Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar
Kultur Neiegkeeten

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar

Bagdad zelebréiert d‘Befreiung vun Tal-Afar, eng vun de leschte vum

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung
Kultur Neiegkeeten

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

Zanter bal 20 Joer setzen d‘CGFP an d‘Fédération Génerale de

D’Sara an de kanadeschen Dram
Kultur Neiegkeeten

D’Sara an de kanadeschen Dram

Ee friemt Land, eng aner Kultur, 6000 Kilometer an den

LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun

LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu
LuxDidac 2019 – Eng léierräich Foire zur Educatioun
© Martine de Lagardère/moien.lu

Um vergaangenen Dënschdeg ass am Forum Geesseknäppchen D’Ausstellung fir innovatiivt a bewäert Schoulmaterial LuxDidac opgemaach ginn. Mat praxisbezunnenem Schoulmaterial a Methode fir de Cours, sou wéi enger Rei pädagogesche Formatioune kréien d’Enseignanten hei d’Méiglechkeet, hire professionellen Horizont ze erweideren an d’Neiegkeeten aus dem Secteur hautno gewisen ze kréien.

Déi 24. Editioun vun der LuxDidac, déi zesumme mat der Feduse Enseignement/CGFP a vum SNE/CGFP organiséiert gëtt, huet, nach virun der offizieller Ouverture um Owend a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch, mat enger Konferenz vum nationale Syndikat vun den Enseignanten ugefaangen.

Dobäi huet een vir unzefänken, d’Gäscht häerzlech begréisst, an op de Choix vum Site opmierksam gemaach. De Forum Geesseknäppchen ass nämlech quasi den Zentrum vum Campus, deen divers Lycéeën a Schoule regruppéiert.

LuxDidac 2019

Patrick Remakel, President vum SNE/CGFP © Martine de Lagardère/moien.lu

D’Bildung op éischter Plaz

Als kuerz Erklärung besteet d’Aufgab vum SNE/CGFP doran, d’Rechter a Meenunge vu senge Memberen ze representéieren an ze verdeedegen. An dësem Kader erwaart ee sech eng konstruktiv Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère fir dëst Schouljoer. Dobäi huet de Syndikat direkt ënnerstrach, datt sech un hire Fuerderungen zum Lëtzebuerger Bildungssystem näischt geännert huet.

De Patrick Remakel, President vum SNE/CGFP huet dobäi ënnert anerem déi iwwerstierzt Reformen ervir gehuewen, déi zwar an der Theorie funktionéieren, allerdéngs an der Praxis net bis an den Detail ëmgesat gi sinn. Donieft ass et ëm d’Vertraue gaangen, wat souwuel d’Kanner an d’Enseignante mussen hunn, sou wéi och d’Enseignanten an de Ministère, hir Aarbecht an d’Reformen. Dofir muss d’Gesellschaft de Beruff nees méi unerkennen.

Weider goung et mam Conseil Supérieur de l’éducation, dee fir d’Revalorisatioun just liicht reforméiert misst ginn. De Syndikat leet d’Verantwortung vun der Bildungspolitik komplett an d’Hänn vum Ministère a fuerdert d’Abezeie vun de representative Gewerkschaften.

De Studium am Aus- an Inland

D’Majoritéite vun de Studenten, déi spéider am edukative Beräich schaffe wëllen, ginn an d’Ausland. Duerch divers Reformen an eisen Nopeschlänner ass et dofir ëmsou méi wichteg, datt d’UNI.lu hir Kapassitéite vun de Bachelor-Studiegäng erweidere géif sou datt méi jonk Persounen de Beruff direkt am Land studéiere kënnen.

Dobäi geet et net eleng ëm d’Zuel vun de Studente mee och ëm d’Inhalter vum Cours an d’Philosophie vun der Ausbildung. De Studium soll nees méi réalitéitsno ginn, woubäi och Stagen mat essentiellen Themen, wéi der Elterenaarbecht, administrativen Tâchen oder Konfrontatioun mat Gewalt geniert musse ginn.

Wa mir beim Thema Stage bleiwen, sollt awer och ervir gehuewe ginn, datt den SNE/CGFP sech zefridde weist, datt de sougenannte Stage d’Insertion Professionnelle adaptéiert ginn ass an dës praktesch Aarbecht esou ee méi héije Wäert kritt.

Dobäi kënnt, datt an de leschte Joren déi theoretesch Konzepter oft iwwert der Didaktik stoungen. Et ass allerdéngs grad an dësem Beruff wichteg ze wëssen, wéi een d’Inhalter mat de pedagogesch-didaktesche Moyenen de Schüler méi no ka bréngen.

LuxDidac 2019

(v.l.n.r.) Claude Schmit, Member; Gilles Glesener, Sekretär; Patrick Remakel, President; Jean Kasel, Sekretär; Vanesse Schetgen, Member © Martine de Lagardère/moien.lu

Kodéieren an der Grondschoul?

Wéi de Ministère ugekënnegt huet, soll d’Kodéieren an de Grondschoulen agefouert ginn. Dobäi kommen allerdéngs Froen op, ob et zum eegestännege Schoulfach soll ginn oder an aktuell Fächer abezu gëtt. Mussen d’Enseignanten heivir eng Formation Continue maachen a wéi kënnen d’Schoulen iwwerhaapt déi noutwenneg Infrastrukturen ëmsetzen?

Froen iwwer Froen, op déi bis ewell nach keen eng Äntwert krut.

Heizou gehéiert d’Aféierung vun de sougenannte spezialiséierten Enseignanten an digitale Kompetenzen (I-CN). An dësem Kader fuerdert de Syndikat datt dëst spezialiséiert Personal och eng „Tâche d’einseignement direct“ vun 23 Stonne mat Kanner huet, ouni datt si an de Contingent mat agerechent ginn.

De Manktem u Léierpersonal

Fest steet, datt Lëtzebuerg ee massive Manktem u Léierpersonal huet. Dofir brauche mir – esou de Syndikat – méi Méiglechkeete fir Quereinsteiger. Momentan gräift een ëmmer erëm op Leit mat engem Bachelor zeréck, déi een eenzegt Schoulfach besetzen. Nëmmen a Situatioune, wou net genuch diploméiert Schoulmeeschtere verfügbar sinn, soll op Quereinsteiger zeréck gegraff ginn.

Dofir muss de Beruff nees méi attraktiv presentéiert ginn. Jonk Leit sollen sech mat Motivatioun a Freed fir dës Professioun entscheeden.

An den Ae vum SNE/CGFP ass ee Grond vun de jonke Studenten, sech géint dëse Beruff ze entscheeden, den administrativen Opwand, deen ëmmer méi grouss gëtt. Primär Missioun sollt et sinn, Schoul ze sinn, wouduerch den administrativen Opwand reduzéiert muss ginn.

LuxDidac 2019

Vanesse Schetgen, Member vum Syndikat © Martine de Lagardère/moien.lu

Inclusioun vun alle Kanner

Ee weidere Problem besteet doran, datt Kanner mat Léierschwieregkeeten an/oder Verhalensstéierungen oft eleng gelooss ginn. Der Syndikat ass der Meenung, datt d’Inclusioun vun alle Schüler extra Ressource benéidegt. An dësem Kader sollt ee probéieren d’Léierschwieregkeeten a Verhalensstéierungen net mateneen ze vermëschen, mee vuneneen ze trennen.

D’Zuel vu Kanner mat Léierschwieregkeete geet weiderhin an d’Luucht. D’Problemer musse vill méi fréi erkannt ginn, sou datt déi noutwenneg Moossnamen ergraff kënne ginn. Bei de verhalensgestéierte Kanner wier et wichteg schoulintern Strukture mat Infirmieren, Assistants sociaux an Educateurs Graudés ze schafen.

Sollten all dës Moossname keng Hëllef weisen, dat mussen d’Kanner vu schoulexterne Strukturen opgefaangen a betreit ginn. Hei kéinte beispillsweis Therapien déi néideg Ressourcen a Kompetenze bidden, fir nees un engem inklusive Cours deelhuelen ze kënnen.

Zur LuxDidac

D’LuxDidac 2019 fënnt haut nach vun 13:30 bis 18:30 Auer am Forum Geesseknäppchen statt. Am Ganze sinn 30 national an international Aussteller op der Plaz fir neit Material ze presentéieren a kennenzeléieren, sou wéi Workshops an Atelieren ze organiséieren.

Déi didaktesch Foire riicht sech un Enseignanten, Educateuren, Elteren a Schüler. Zënter 24 Joer gëtt d’LuxDidac zur Schoulrentrée lancéiert.

Een Abléck an d’LuxDidac 2019 kritt Dir iwwregens uewen an eiser Billergalerie!

Ähnlech Sujeten Enseignant, Forum Geesseknäppchen, LuxDidac 2019, Schoul, SNE-CGFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel