Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt
Money Neiegkeeten

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt

Nom Verloscht vun zwee Mandater an der Feststellung, datt „déi

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken
Money Neiegkeeten

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

Am Kader vum Dag vun der Diversitéit (15. Mee) organiséieren

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!

Haut kann een dem britesche Rock- a Pop-Museker gratuléieren. De

money

Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert

Trotz „Turbulenzen“ geléngt eng finanztechnesch Punktlandung

Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert

Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt d‘Resultat vun 2017 (9,5 Milliounen Euro) nach emol iwwertraff ginn. Och bei de Passagéierzuelen huet sech d‘Luxair en neie Rekord geleescht. Et geet eiser Fluchgesellschaft also gutt, oder gëtt do eppes iwwersinn?

Am Secteur ass säit enger Rei Joren der Däiwel lass, an de Präiskampf ënnert den Operateuren, hei besonnesch d‘Konkurrenz aus dem „Niddregpräissegment“, fänkt un sech bemierkbar ze maachen. Esou ass de Maartundeel vun der Luxair zolidd réckleefeg: 2016 (Wéi sech Ryanair zu Lëtzebuerg installéiert huet) louch dee bei 61,24%, mee 2018 waren et der nëmmen nach 52,78%.

Den Direkter vun der Luxair, Adrien Ney, stellt an dësem Zesummenhang fest, datt een op gutt der Hallschent vun de Fluchlinnen, enger direkter a seriéiser Konkurrenz géinteniwwer steet. Dogéint géif et dann och kee „Rezept“, et misst ee sech mat der Situatioun familiariséieren. Dat bedeit dann, datt ee bei de Luxair op der Sich no Léisungen ass, an eng méi aggressiv Präispolitik néideg ass.

Präispolitik awer kann een nëmme gestalten, wann ee sech op stabil Parameter verloosse kann. Dat bedeit datt d‘Präisser vum Kerosin an den CO²-Emissiounszertifikater „iwwersiichtlech“ bleiwe mussen. Mat den CO²-Zertifikater, déi an de leschten zwee Joer eng Hausse vun 257% erlieft hunn, an de Schwankunge beim Pëtrol léisst sech eng „Volatilitéit vun de Präisser“ awer net verhënneren.

Kee Grond a Panik ze geroden

Wirtschaftlech awer géif sech d‘Luxair gutt stoen, firwat een och 2019 zouversiichtlech ass. Bei der Luxair spillen och déi verschidde Beruffsbranche mat eng Roll. Esou huet de Beräich „Fracht“ ëm 2% zougeluecht an och d‘Passagéierzuele vu „LuxairTours“ sinn ëm 9% geklommen. Ganz gutt schloen huet sech och „LuxairServices“ och wann een nëmmen eng kleng Hausse verkënnege kann.

Betruecht een d‘Resultater vun der Luxair iwwert e gréisseren Zäitraum, esou kann ee sech selwer dovunner iwwerzeegen, wéi dynamesch erfollegräich d‘Fluchgesellschaft ass. An de leschten zéng Joer huet d‘Luxair eng Progressioun vun: +79% bei de Passagéier, +42% bei der Fracht an +158% beim Empfang an der Betreiung (Handling) vun de Leit am Terminal Findel Opweises.

Am Verwaltungsrot kënnt et zu engem Changement. De Paul Helminger – och President vum Cargolux-Verwaltungsrot – verzicht drop d‘Regierung weiderhin ze vertrieden, an huet säi Mandat zur Dispositioun gestalt. D‘Regierung huet d‘Nominéierung vum Giovanni Giallombardo, Member vum Verwaltungsrot vun Essilor-Luxottica, virgeschloen. Dat ass dann och esou ugeholl ginn.

Bild: Jan Vasek /Pixaba

 

Ähnlech Sujeten Adrien Ney, Joresbilan, Luxair, LuxairCargo, Luxairservices, LuxairTours
Nächsten Artikel Virrechten Artikel