Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Serge Wilmes: Wierklech de richtege Kandidat ? (Lieserbréif)
namibian online dating chat Neiegkeeten

https://moien.lu/war-day-matchmaking/

Ass den Serge Wilmes wierklech déi richteg Persoun fir dem noutwendege Wandel

best dating site tamil nadu
namibian online dating chat Neiegkeeten

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!

Sibirien ass wonnerschéin a wäit entleeën, huet et wéinst de

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
namibian online dating chat Neiegkeeten

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

Brasilien: Ex-President Lula op fräiem Fouss awer net begnodegt

Brasilien: Ex-President Lula op fräiem Fouss awer net begnodegt

„Ech kommen aus dëser Saach méi grouss, méi staark, méi éierlech an onschëlleg erauskommen, well ech wëll beweisen, datt déi aner e politescht Verbrieche begaangen hunn“. Mat dëse Wierder hat de fréiere brasilianesche President Lula da Silva virun 19 Méint sengen Unhänger „Äddi“ gesot.

An déi hunn hirem „President“ während senger Haft zu Curitiba d‘Staang gehalen. Déi ganz 580 Deeg, déi de Lula da Silva am Prisong gesiess ass, huet et eng Mahnwaach virum Gebai vun der Police ginn. E Freidegowend konnt den ex-President, dee wéinst Korruptioun veruerteelt ginn ass, dann endlech seng Zell verloossen. Seng éischt Wierder hunn deene leit gegollt déi daper all Dag virum Policegebai op hie gewaart hunn.

Lula„Egal ob et 40°C oder 0°C hat, un all hellegem Dag waart dir de Bensin fir eis Demokratie“, esou ee siichtlech erliichterte Lula da Silva. Mee dee sollt seng Freed an der Gitt halen. Gewonnen ass näischt: hien ass zwar op fräiem Fouss, mee gëllt net als onschëlleg. Hie profitéiert hei vun enger Grondsazentscheedung vum ieweschte Geriicht, an déi gëllt och fir dausenden aneren Ugekloten. Dat iewescht Geriicht huet nähmlech entscheet, datt Strooftäter eréischt dann an de Bing mussen, wann déi lescht Instanz hiert Uerteel gefält huet.

Bis ewell ass een a Brasilien och dann an de Prisong gaangen, wann d‘Beruffung nach unhänglech war. Aus dësem Grond huet d‘Justiz och de Lula da Silva nees missen op fräie Fouss setzen. Ob d‘Uerteel vun 8 Joer feste Prisong wéinst Bestiechlechkeet bestätegt oder verworf gëtt, doriwwer mussen déi iewescht Riichter nach befannen. Wéi se sech entscheeden, dat wäert een dann awer eréischt am Fréijoer 2020 gewuer ginn.

LulaDem Lula da Silva seng Strof (hie war zu 12 Joer Prisong veruerteelt ginn an d‘Strof gouf op 8 Joer reduzéiert) bezitt sech op e luxuriéist Appartement, dat hien als Géigeleeschtung fir lukrativ Staatsopträg kritt hätt. Den ex-President bestreit dat: „Et ass eng Sauerei, wat dëse verkommen Deel vum brasilianesche Staat mat mir an der Gesellschaft gemaach huet. De Verfaulten Deel vu Justiz, Staatsanwaltschaft, Police a Finanzadministratioun… si hunn alles dru gesat fir déi lénk ze kriminaliséieren, d‘Aarbechterpartei an de Lula“.

Elo ass allerdéngs dovunner auszegoen, datt och wann dat iewescht Geriicht d‘Uerteel bestätegt, de Lula da Silva net méi an de Prisong muss, mee seng Strof am „Hausarrest“ dierf ofsëtzen. Dat ass awer net dat wat de 74 järege wëll. Hie wëll nees an d‘Politik an dem Faschist Jair Bolsonaro aus dem Amt verjoen. A kaum datt de Lula da Silva seng Zell verlooss hat, huet hien dësem och de Krich erkläert. Hie wëll de Brasilianer hiert Land zréckginn.

Lula

De fréiere brasilianesche President Lula da Silva ass e Freidegowend aus dem Prisong komm, mee gëllt nach net als onschëlleg. An e puer Méint muss datt iewescht Geriicht an der Beruffung nei entscheeden. De lénke Politiker bleift awer zouversiichtlech. Hien hätt sech näischt virzewerfen an wier decidéiert sech dem faschistesche President Jair Bolsonaro an de Wee ze stellen © Marcelo Freixo (via Twitter)

Schonn 2018 wollt de Lula da Silva sech nees als Kandidat opsetzen an d‘Sondagen hunn hien och als „Gewënner“ presentéiert. D‘Uerteel an déi unhänglech Haft hunn dat verhënnert. An de Fall gesat, am Fréijoer géif sech dat iewescht Geriicht zugonschte vum ex-President ausdrécken, da gëtt et politesch nees eppes méi spannend. Déi lénk hunn hir „Symbolfigur“ zréck, de Faschist säi Liiblingsfeindbild. Deen huet d‘Brasilianer opgeruff, dem Lula da Silva keng „Munitioun ze liwweren“, woubäi seng Politik beim Vollek net op Zousproch fällt.

mat indymedia/ccs

Foto: Dem Lula da Silva seng Unhänger hunn d‘Fräiloossung zelebréiert. © Ricardo Stuckert

Ähnlech Sujeten Bestiechung, Brasilien, Jair Bolsonaro, Lula da Silva
Nächsten Artikel Virrechten Artikel