Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
Kultur Neiegkeeten

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

coollaughing
TDF: Peter Sagan Vainqueur op de Héichte vu Lonkech
Kultur Neiegkeeten

TDF: Peter Sagan Vainqueur op de Héichte vu Lonkech

De Weltmeeschter Peter Sagan (Bora) huet um Méindeg seng éischt

cooltonguesurprise
De Gilles Leyers ass beschte Pilot beim Lëtzebuerger Karting-Championnat zu Mirecourt
Kultur Neiegkeeten

De Gilles Leyers ass beschte Pilot beim Lëtzebuerger Karting-Championnat zu Mirecourt

Am Kader vum Championnat vun der „Ligue Karting Grand Est“

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer

Déi 3. Editioun vun der Internationaler zeitgenössescher Konschtfoire

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Beim Bléck vun uewe kribbelt et engem schonn an de Fanger fir duerch d'Gäng ze schlenderen. © Art Fair
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Monochrom Konscht op héchstem Niveau! © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
A wéi cool ass dat dann? © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Figuren aus aale Gedrénksbechsen - ass dat den artistesche Recycling? © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Hei reiht sech ee Wierk un dat anert. © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Bei dësem Highländer-Schädel si 7000 Swarowski-Stäng verschafft ginn. Majo dofir blénkt et awer och schéin! © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Asiatesch Wierker an hirer schéinster Form. © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Do huet ee missen zwee Mol hikucken fir ze erkennen, datt dat hei net just een einfache Pinsel ass! © Shari Pleimelding/moien.lu
Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Esou vill Plaz wéi hei huet een net an all Gank. Mee wou vill gebuede gëtt sinn och dementspriechend vill Visiteuren. © Shari Pleimelding/moien.lu

Och zum Schluss vum Joer muss een Highlight gesat ginn. Dofir treffe vum 6. bis den 9. Dezember Konschtintresséierter, Galeristen, Kenner a kreativ Käpp bei der sensationeller Luxembourg Art Fair openeen. Op iwwer 6000 m² Ausstellungsfläch réit sech een exzeptionellt Konschtwierk un dat nächst.

Gëschter Owend konnte beim Vernissage schonn déi éischt Spectateuren ee Bléck op dës riseg Ausstellung werfen, wou ausgewielte Galerië Biller, Skulpturen an kreativ Konschtobjete vun op mannst genau esou héichklassegen Artiste presentéieren, zum Dialog opruffen an einfach eng inspiréierend Wierkung op de Visiteur hunn.

Schonn lescht Joer huet déi zweet Editioun vun dësem Evenement een immense Succès erlieft. Ronn 17.630 Visiteuren hunn et sech net entgoe gelooss, déi héichwäerteg artistesch Offer un ze kucken. Majo do ass et kee Wonner, datt d’Hale vun der Luxexpo-The Box beim Vernissage voller gespaanter Visiteure waren, déi duerch déi verschidde Gäng a Beräicher geschlendert sinn.

Wien de Wee op de Kierchbierg op sech hëlt gëtt sécher net enttäuscht. Scho Méint am viraus huet ee professionelle Comité sech zesumme gesat, fir schlussendlech 80 national an international Galerien auszewielen, déi op dësem Evenement insgesamt 4000 Wierker presentéieren. Duerch de Mix aus Biller, Fotografien a Skulpturen entsteet hei een harmonescht Gesamtkonzept, dat am Hannergrond vu rouege Jazzkläng, natierlech live, ofgeronnt gëtt.

Ziel ass et op de Räichtum vun der zäitgenëssescher kënschtlerescher Offer opmierksam ze maachen an déi bescht Konditioune fir d’Siichtbarkeet an d’Diffusioun vu kreativen Iddien ze bidden. Den Discours mat de Profien ze woe bleift hei net aus. Mee wien huet dann och eppes dogéint, méi schlau Heem ze goen a seng Siichtweis vun engem Wierk, wat een ufanks vläicht net esou uspriechend fënnt, duerch ausféierlech Erklärunge komplett zum positiven ze wennen?

Et sollt een op alle Fall genuch Zäit mat bréngen, wann ee sech alles ukucken an duerch sämtlech Beräicher vun de Galerien trëppele wëll. Do wou een immens breede Spektrum u Konschtstiler, vun Expressionismus, iwwert Abstraktioun, bis hin zum Minimalismus an der Pop Art, de Visiteur wëllkomm heescht, muss de Konschtbegeeschterten sech schonn e puer Stonnen Zäit huelen! Do kënne mir Lëtzebuerger wierklech houfreg sinn, esou eng héichwäerteg international Expo begréissen ze dierfen.

Nëtzlech Informatiounen

Zu folgenden Zäiten ass op:

Den 6. Dezember vun 18:00 bis 23:00 Auer
Den 7. Dezember vun 16:00 bis 22:00 Auer
Den 8. Dezember vun 10:00 bis 19:00 Auer
Den 9. Dezember vun 10:00 bis 19:00 Auer

Den Entrée kascht 10 € fir Erwuessener, Mannerjäreger komme gratis eran. Déi riseg Foire ass an der Luxexpo The Box, Hal 8 (Entrée SUD). Méi Informatioune ginn et ënnert www.luxartfair.com.

Wien um Kierchbierg net kann dobäi sinn, sech dat Evenement awer op kee Fall entgoe loosse well, fënnt hei déi nächst Rendez-vousen fir 2018/2019.

Art Fair
Art Fair

 Opmaacherbild: © Art Fair

Ähnlech Sujeten Expressionismus, Kierchbierg, Konscht, Luxembourg Art Fair, LuxExpo, Pop Art, Vernissage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel