Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg
Kultur Neiegkeeten

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg

Um haidege Samschdeg fänkt no enger laanger Summerpaus och d‘Championnat

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen
Kultur Neiegkeeten

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat

25. Joer Haus vun der Natur – Feiere mat Kuch a super Aktivitéiten!
Kultur Neiegkeeten

25. Joer Haus vun der Natur – Feiere mat Kuch a super Aktivitéiten!

Fir de 25. Gebuertsdag vum Haus vun der Natur gitt

D‘Rees kann ufänken!

Luci – Inspiréierend Reesberichter aus Lëtzebuerg (online ab dem 14. Abrëll)

D‘Rees kann ufänken!

„Luci“ de neie Magazin, erausgi vu „Luxembourg for Tourism“, luet an zu enger imaginärer Rees duerch d‘Groussherzogtum an. An de Geschichte léieren d‘Lieser Uerter a Mënsche kennen – a ginn esou méi iwwert d‘Emotiounen, déi se verbannen, gewuer. De Magazin inspiréiert zu Ausflich an neie Begéinungen a soll Loscht op zukünfteg Reese maachen. Op www.luci.travel kann een den Magazin online liesen an och an gedréckter Form bestellen.

Am neie Magazin vun der Rees-Destinatioun Lëtzebuerg erziele Leidenschaftlech Auteuren a Fotografe vun inspiréierenden Uerter a Mënschen, vu Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft vum Groussherzogtum. An der aktueller Lag luet „Luci“ jiddereen an, doheem ze dreemen a sech d‘Wonschlëscht mat den Ausflich fir déi Zäit zesummenzestellen, an där Reesen nees méiglech ass.

Wat charakteriséiert Lëtzebuerg a firwat sollt een d‘Land besichen? Ass et déi urban Kultur an enger oppener kosmopolitescher Haaptstad? Sinn et déi beandrockend Naturlandschaften un déi gastronomesch Héichpunkten? Dat sinn definitiv e puer vun de Grënn an et gëtt der nach vill méi: eng Rees op Lëtzebuerg ass eng eemoleg Mëschung vun authenteschen Andréck, déi Mënsche beréieren an direkt an d‘Häerz treffen.

An der éischter Ausgab vu „Luci“ entdecken d‘Lieser ënnert anerem urban Aventurieren, déi d‘Weltierwe vun der Stad Lëtzebuerg mat ongleeflecher Liichtegkeet entdecken; visionär Wënzer, déi hiert Land léiwen an him Guddes wëllen undoen; Frënn aus aller Welt, déi sech op enger androcksvoller Rees iwwert d‘Bierger vum Éislek befannen; oder Mënschen, déi déi symbolesch Bedeitung vun onsem historeschen Ierwen emotional beweegt.

Während den Ttel „Luci“ un de Grënnungsnumm vu Lëtzebuerg „Lucilinburhuc“ erënnert, spigelt de Magazin dat haidegt Bild Land zréck: weltoppen, waarmhäerzeg a villfälteg. Et riicht sech u Reesender, déi no Erfarungen ofsäits den ausgetruedene Weeër sichen a sech dofir interesséieren, wat ee Land a seng Mënsche wierklech ausmécht: Liewen, Kultur, lokal Produiten, Natur an Traditiounen.

D‘Zäitschrëft „Luci – Inspiring Travel Stories from Luxembourg“ Uausgab 1/2020, 116 Säiten) erschéngt an de Sproochen: Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch. De Magazin ka gratis iwwert de Site oder mëttels enger e-Mail un hello@luci.travel bestallt ginn. Notéiere mir nach, datt www.luci.travel nëmmen eng Temporär Versioun vun der endgülteger Websäit ass, déi nach am Summer soll online goen.

Matgedeelt vum wirtschaftlechen Interessegrupp (GIE) „Luxembourg for Tourism“, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Luxembourg for Tourism (GIE)

Ähnlech Sujeten Luci, Luxembourg for Tourism, Magazin, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel