Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi lescht Sëtzung vum Regierungsrot iert et an d‘Vakanz geet
Auto Meenung

https://moien.lu/trimester-dating/

„Entspaant an Zefridden“, esou d‘Ambiance bei der leschter Sëtzung vum

30 too late to start dating
Auto Meenung

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2

No der éischter Editioun vun dësem Quiz hate mer geduecht,

money
De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn
Auto Meenung

De Präis vum Pëtrol fänkt nees un méi deier ze ginn

Um Dënschdeg huet de Pëtrolspräis nees ugezunn, wéi den amerikanesche

Ze domm fir d‘Luuchten unzemaachen?

Ze domm fir d‘Luuchten unzemaachen?

Et ass déifsten Hiecht, de Wanter steet vrun der Dier an ech hunn dat dommt Gefill deen eenzegen ze sinn, dee matkritt huet, datt dobaussen och Daags iwwer net déi beschte Siicht herrscht. An awer begéinen ech op Schratt an Tratt stänneg Automobilisten, déi aus engem mir onverständleche Gronn d‘Luuchten net umaachen.

Dat ass nieft der Feststellung datt et zimlech Däämlech ass, och nach tatsächlech geféierlech. Et ass iwwregens net manner geféierlech just mat den „daylights“ ënnerwee ze sinn, well de Verkéier kënnt och vun hannen. A jo, do hunn ech dann einfach kee Versteesdemech, besonnesch da net, wa mer iergend e Blani erkläert, datt dat wat ech verlaangen, esou net am Code de la Route virgesinn ass.

Ma gutt dann „Dommen“, bass anscheinend ee vun deenen, deem een alles muss op de Punkt genee virschreiwen. An et ass esouguer ganz gutt méiglech, datt wann et dann tëscht eis um Sonndegowend kuerz vru sechs Auer gerabbelt hätt, du nach um Enn am Recht gewiescht wiers. Mee vläicht wiers de och dout, oder ech. Eng Situatioun déi mat engem einfachen Handgrëff ze verhënnere gewiescht wier.

Also d‘Luuchten net umaache just well een der Meenung ass engem selwer wier et Hell genuch, an och am Gesetz géif näischt Géigendeeleges stoen, ass geféierlech domm. An elo sinn eigentlech ee vun deenen, deen der Opfaassung ass, datt jiddereen esou Domm dierf si wéi e wëll. Dat hält dann awer do op, wou een Drëtter, onbedeelegter a Gefor bréngt.

Gitt Siichtbar“ ass dann och net eng Campagne déi sech eleng u Cyclisten a Foussgänger riicht. Gutt gesinn a gesi ginn, ass grad an dëser Joreszäit eppes wat „Schlëmmeres“ ka verhënneren. An ech mengen elo net dat ee stierft, mee schwéier blesséiert ass och eng Katastroph. Säi Gewësse mat Schold belaaschten, just well een e ganz einfachen Handgrëff net hikritt huet, ass et dat wäert?

Ähnlech Sujeten Auto, Luuchten, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel