Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!
Neiegkeeten

Léif Nopeschlänner, kiert emol virun Ärer eegener Dier!

Nodeems de Covid-19 zu Lëtzebuerg ukomm ass, huet d’Regierung schnell

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!
Neiegkeeten

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!

An de vergaangenen Deeg konnten d’Beamten vun der Douane ee

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt
Neiegkeeten

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt

Um Donneschdegowend, während sech den Emmanuel Macron an de Xavier

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

D‘Asbl LAR verhandelt grad déi nei Konventioun mam Staat a geséich gären eppes weider Geld

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass säit 1991 feste Bestanddeel vum SAMU, dee jo elo dem CGDIS ënnerstallt ass. Den LAR setzt all Dag zwee Helikopter an, dat am Kader vun enger Konventioun déi soll nei verhandelt ginn. Et geet hei ëm d‘Erhéijung vun de Subsiden.

Et ass gewëss en diskrete Service, deen d‘Air Rescue am Kontext vu senge „SAMU-Missiounen“ leescht, mee een esou noutwenneg wéi wichtegen. Mat 736 Asätz 2018, wat ëm déi 350 Fluch-Stonnen ausgemaach huet, gesäit een awer wéi dës Déngschtleeschtung gebraucht gëtt. Säit elo bal dräi Joerzéngten (déi éischt Konventioun gouf den 1. November 1991 ënnerschriwwen) besteet dës Bezéiung. Zanter 1993 gëtt et iwwregens eng zweet Konventioun mat der Gesondheetskeess.

Leider gëtt alles méi deier, och den LAR firwat et elo néideg ass den operationelle a finanzielle Volet vun dëser Konventioun ze iwwerschaffen, respektiv nei ze bewäerten. Am pluriannuelle Budget vum Staat, sinn den Ament 735.000 Euro d‘Joer bis 2023 virgesinn. Mee de Kerosin gëtt méi deier an d‘Personalkäschte klammen och, firwat dëse Betrag net méi de Realitéiten um Terrain entsprécht an no uewe misst rektifizéiert ginn. Finanzproblemer awer huet den Air Rescue keng.

Um Enn muss d‘Rechnung opgoen

Bezitt ee sech op de Joresbericht 2018, dann huet d‘Air Rescue konsolidéiert Einnamen an héicht vu 37,8 Milliounen Euro verbucht. Heivunner goufen 9,5 Milliounen Euro mat de Missioune vun de sechs Helikopter generéiert. Eppes verstéierend: aus dem Joresbericht ass wéineg – fir net ze soe guer näischt – iwwert d‘Ausgaben a wéi se sech presentéieren nozeliesen. Déi dierften awer – hei si schliisslech Fachleit ënnerwee an och den Ënnerhalt vum Material dierft deier sinn – héich leien.

Am Inneministère ass ee mat dëser Zesummenaarbecht ganz zefridden. D‘Air Rescue wier ee vun den zouverlässege Partner an d‘Qualitéit vun der Déngschtleeschtung entsprécht den héijen Uspréch déi esou e Service huet. Mat der Aféierung vum CGDIS (Juli 2018) hu sech e puer Parameter geännert an zanter dem Summer huet de SAMU véier Asaz-Standuerter. Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Hesper an d‘Stad Lëtzebuerg. D‘Helikopter sinn zu Ettelbréck an an der Stad „stationéiert“.

Et kann ee sech dann och sécher sinn, datt all déi un de Verhandlunge bedeelegt Acteuren, am Interessi vun de Patienten an de Partner, wäerten zu enger gudder Léisung bäidroen. Dat kann sech nach en Ament hinzéien, schliisslech sollt richteg gerechent ginn. Ob et nach virum Joresenn gekläert ass, oder ee sech muss bis an de Januar gedëllegen ass hei net grondsätzlech relevant. Et geet drëms déi richteg Entscheedung ze treffen, an fir esou eppes sollt ee sech och Zäit huelen.

Foto: © Luxembourg Air Rescue

Ähnlech Sujeten CGDIS, Inneministère, Konventioun, LAR, Luxembourg Air Rescue, SAMU, Subsid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel