Search

You may also like

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg
Auto Neiegkeeten

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

GARDEN SOUNDS mat Räpzodi um 19. September
Auto Neiegkeeten

GARDEN SOUNDS mat Räpzodi um 19. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!
Auto Neiegkeeten

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!

Als hollännesche Moler gehéiert de Rembrandt van Rijn wuel zu

Luerenzweiler: déi eppes aner Kontrollstatioun

Zanter Ufank der Woch kann ee seng technesch Kontroll bei „Lu Ks“ maachen

Luerenzweiler: déi eppes aner Kontrollstatioun

Mat der Reform vun der „Technescher Kontroll“ déi am Dezember 2016 a Kraaft getrueden ass, huet zum engen d‘SNCT hir Monopolstellung verluer an zum aneren den Automobilist d‘Chance kritt sech anescht ze orientéieren. Bei der SNCT huet villes einfach nëmme fir Ierger gesuergt

A mat der Liberaliséierung vun de Mäert – wat net wierklech bei allen Déngschtleeschtunge vun der ëffentlecher Hand eng gutt Léisung ass – kann een elo fräi wiele vu wiem ee sech drangsaléiere wëll loossen. Esou huet de Legislateur, ënner bestëmmte Konditiounen, privaten Entreprise du missen erlaben, sech zu Lëtzebuerg ze installéieren déi den Automobilisten en anere Service ubidden.

Déi éischt déi sech dat zu notze gemaach hunn war DEKRA. Dat ass eng däitsch Entreprise déi dem TÜV gewëssermoosse Konkurrenz mécht an sech zu Bartreng installéiert huet. An elo da gëtt et och eng Lëtzebuerger Firma déi sech e Stéck vum Kuch wëll ofschneiden. Déi heescht „Lu Ks“ dat steet fir „Luerenzweiler Kontrollstatioun“ an derhannert steet e Mann mat Geld: den Allain Dasthy.

Luerenzweiler

Alles „easy“ bei der Lu Ks gëtt een den Auto of, niewendrun gëtt et eng Taass Kaffi mat engem lecker Croissant. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hien ass dat, wat een am Minetter Jargon géif „ee Glaten“ nennen. Hien ass de Chef vun engem Bureau d‘Expertise zu Walfer. Do soll et och ëm Autoe goen, mee esouguer dat geet net kloer aus den am Internet zougänglechen Informatiounen ervir. Kee Facebook, keen Twitter an och soss näischt Geschäftleches op dat ee kéint zréckgräifen. Et wier also een esou genannt onbeschriwwend Blat.

Firwat dës Informatioun? Ma et geet hei, am Kontext vun der technescher Kontroll, ëm masseg Goss, an de gudde Mann huet keen anere mat an d‘Boot geholl, wéi den Armand Biberich, dee bis 2017 Direkter vun der SNCT war. Esou ee kritt een net fir näischt an et geet hei wahrscheinlech och éischter ëm seng Kontakter – wat villes méi einfach mécht – wéi ëm d‘Qualifikatioun…

Anescht a besser?

Kann sech esou no enger Woch net behaapte loossen, woubäi et schonn eng Rei Ënnerscheeder gëtt, déi dat ganzt fir den Automobilist mat SNCT-Erfarung méi agreabel mécht. Dozou zielt, datt een net méi muss am Gefier sëtze bleiwen, an och de Stress u sech einfach näischt mam Gedirängels bei der SNCT gemeng huet. Mat anere Wierder, du gëss de Won an der Receptioun of a relax Kaffi drénken.

Keng iwwerflësseg Diskussiounen an esou och keng Mëssverständnesser. Dat ass cool a schount net nëmmen d‘Nerve mee ass och mega vir d‘Laun. An dat ee sech hei richteg versteet: dat gëllt fir béid Säiten, wëll net nëmmen den „Inspekter“ kann ee schlechten Dag hunn, och esou munch Clienten hunn esou hir Problemer mam gudden Ëmgang. Dat ass ganz kloer eppes wat fir „Lu Ks“ schwätzt.

Luerenzweiler

Bis zu 4 Gefierer gläichzäiteg kënnen hei kontrolléiert ginn. Et geet nëmmen op Rendez-vous, wat u sech net verkéiert ass, an jidderengem sollt hëllefen Zäit ze spueren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat 56 Euro fir en Auto gëtt et natierlech därer déi et oncool fannen zu Luerenzweiler méi blechen ze musse wéi bei der SNCT. Gutt dat ass hiert gutt Recht, mee Service gëtt et net zum Nulltarif an DEKRA ass nach eppes méi deier. Also entweder de Gäiz ass gäil an et huet Freed drun sech fir domm verkafen ze loossen, oder et gräift ee liicht méi déif an d‘Täsch an léisst een se gewäerden.

D‘Statioun huet véier Pisten a kann zimlech eppes un Undrang verkraaften, woubäi dat net de sprangende Punkt ass. Hei gëtt nëmmen op Rendez-vous kontrolléiert an et gëtt bei „Lu Ks“ esou eppes wéi Flexibilitéit. E Service deen ee sech iwwer Joere bei der SNCT gewënscht huet, an deen et eegenen Aussoen no och soll ginn. Wou dee verstoppt ass weess net emol de fréieren Direkter.

Foto: Nach gëtt am Haus geschafft, mee déi éischt Gefierer hunn sech scho gewisen. Praktesch, am Haus ass e Bäcker an deem seng Saache sinn einfach lecker. Also och wann der keen Auto oder soss e Gefier huet, schonn dowéinst lount sech den Ëmwee. Mee eppes méi eescht: déi Luerenzweiler Kontrollstatioun Lu Ks ass eng gutt Alternativ zur SNCT, och wann et eng Grëtz méi kaschten deet © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Allain Dasthy, Armand Biberich, Lu Ks, Luerenzweiler Kontrollstatioun
Next post Previous post