Search

You may also like

surprise
Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland
Neiegkeeten

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,

21 Kanouneschëss um Fetschenhaff
Neiegkeeten

21 Kanouneschëss um Fetschenhaff

Ouerestëpp un an opgepasst! D’Lëtzebuerger Arméi huet um Sonndeg 21

money
Finanzsommet zu Bréissel
Neiegkeeten

Finanzsommet zu Bréissel

Nom Austrëtt vu Groussbirtannien aus der Unioun, gëllt et eng

Wéi Luxair 40 Joer un Errongenschafte fir d’Salariéen ewechgeheie wëll

Wéi Luxair 40 Joer un Errongenschafte fir d’Salariéen ewechgeheie wëll

Nodeems d’Gewerkschafte vum LCGB, OGBL an NGL-SNEP sech um 20. August an 3. September mat der Generaldirektioun vu Luxair zesummegesat hunn, fir en Zukunftsplang opzestellen, trëppelt d’Fluchgesellschaft elo de Sozialdialog mat Féiss a verspott déi sektoriell Tripartite. D’Gewënner vun iwwer 40 Joer an zuelräich Virdeeler fir d’Aarbechter sinn a Gefor.

Bei der leschter Versammlung huet Luxair nämlech säin Aktiounsplang presentéiert, dee scheinbar guer net mat de viregen Diskussiounen iwwereneestëmmt an déi sozial Errongenschafte vun de Salariéen a Gefor bréngt. D’Syndikater stellen sech géint d’Fuerderunge vun der Generaldirektioun.

Obwuel säitens de verschidden Organisatiounen en Zukunftsplang presentéiert ginn ass, deen d’Aarbechtsplaze bäibehalen an d’Aarbechter schütze soll, beweist Luxair kee gudde Wëllen a stellt sech queesch fir weider Diskussiounen a Verhandlungen anzegoen. Esou gëtt de Sozialdialog, dee jo eigentlech vun de Ministere Bausch a Kersch ugefrot fir e konstruktiivt Gespréich ze féieren, komplett mat Féiss getrëppelt.

„D’Generaldirektioun ass, mat senger arroganter an oniwwerluechtener Aktioun, Deel vun enger totaler Geréngschätzung géigeniwwer dem Personal an trëtt eise Model vum Sozialdialog mat Féiss“, erklären d’Syndikater an hirer Matdeelung. De Modell vun der Tripartite huet schonn iwwert Joerzéngten dozou bäigedroen ekonomesch Krisen ze iwwerstoen an d’Existenz vum concernéierte Personal ze schützen. Elo dreet een déi ze schiedegen, déi wärend der Pandemie mat Engagement a Motivatioun fir e ganzt Land geschafft hunn.

[blockquote author=”” style=”2″]e Lëtzebuerger Sozialmodell ass déi eenzeg méiglech Äntwert op d’Erausfuerderunge vun der aktueller Kris![/blockquote]

Vun de gewerkschaftlechen Organisatioune goufe folgend Moossname proposéiert:

  • D’Aarbechtsgarantie besteet wärend dem Plang;
  • D’Entreprise dierf keng Kënnegung aus net-inherente Grënn ausdeelen;
  • Den Ausbau vum partielle Chômage als anti-Krisen-Instrument;
  • Asaz vun enger Cellule de Reclassement (CDR), sou datt d’Aarbecht vun de Salariéen erhale bleift an d’Aarbechtsmaartfäegkeet duerch eng intern Formation Continue bäibehale gëtt;
  • D’Zeréckgräifen op dat temporäert zur-Verfügung-Stelle vun Aarbechter, déi duerno nees d’Recht drop hunn, bei hir al Plaz zeréckzekommen;
  • Recht op Prepensioun a progressiv Prepensioun, wouduerch hiert Wësse valoriséiert gëtt a si dëse Know-How och bei Formatioune vermëttele kënnen;
  • D’Opstelle vun engem Comité de Suivi um Niveau vun der Entreprise, an där och d’Personaldelegatioun an d’Syndikater dra sinn, sou wéi e Comité de Suivi um Niveau vun der sektorieller Tripartite fir de Fortschrëtt vun de verschidden Elementer am Plang ze verfollegen an am Eeschtfall ajustéieren ze kënnen.

Verdéift a seng Selbstgefällegkeet schéngt d’Generaldirektioun vu Luxair de ganzen Ensembel vu Praktiken a Virdeeler fir Aarbechter iwwert Bord geheien ze wëllen, déi wärend 40 Joer erschafft gi sinn, sou datt ënnert anerem den 13. Mount wärend 3 Joer ewechfält, d’Congésdeeg op e legale Minimum reduzéiert ginn an och d’Primme fir Poste mat besonnescher Responsabilitéit entfalen.

Déi aktuell Kris riskéiert déi schlëmmst sozial Kris fir d’Salariée vu Luxair ze ginn. De Staat ass direkt an indirekt Aktionär iwwert méi wéi 70 %, wouduerch een fir d’Reunioun um 17. September 2020 op d’Ënnerstëtzung vun de Ministere Bausch, Kersch a Gramegna hofft, sou datt de globale Plang fir d’Zukunft vum Lëtzebuerger Aviatiouns-Secteur finaliséiert ka ginn.

An dësem Kader ruffen d’Gewerkschaften zu engem Protestpiquet op. En Donneschdeg, de 17. September 2020 sinn um 8:00 Auer d’Mataarbechter vu Luxair op d’Europaplaz um Kierchbierg invitéiert, fir géint dat arrogant Verhale vun der Generaldirektioun ze demonstréieren.

Related topics Arroganz, Errongenschaften, Generaldirektioun, LCGB, Luxair, NGL-SNEP, Nodeeler, OGBL, Pandemie, Protestpiquet, Salarié, Sozial Kris, Sozialdialog, Tripartite, Virdeeler
Next post Previous post