Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München
https://moien.lu/dating-sites-linked-to-instagram/ https://moien.lu/bent-hook-up/

dating sites czech republic

Ufank Abrëll war d’Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär

china hookup
https://moien.lu/dating-sites-linked-to-instagram/ https://moien.lu/bent-hook-up/

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi

What the Fakt – Haut ass Games Day!
https://moien.lu/dating-sites-linked-to-instagram/ https://moien.lu/bent-hook-up/

What the Fakt – Haut ass Games Day!

Et ass ee kuriéise Feierdag, ganz am Zeeche vun de

LuxCon 2019: Loosst iech net fléiwen an kommt op de Festival vun der Imaginatioun

Den 13. an 14. Abrëll am Forum Geesseknäppchen

LuxCon 2019: Loosst iech net fléiwen an kommt op de Festival vun der Imaginatioun

De Fall gesat dir hutt iech fir dëse Weekend nach keng virgeholl, Sci-Fi an/oder Fantasy gehéieren zum Weltbild, oder dir wollt béides schonn ëmmer emol kenneléieren, da kënne mir iech d‘LuxCon 2019, déi am Forum Geesseknäppchen (40 bd. Pierre Dupong) stattfënnt an vun der Science Fiction & Fantasy Society Lëtzebuerg organiséiert gëtt nëmmen un d‘Häerz leeën.

D’LuxCon ass eng Konventioun no angelsächsege Modell, déi der stänneg wuessender Populatioun vu Fans, Geeks an Nerds d‘Méiglechkeet gëtt fir hier Liiblingsbicher, Sendungen, Spiller, Filmer etc. ze feieren. An et ass garantéiert fir jiddereen eppes derbäi: esou gëtt et Liesungen an Interviews fir Literaturfrënn, Atelieren an Diskussioune fir Genre-Fans oder déi wou et wëlle ginn.

Et gëtt masseg Verkafsstänn fir d’Sammler, Kënschtler stellen hei hir Wierker aus, Zeechner bidden hir Wierker un, Auteure sinn natierlech och op der Platz fir iwwert hir Wierker ze fachsimpelen. Dat ass natierlech net alles. Esou gëtt et z’iessen an ze drénke vun hire „Frënn“, déi mat hire Foodtrucks um Parvis garantéiert déi passend Auswiel parat halen. Et sollten hei keng Wënsch oppe bleiwen.

An deene leschte Joren hunn sech ëmmer esou ëm déi 5.000 Jonker, a Jonk gebliwwener, fir dëse besonneschen Event interesséiert. D‘Plaz selwer ass jo och beschtens fir d‘LuxCon konfiguréiert, a wierklech gutt Accessibel. Wann et ëmmer besser ass mam ëffentlechen Transport unzereesen, esou gëtt hei net wierklech Stress mat Parking, zudeem och de P&R „Bouillon“ a Proximitéit ass.

Virwëtzeg an awer nach net ganz iwwerzeegt? Ma et gëtt d‘Méiglechkeet sech vum ganzen e Bild ze maachen: Ftoen, en Abléck an den Programm an weider Informatiounen zur LuxCon fannt der um www.luxcon.lu oder op Facebook www.facebook.com/LuxConvention.

Dëst Joer dierft besonnesch d‘Participatioun vun den Autoren: Elizabeth Bear (Nebula an Hugo Award Gewënnerin); Scott Lynch (British Fantasy Award an Prix Imaginales Gewënner); Judith C. A Christian Vogt (Däitsche Phantastik Präis an Däitsche Rollespillpräis Gewënner) fir d‘Fan vun Interessi sinn. Soss nach mat dobäi:

  • Aliette de Bodard (Nebula an British Science Fiction Association Awards Gewënnerin, an 2019 direkt fir zweeHugo Awards nominéiert);
  • Adrian Tchaikovsky (Arthur C. Clarke an British Fantasy Award Gewënner);
  • Tom Hillenbrand (Friedrich-Glauser Preis, Kurd-Laßwitz Preis Gewënner a Chevalier de l’Ordre de la Couronne de Chêne);
  • Dirk van den Boom (Deutscher Science Fiction Preis Gewënner);
  • Peadar Ò Guílin (European Science Fiction Society Achievement Award Gewënner an dëst Joer fir The Invasion fir den Lodestone Award nominéiert);
  • InuNeko (Holland), Battleangel (Däitschland) an DM Cosplay (Lëtzebuerg).

Heizou kommen eng Rei lokal, regional, an international Gäscht aus der Literatur, den Comics an BD, Cosplay, Konscht, an Science Fiction an Fantasy Zeenen. Wéi e gesäit hunn d‘Organisateuren sech riedlech beméit e „fantastesche“ Weekend ze organiséieren. Also drun denken, an net vergiessen d‘Krapperten an d‘Knetzele matzehuelen… D‘moien.lu-Redaktioun wënscht e flott Fest.

Ähnlech Sujeten Comic, Cosplay, Fantasy, LuxCon, Science Fiction, Science Fiction & Fantasy Society Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel