Search

You may also like

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!
Neiegkeeten

Beaufort Knights: Net nëmmen eng weider Victoire gouf gefeiert!

No der phenomenaler 10-4 Victoire vun de Beaufort Knights géint

D‘ADEM zitt de Bilan an de Minister begréisst d‘Engagement vun der Institutioun
Neiegkeeten

D‘ADEM zitt de Bilan an de Minister begréisst d‘Engagement vun der Institutioun

Um Dënschdeg huet d‘ADEM zesumme mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP)

Orange Week 2019: Hand an Hand um Knuedler
Neiegkeeten

Orange Week 2019: Hand an Hand um Knuedler

Passend zur Orange Week 2019, déi vum 25. November bis

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten

Op Demande vun de franséischen Autoritéiten setzt sech d’Flotte vun der Luxembourg Air Rescue (LAR) aktiv an de Missioune vum Rapatriement vun de Covid-19-Patienten aus dem Grand Est an. Ma, d’Ekipp huet elo direkt e puer gutt Nouvellen.

Gëschter huet een Helikopter vun der LAR den Transport vun engem geheelte Patient tëscht dem Ettelbrécker Spidol an der Stad Colmar erméiglecht. Parallel dozou konnt per Fliger ee Rapatriement tëscht Éisträich an Frankräich organiséiert ginn.

Fir haut sinn dräi weider Missioune fir d’LAR geplangt, dovunner zwee Asätz u Bord vum Learjet 45XR. D’Fligeren starte jeeweils zu Magdeburg a fléien dann op Metz, respektiv Saarbrécken. Den drëtten Asaz gëtt mat Hëllef vum Helikopter MD902 tëscht Mainz a Mülhausen gemaach.

Opmaacherbild: Learjet45XR © Luxembourg Air Rescue

Related topics Coronavirus, Covid-19, Däitschland, Frankräich, Grand Est, LAR, Learjet45XR, Luxembourg Air Rescue, MD902, Patient, Rapartiement, Réckféierung
Next post Previous post