Search

You may also like

D’ADR – Fraen: Richteg Politik fir d’Fraen amplaz e falsche Streik!
Money Neiegkeeten

D’ADR – Fraen: Richteg Politik fir d’Fraen amplaz e falsche Streik!

D’ADR Frae wënschen haut alle Fraen e ganz schéine Feierdag!

Amerikaneschen a Lëtzebuerger Krichsminister erklären de Weltraum zum Schluechtfeld
Money Neiegkeeten

Amerikaneschen a Lëtzebuerger Krichsminister erklären de Weltraum zum Schluechtfeld

Am August 2019 huet d‘US-Administratioun annoncéiert eng „Weltraum-Sträitmuecht“ ze schafen.

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?
Money Neiegkeeten

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?

Nodeems et déi vergaange Woch an de soziale Brennpunkten: Quartier

money

Den Ament flitt d‘Luxair nach op London

Den Ament flitt d‘Luxair nach op London

Wéi et säitens der Luxair-Direktioun um Sonndegmuere matgedeelt gouf, hätt dee vum brittesche Premierminister Boris Johnson fir London a grouss Deeler vu Südengland verhaangene Lockdown, den Ament keen Afloss op de Fluchplang vun der nationaler Fluchgesellschaft.

Op et zu Ännerunge komme kann, wollt/konnt kee soen, firwat een dann emol dovunner ausgeet, datt et keng Changementer huet. Jiddefalls soll um Fluchplang, bis zum 23. Dezember abegraff, festgehale ginn. Säitens der Direktioun géif een et allerdéngs begréissen, wann een nieft de PCR-Tester, och Schnelltester um Fluchhafen hätt. Dat géif d‘Offer erweideren an villes erliichteren.

Vun der Luxair-Direktioun gëtt nach drop higewisen, datt et schonn am Summer zu sougenannte „Mutatioune“ komm ass, ouni datt dowéinst hätte misse weider Restriktioune beschloss ginn. Dat stëmmt, an et ass zudeem och net ongewéinlech datt et zu Mutatioune kënnt. Eng 4.000 därer sinn zanter dem Pandemie-Ausbroch gemellt ginn. Déi „englesch“ Mutatioun ass do keng Ausnam.

Dës sougenannt „englesch“ Mutatioun mat der wëssenschaftlecher Bezeechnung VUI2020/12/01 huet zudeem schonn de Kontinent erreecht. Esou hunn d‘Hollänner dësen ongebiedene Gaascht bei sech opgeholl. Dat heescht et dierft net laang brauche, bis hien och bei eis do ass. Woubäi dann och duerno misst gesicht ginn. Infoen zu Mutatioune gëtt et am Land séier wéineg wann iwwerhaapt.

Aktuell huet et och eng Mutatioun a Südafrika déi den „Experten“ Kappzerbrieches bereet. Leider sinn d‘Ausféierungen nees eppes widderspréchlech an onverständlech. A well Däitschland préift ob et Mesure brauch, muss dat eis Regierung net maachen. Si kann dann déi Berliner Decisioun mat an d‘Consideratioun eran huelen, sollt et sech imposéieren aus dësem Grond Mesuren ze decidéieren.

Paräis gesäit dat eppes anescht, hei huet et eng Drénglechkeetssëtzung. Et soll berode ginn, op de Fluch-, Séi- an Zuchverkéier mat der Insel soll ofgebrach ginn. Eng Rei Länner hätten sech schonn entspriechend entscheet, esou déi kuerz Notiz aus dem Elysée. Och d‘Regierungen an der Belsch an Holland, wëllen sech zäitno zu méigleche Moossnamen äusseren. Esou ass dat mat Drëttlänner…

Illustratioun: © Marvin Meyer / unsplash

Related topics Covid19, England, Fluchverkéier, Groussbritannien, Lockdown, London, Luxair
Next post Previous post