Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen
is efe dating mavis what are niche dating sites

https://moien.lu/online-dating-christchurch-new-zealand/

E Mëttwoch huet d‘ADEM déi neisten Zuelen zur Beschäftegung zu

best dating cities in the world
is efe dating mavis what are niche dating sites

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord

Wéi de Landwirtschaftsminister sech leschten Dënschdeg op d‘Musel beginn huet,

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)
is efe dating mavis what are niche dating sites

Sommet vun den EU-Inneminister zu Lëtzebuerg (mat Analys)

Datt mat der „organiséierter Verdeelung vun de Mëttelmier-Flüchtlingen“ an der

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“

D‘Nathalie Arthaud, Spriecherin vu Lutte Ouvrière (LO) huet e Sonndeg, um Parteifest zu Presles (Val d‘Oise) zu engem neie „Mee 68“ an enger „sozialer Explosioun“ opgeruff, fir géint d‘Politik vum Emmanuel Macron virzegoen. D‘Truppe sollen sech den 22. an 26. Mee mobiliséieren.

Laut den Organisateure, hunn eng 15.000 Leit um Fest vun der marxistesch-leninistescher Partei deelgeholl. E Fest bei deem traditionell vill Aktivitéite gebuede ginn. Spiller, pedagogesch a politesch Atelieren, a ganz vill Musek. Bis zum Méindeg Owend, also iwwert déi dräi Deeg, gëtt LO vu 25.000 Leit aus, déi um Joresfest sollten derbäi gewiescht sinn.

Et ass e Fest dat sech oppe gëtt, wou e sech „keng Ëmstänn“ muss maachen, sech soll amuséiert an informéiert ginn. Et huet Stänn ginn op deenen Debaten ugebuede goufen, dat zu Theme wei „de lénken Antisemitismus: dat britescht Beispill“, oder „d‘Spidolskris op den Antillen“, mee och „d‘Postbeamte géintiwwer den Ugrëffer vun hirer Direktioun“.

Do dertëscht, Buvetten, Iessbuden, Jazz-Orchester an Konschtatelieren. Déi hunn dann och fir dëse „besonnesche“ Kontrast gesuergt, am Kontext vum kämpfereschen Toun vun der Leaderin vu LO, dem Nathalie Arthaud. Eng „grande Dame“ vu der franséischer Lénker, stellt d‘Nathalie Arthaud sech virun d‘Aarbechter, géint d‘Ongerechtegkeet an eng Politik fir déi (ganz) Räich.

Bereet ze kämpfen

„Géint d‘Offensiv vum Macron an dem Kapital, d‘Welt vun der Aarbecht muss sech wieren“ an „mat allen déi dës Situatioun net méi aushalen a sech eng nei sozial Explosioun wënschen, mir soe jo, et brauch e neie Mee-Juni 1968!“, esou d‘Nathalie Arthaud géintiwwer engem opmierksame Public. „Fréier oder spéider wäerten sech déi Ausgenotzten nees an der Mass erhiewen“.

„An engem Joer ass et dem Macron gelongen eng Attack no där aner géint d‘Aarbechter ze reiden“, denoncéiert si an zielt op: „d‘Aarbechtsordonnance fir datt d‘Patronat méi séier a méi bëlleg kann entloossen“, „d‘Erhéijung vun der CSG (generaliséierte Sozialbeitrag) déi vun de Pensionäre muss gedroe ginn“, „d‘Selektioun op den Universitéiten“, oder d‘Kontroll vun de Chômeure“.

„Wa mir dat net stoppen, wou si mir dann a fënnef oder zéng Joer? Wéi gesäit dann d‘Liewe vun eise Kanner aus? Hannert dem ‚Changement‘ an der ‚Modernitéit‘ déi den Emmanuel Macron affichéiert, steet e President deen eenzeg an eleng Ae fir déi éischt an Rei huet, an alles woumatter Fric ze maachen ass“, veruerteelt si Entscheedungen déi géint d‘Bierger getraff ginn.

Streng mat där aner „Lénker“

Kandidatin bei der Presidentielle vun 2017 ënnert de Faarwe vu LO (0,65%), eng Partei déi 8.000 Membere revendiquéiert, rifft d‘Nathalie Arthaud seng Truppen op, sech um Aktiounsdag vun der Fonction Publique, dësen 22. Mee ze bedeelegen, a widderhëlt den Appell zur Manifestatioun de 26. Mee, un der Säit vu politeschen, gewerkschaftlechen an associativ Organisatiounen.

Lutte

Studenten an der Strooss „Saints-Pères“ zu Paräis den 12 Juni 1968. D‘Nathalie Arthaud rifft seng Truppen op, sech fir en „neie Mee 68“ staark ze maachen. (archiv) © AFP

Allerdéngs Warnt d‘Nathalie Arthaud: „Mam Mélenchon oder dem PCF vereent eis d‘Kontestatioun géint de Macron, mee d‘Perspektiven si Géigesätzlech“, verséchert d‘Leaderin vu LO, dat zu engem Zäitpunkt, wou de Leader vun „La France Insoumise“(LFI) zur Grënnung vun enger „populärer Front“ vun de Parteien, Gewerkschaften an Associatiounen oprifft.

„Och wa mir eis fir den Erfolleg vun dëser Manifestatioun asetzen, mir ënnerschreiwen net den Eenheetsappell well mir déi politesch Operatioun déi sech ofzeechent verwerfen, a mir ruffen d‘Aarbechter op mësstrauesch ze bleiwen“, betount d‘Nathalie Arthaud, déi haart an d‘Geriicht, mat de Leader vu „lénks“ geet. (LFI, PCF a Generation-s)

Eng vereenegt Lénk?

Laut him ass „d‘Alternativ déi dës Operatioun opbaut, ass eng Neifaassung vun der „vereenegter Lénker zu Zäite vum Mitterand an der ‚Gauche Plurielle‘ ënnert dem Jospin“. Kooperatiounen déi um Enn zu Enttäuschung an Verzweiwlung bei den Aarbechter an d‘Militante gefouert hunn.

„Wat och ëmmer hir Riede vun haut bedeiten, wann si bis un der Muecht sinn, wäerten och si am Déngscht vun deene räichste schaffen“, betount d‘Nathalie Arthaud. „Also, wa mir och oft déi selwecht Saache wéi de Mélenchon, Laurent oder Hamon denoncéieren, esou maache mir dat net mat der selwechter Perspektiv“.

„Wa si d‘Politik vum Macron denoncéiere fir de Retour vun der Lénker un d‘Muecht virzebereeden, déi dann d‘Gestioun vun den Affäre vun der Bourgeoisie iwwerhëlt, da veruerteele mir genee dat, fir d‘Aarbechter politesch ze bewaffnen, mat der Perspektiv, datt si selwer, kollektiv, agéieren“, esou d‘Nathalie Arthaud.

mam Nadège Puljak/AFP

Foto: D‘Nathalie Arthaud vu Lutte Ouvrière, erwaart vun den Aarbechter a senger Mililtanten, sech géint d‘Politik vum Emmanuel Macron „opzestellen“. © Bertrand Guay/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Jean-Luc Mélenchon, Lutte Ouvrière, Marxismus-Leninismus, Nathalie Arthaud
Nächsten Artikel Virrechten Artikel