Search

You may also like

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt

Et war een vun dëse Weekender virun der grousser Vakanz,

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?
Neiegkeeten

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?

Am „Club Senior“ vun Esch-Uelzecht weess een dat d‘Beweegung Léif

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?

[onionbuzz quiz-id=96][/onionbuzz] An dësem Stad-Quiz gi mer erëm an de

Luxair: Den Adrien Ney gëtt pensionéiert

Luxair: Den Adrien Ney gëtt pensionéiert

Den aktuelle CEO vun der Luxair, Adrien Ney, ass encouragéiert ginn elo awer seng Pensioun ze huelen, obwuel dësen nach eppes bleiwe wollt. Laut dem Honnertkommasiwe ware verschidden Acteuren um Fluchhafen a beim Staat mat senger Krisegestioun onzefridden. Den Nofolger steet scho fest.

Am „Luxair-Group“ Communiqué vum 24. Abrëll, gëtt dat eppes anescht presentéiert, woubäi et richteg ass, datt ee sech och bei der Luxair op d‘Zäit no der Kris muss astellen. Reesen dierft esou séier net méiglech ginn, firwat de Verwaltungsrot drop beduecht ass, sech méiglechst „Krisefest“ opzestellen.

De Luxair-President Giovanni Giallombarto – deen och an de Verwaltungsréit vun UniCredit Luxembourg S.A., Defin Sàrl, Immochapelle S.A, an dem MUDAM siegéiert – soll no der Concertatioun mat den Aktionären, de Gilles Feith, 1. Conseiller am Verdeedegungsministère, als neie CEO virgeschloen hunn.

Deem schéngt d‘Propose ze gefale firwat de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) de Poste vum 1. Conseiller vum Gouvernement nei besetze muss. Laut dem Honnertkommasiwe wier de Minister – wann de Gilles Feith bestätegt gëtt – bereet, d‘ Juristin Nina Garcia, déi als Attachée zanter 6 Joer am Verdeedegungsministère aktiv ass, als Nofolgerin ze nominéieren.

Foto: © Luxair

Related topics Adrien Ney, Gilles Feith, Giovanni Giallombarto, Luxair, Luxair Group
Next post Previous post