatsaach, datt de Gesetzesentworf en neie Kader fir eng Eenegung schaft. Ier eng Sammelklo viru Geriicht kënnt, ginn all Bedeelegt obligatoresch iwwert d’Méiglechkeet vun enger aussergeriichtlecher Eenegung informéiert.

D’Kläger decidéieren uschléissend, ob si dëse Wee aschloe wëllen, kënnen awer ëmmer nach viru Geriicht zeien, wann et net zu enger Eenegung kënnt. Béide Parteien gëtt bei dëse Verhandlungen en erfuerene Vermëttler zur Verfügung gestallt, woubäi de Staat d’Käschten iwwerhëlt.

„Wichteg ass, datt geschiedegt Konsumenten esou schnell an esou onkomplizéiert wéi méiglech zu hirem Recht kommen. Wann dat ënnerhalb vu wéinege Méint mat Hëllef vun enger professioneller Mediatioun geléngt, ass dat fir all Parteie vu Virdeel“, sou d’LSAP-Deputéiert Tess Burton.

Matgedeelt vun der LSAP

Opmaacherbild: © Jamie Street / Unsplash

Ähnlech Sujeten aussergeriichtlech Eenegung, Gesetzesentworf, Konsumenteschutz, LSAP, Paulette Lenert, Rechtssystem, Sammelkloen, Tess Burton
Nächsten Artikel Virrechten Artikel