Search

You may also like

Lëtzebuerg gënnt sech en A400M
Neiegkeeten WTF

Lëtzebuerg gënnt sech en A400M

Déi Lëtzebuerger Arméi besëtzt zanter Abrëll e Militärfliger vum Typ

Den Hausspatz: Eise Vull vum Joer 2020 geschwënn op der Rouder Lëscht?
Neiegkeeten WTF

Den Hausspatz: Eise Vull vum Joer 2020 geschwënn op der Rouder Lëscht?

Bal jiddweree kennt eise gefierderte Kolleg, deem säin Numm och

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing
Neiegkeeten WTF

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Wien sech dës „schwaarz Séil“ ausgeduecht huet, dee geet och

surprise

Luxair flitt elo awer net méi op London

Luxair flitt elo awer net méi op London

Esou séier wéi sech säit dem Samschdeg d‘Informatiounslag verännert, kann ee guer net schreiwen. Nodeems déi brittesch Regierung de Weekend beschloss huet, wéinst enger Covid19-Mutatioun de Süde vun England an d‘Haaptstad ze confinéieren, dréinen d‘Regierungen nees op der Felg an dat féiert natierlech zu eppes Kakophonie. Mee net nëmmen d‘Politik ass eppes „gereizt“.

Op Nofro hat d‘Luxair-Direktioun ee Samschdeg nach gudde Gewëssens matgedeelt, datt sech um Fluchplang, bezunn op London, virleefeg näischt géif änneren an ee bis den 23. Dezember esou wéi vum Fluchplang virgesi géif fléien. Gëschter Owend dann, huet LuxAirport via Twitter annoncéiert, datt de Fluchverkéier tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien fir 24 Stonnen ausgesat ginn ass.

Luxair

Vu Luxair gouf et dozou fir den Ament nach keng Stellungnam. Et ass och net gewosst, op duerch d‘Decisioun elo Lëtzebuerger Residenten zu London blockéiert sinn a falls, wat fir dës Leit virgesi gouf. D‘Decisioun gëtt am gemeinsame Communiqué vum Aussen- an dem Transportministère bestätegt. Et wier ee preventive Schratt, well nach keng wëssenschaftlech Erkenntnisser virleien.

Ëm d‘Erkenntnisser betreffend d‘Covid19-Mutatioun „VUI2020/12/01“ muss sech dann awer nees de Gesondheetsministère këmmeren. Bis ewell ass just gewosst, datt dësen sech eppes méi zügeg verbreet an och méi hannerlëschteg ass. Et wier awer „sécher“ datt de Vaccin vu Pfizer/Biontech sech och dëser Mutatioun kéint unhuelen. Suerge mécht just Vitesse mat där e sech verbreet.

Illustratioun: © Artur Tumasjan / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Mutatioun, Grenzschléissung, London, Luxair, LuxAirport
Next post Previous post